De François (Franz) Gillen, gebuer den 10. Juni 1914 zu Iechternach a gestuerwen den 3. November 1997 an der Zithaklinik an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Zeechner, Moler, Sculpteur a Createur vu Vitrailen a Mosaicken.

François Gillen
Gebuer 10. Juni 1914
Iechternach
Gestuerwen 3. November 1997
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Zeechner, Sculpteur

De François Gillen huet vun 1945 un a Frankräich gelieft. Hien huet och Mosaicken a Kierchefënsteren, ë. a. vun der Iechternacher Basilika geschaaft. Vun him ass och d'Monument vun der nationaler Solidaritéit um Kanounenhiwwel an der Stad Lëtzebuerg.

1948 huet hien, zesumme mat de Kënschtler Victor Jungblut, Joseph Probst a Lucien Wercollier am Cercle municipal an der Stad um éischte Salon de la Nouvelle Équipe ausgestallt[2]. Hie war 1954 ee vun de Grënner vun den Iconomaques.

A senger Sëtzung vum 24. Abrëll 2023 huet den Iechternacher Gemengerot eng Strooss an der "Mëttelkrunn" nom Franz Gillen benannt: "rue François Gillen".[3]

Wierker änneren

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • BIL et Cahiers Luxembourgeois (éds), 1995. François Gillen un artiste. Echternach eine Stadt. Luxembourg, 93 S. ISBN 2-919976-19-2
  • Bour, Roger, 2000. Portraits: Wer ist wer in Luxemburg? Impr. Saint-Paul, Luxembourg, 317 S. [Gillen François: S. 81].
  • Courthion, Pierre, 1978. François Gillen. Paris: Musée de poche, Luxembourg, Bourg-Bourger, 109 S.
  • Eischen, Linda, 2008. François Gillen. Ons Stad 89: 77-79. (An der Serie: La Collection Luxembourgeoise du musée national d'histoire et d'art). PDF.
  • Hausemer, Georges, 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A-Z. 1. Auflage. Luxembourg, Editions Binsfeld, 479 S. [Gillen François: S. 142].
  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 20-21)
  • Mosar, Christian, 2014. François Gillen (1914-1997). « Peintre architectonique ». Die Warte 19|2440 vum 19. Juni 2014, S. 4-5.
  • Spang, Paul, 1995. Mit Franz Gillen durch Echternach und seine Geschichte. In: BIL et Cahiers Luxembourgeois (éditeurs): François Gillen, un artiste. Echternach, eine Stadt. Luxembourg, S. 57-87. (id. in: Les Cahiers luxembourgeois 1995 (3), S. 56-87).
  • Spang, Paul, 1997. François Gillen, 10. Juni 1914 – 3. November 1997. In: Epternacum. Les Cahiers luxembourgeois 1997, N° spécial, S. 65-66.
  • Theis, Marc & Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, S. 36-37.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. État civil, Stad Lëtzebuerg, Stierfakt N° 1252 vum 3. November 1997.
    De Franz Gillen war zu Iechternach am Altersheem "Belle-Vue", mee hien ass net zu Iechternach gestuerwen, wéi dat beim Roger Bour (2000), am „Luxemburger Lexikon“ (Hausemer 2006) oder an engem Artikel vum Linda Eischen (2008) steet; cf. Massard, J.A., 2020. Echternach : Réhabilitation d'une sculpture de François Gillen.
  2. Luxemburger Wort vum 22. Mee 1948, S. 2 (Link)
  3. Gemeinderatssitzung vom 24.04.2023. In: Eechternoacher Gemäneblatt 06/2023, S. 5. Kuck och: Eine Skulptur von Franz Gillen im Eingang des Erholungszentrums. In: Eechternoacher Gemäneblat 12/2020, S.13.
  4. Pour leurs mérites dans le domaine culturel op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022