Lëtzebuerg-Effekt

ionosphäresch Kräizmodulatioun tëscht zwéi Radiosenderen

De Lëtzebuerg-Effekt ass an der Funktechnik eng Aart ionosphäresch Kräizmodulatioun tëscht (op d'mannst) zwéi Radiosenderen, absënns am Beräich vun der Laang- a Mëttelwell. De Lëtzebuerg-Effekt mécht sech doduerch bemierkbar, datt de Radiosprogramm vun engem Laang- oder Mëttelwellesender schwaach am Hannergrond vun engem anere Sender ze héieren ass.

Nodeems de staarke Laangwellesender vun RTL an den 1930er Joren iwwer de Sender vu Jonglënster a Betrib goung, konnt ee beim Ëmfang vum Schwäizer Mëttelwellesender Beromünster heiansdo de Programm vu Radio Lëtzebuerg am Hannergrond héieren, obscho béid Sendere ganz verschidde Frequenzen – an esouguer ënnerschiddlech Bänner – benotzt hunn.

De Lëtzebuerg-Effekt gouf 1933 vu Bernard Tellegen[1] an 1934 vum Victor Albert Bailey an David Forbes Martyn beschriwwen.

Literatur

änneren
  • Александр В. Гуревич: К теории кроссмодуляции радиоволн. An: Известия высших учебных заведений. Радиофизика. Bd. 1, Nr. 5/6, 1958, ZDB-ID 164117-7, S. 17-28, (An englescher Sprooch: The theory of cross-modulatioun of radiowaves (= NASA Technical Translation. F-259, ISSN 0499-9355). National Aeronautics and Space Administration, Washington DC 1965, (Digitalisat)).

Referenzen an Notten

änneren
  1. Bernard D. H. Tellegen: Interaction between Radio-Waves? In: Nature. Bd. 131, 1933, S. 840–843