Charles Metz

lëtzebuergesche Jurist, Politiker a Journalist

De Charles Gérard Emmanuel Metz, gebuer de 6. Januar 1799 an der Stad, a gestuerwen de 24. Abrëll 1853 zu Dikrech, war en Affekot, Politiker a Journalist.

Charles Metz
Gebuer 6. Januar 1799
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. Abrëll 1853
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit vu Léck
Aktivitéit Politiker, Journalist, Affekot
Famill
Geschwëster Norbert Metz, Auguste Metz

Hie war an der Zäit ee vun de brillantste Journalisten am Lëtzebuerger Land. Hien hat e grousse politeschen Afloss a war vun 1848 bis zu sengem Doud, 1853, President vun der Chamber.

Hie war den eelste vun den 3 Bridder Metz: Charles, Norbert an Auguste. 1827 huet hien d'Justine Vannérus (1808-1849), d'Duechter vum Dikrecher Nottär François-Julien Vannerus, bestuet mat där hie siwe Kanner hat.

Um Spaweck änneren