D' Pravčická brána (de: Prebischtor) ass eng natierlech Bréck aus Sandsteen an der Béimescher Schwäiz, op der tschechescher Säit vum Naturpark Béimesch-Sächsesch Schwäiz.

Vue op d'Pravčická brána
D'Paart am Hierscht

Si ass als Naturmonument klasséiert an ass déi gréisst vun hirer Zort an Europa. Si huet eng Spanwäit vu 26,5 m, ass 16 m héich, 8 m breet an de Bou huet eng Déckt vun 3 m.

1826 gouf niewendrun e Wiertshaus opgeriicht. 1881 huet de Fürst Edmund vu Clary-Aldringen sech do den Hotel "Falkennest" (tschechesch: Sokolí hnízdo) mat 50 Better opriichte gelooss.

Bis 1982 konnt een iwwer d'Bréck goen; wéinst der staarker Erosioun duerch d'Getrëppels ass dat awer zanterhier net méi méiglech. Den Terrain vun der Pravčická brána ass zesumme mam Hotel a Privatbesëtz an et muss een Entrée bezuelen, fir dohin ze kommen.

Vu Hřensko aus féiert e Wanderwee dohinner.

Trivia änneren

E puer Landschaftsopname vum Film The Chronicles of Narnia: The Lion, the Witch and the Wardrobe (2005) goufen do gedréint. Am Film goufen d'Schauspiller an d'Zeen, mat CGI, akopéiert, wéi wa s'iwwer d'Paart géifen trëppelen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pravčická brána – Biller, Videoen oder Audiodateien