Vincent Wiesenbach

éischte Lëtzebuerger Pilot
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Vincent Wiesenbach, gebuer de 4. Abrëll 1880 zu Dikrech, déidlech verongléckt den 11. Juni 1911 zu Wiener Neustadt (Éisträich), war e lëtzebuergesche Pilot a Pionéier vun der internationaler Aviatioun.

Vincent Wiesenbach
Gebuer 4. Abrëll 1880
Dikrech
Gestuerwen 11. Juni 1911
Wiener Neustadt
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Pilot
Famill
Geschwëster Jacques Wiesenbach
De Vincent Wiesenbach viru sengem selwer gebaute Fliger, kuerz viru sengem leschten déidleche Fluch
De Bridder Wiesenbach hire Fliger am Hangar op der Semaine d'aviation zu Munneref, am Juni 1910.

De Vincent Wiesenbach war den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin. Iwwer hien huet d'Amicale vun de fréiere Piloten, Vieilles Tiges, déi vun engem anere Pionéier, dem Lou Hemmer, 1979 gegrënnt gouf, an haut de Camille Montaigu als President huet, fläisseg recherchéiert. Et geet doraus ervir, datt de Vincent Wiesenbach am Mäerz 1910 zu Cannes a Frankräich seng Pilotelizenz krut. Si hat d'Nummer 51 no der Nomenclature vun der franséischer Aviatioun, e Joer nodeem Frankräich de Piloteschäin agefouert hat (1909). Virdrun, 1908 an 1909, war de Vincent Wiesenbach Mecanicien zu Le Mans bei de berüümte Bridder Wright, déi 1903 als éischt e kontrolléierte Fluch realiséiert haten.

De Vincent goung duerno an Éisträich an huet do déi jong Aviatioun vu senge Pionéiererfarunge profitéiere gelooss. Zu Wiener Neustadt ass hien do den 11. Juni 1911 op engem Fluchmeeting mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt. Säi Graf ass erëmfonnt ginn an d'Amicale Vieilles Tiges huet Dispositioune geholl, datt hien a säi Graf a gudder Erënnerung bleiwen.

De Vincent Wiesenbach hat e Brudder, de Jacques Wiesenbach, deen och e Pionéier vun der Aviatioun war an deen 1910 op engem Fluchmeeting zu Munneref déi éischt Fluchversich virgefouert huet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Literatur änneren

  • an der Revue (Zäitschrëft) 1946 Nummer 15 Säit 309: E Besuch vun der Revue beim Brudder vum Vinzenz Wiesenbach (mat 3 Fotoen)