Parkauer
Eng Parkauer (och nach Parkmeter oder Parkometer) ass eng mechanesch oder elektronesch Auer op engem Sockel am ëffentleche Raum, déi op enger Skala d'Zäit uweist, wéi laang ee parken däerf, nodeems een eng Tax bezuelt huet[1].
Fonctionnement
ännerenEng Parkauer steet gemenkerhand op engem Parking oder bei Parkplazen, déi laanscht d'Strooss ugeluecht sinn. Doduerch, datt een eng Mënz oder e spezielle Stong an d'Auer stécht, fänkt eng Minuterie un ze lafen, déi dann uweist wéi laang een nach op där Plaz parken oder stationéiere däerf. Bei méi moderne Parkauere kann een och iwwer SMS oder mat enger Kreditkaart bezuelen.
Bei den eeleren Aueren huet een nom Awerfe vun de Suen en Hiewel drécke missen, fir d'Minuterie un d'Lafen ze kréien.
En rezente Modell vu Parkauer, deen an der Stad Lëtzebuerg a Gebrauch ass, ass eng Sail déi um Trëttoir steet an déi iwwer e Sensor erkennt wa sech en neit Gefier op d'Parkplaz stellt. Vun deem Ament un, leeft d'Minuterie an den Automobilist huet 30 Minutten Zäit fir gratis ze parken. Dës sou genannt „wäiss Parkzonen“ si Plazen, déi et erlaabt sollen, séier e puer kuerz Kommissioune maachen ze goen oder eppes an engem Geschäft an der Géigend ewech ze huelen[2].
Geschicht
ännerenParkauere goufen agefouert, fir haaptsächlech an de Stied, wou limitéiert Parkplazen zur Verfügung stinn, Suen op eng automatiséiert Manéier anzedreiwen. En Haaptzil war et, fir eng gewësse Rotatioun vun de geparkte Gefierer ze kréien an ze verhënneren, datt een an dee selwechten Auto de ganzen Dag op der selwechter Plaz stéing. Déi maximal Parkdauer déi erlaabt ass, ass gemenkerhand eng oder zwou Stonnen. A besonnesche Fäll, wou nach méi eng héich Rotatioun vun de Gefierer erreegt soll ginn, ass d'Héchstzäit och alt emol eng hallef Stonn oder nach manner.
D'Parkauer gouf héchstwarscheinlech vum US-Amerikaner Carlton Cole Magee aus dem North Dakota erfonnt. Hien huet den 13. Mee 1935 e Patent fir eng mënzgesteiert Parkauer (coin controlled parking meter) agereecht. D'Patent mat der Nr. 2.118.318 gouf allerdéngs eréischt de 24. Mee 1938 ausgestallt.
Déi éischt Parkauer gouf de 16. Juli 1935 zu Oklahoma City opgestallt a krut den Numm „Schwaarz Maria“ (black Maria). An Europa goufen déi éischt Parkauren 1952 zu Basel opgestallt, an Däitschland war et de 4. Januar 1954 wéi zu Duisburg den éischte „Parkograph” an der Strooss „Am Buchenbaum” montéiert gouf an zu Bréissel war et am Joer 1956.
Déi éischt Aueren zu Lëtzebuerg goufen de 25. Abrëll 1958 bei der Post um Piquet an an der Aldringerstrooss opgeriicht, eng Plaz wou virdru relational vill Parkverkéier war an net jidderee sech un déi maximal ausgeschëldert Parklimitt vun 30 Minutte gehalen huet[3],[4]. D'Tax déi sengerzäit do ze bezuele war, war 1 Frang fir 15 Minutten an d'maximal Parkdauer war eng hallef Stonn.
Hautdesdaags sinn d'Parkauere gréisstendeels duerch Parkschäinautomaten ersat ginn, déi mat manner Opwand eidel gemaach an ënnerhal kënne ginn. 1991 goufen et an der Stad Lëtzebuerg 641 Parkaueren[5], hautdesdaags(Mee 2020) gëtt et der nach ronn 300, déi haaptsächlech bei Parkplaze fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit opgestallt sinn, fir datt déi net bis bei den nooste Parkschäinautomat goe mussen.
Legale Kader
ännerenDe Lëtzebuerger Code de la route hält am Artikel 107, Ziffer 2.7. vum Kapitel IX fest[6], datt do wou eng Parkauer steet, e Schëld (Modell 7c) derbäi stoe muss op deem festgehalen ass, datt een eng Tax bezuele muss fir do parken ze däerfen an datt een net méi laang do stoen däerf, wéi dat op der Skala vun der Parkauer ugewise gëtt. Um Schëld steet och zu wéi engen Zäiten een d'Taxe bezuele muss a wat déi maximal Parkdauer ass. Wann d'Bezuelen net fir d'Awunner aus dem jeeweilege Secteur gëllt, steet déi Ausnam och um Schëld drop.
D'Schëld vum Modell 7c hänkt entweeder ënnert dem Schëld C, 18 (wann et laanscht der Strooss ass) oder dem Schëld E, 23 (wann et op engem Parking ass).
Biller
änneren-
Duebel Parkauer an der Stad (2011)
-
Detail vun der Anzeig: d'Parkzäit ass ofgelaf
-
Eng däitsch Parkauer aus dem Joer 1988: Dee selwechte Modell vu VDO war och zu Lëtzebuerg am Gebrauch.
Um Spaweck
ännerenCommons: Parkaueren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ „parken“ a „stationéieren“ gëtt hei am Artikel als Synonym gebraucht
- ↑ Régimes de stationnement op vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg, gekuckt den 12. Mee 2020
- ↑ "Das Problem der Parkuhr." d'Letzeburger Land, 06.04.1956, S. 6 + 8
- ↑ Mike Stebens: "Als die Parkuhr nach Luxemburg kam." wort.lu, 24.04.2023.
- ↑ Haupstädtischer Verkehrsdienst stellte sich der Presse vor an Ons Stad Nr 38/1991, S. 3
- ↑ Le modèle 7c, qui peut compléter les signaux C,18 et E,23, et qui porte le symbole du parcmètre à minuterie, indique aux conducteurs qui stationnent ou parquent leur véhicule l'obligation de payer une taxe de stationnement ou de parcage et de respecter la durée de stationnement ou de parcage autorisée en fonction du montant payé, telle qu'indiquée par l'index du parcmètre à minuterie. (...) Le symbole est suivi de l'inscription de la durée maximale de stationnement ou de parcage autorisée. Il peut être suivi de l'inscription des jours et des heures pendant lesquels la limitation s’applique (...) et de l'inscription du nombre d'emplacements visés. Lorsque des modalités particulières en matière de stationnement ou de parcage sont prévues en faveur des résidents, le symbole du disque est également suivi de l'inscription «sauf résidents avec vignette» et, le cas échéant, de l'inscription du secteur de stationnement résidentiel.