Hamm (Stad Lëtzebuerg)

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Quartier Hamm vun der Stad Lëtzebuerg. Fir aner Plaze mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Hamm.

Hamm ass e Quartier am Oste vun der Stad Lëtzebuerg. Vun 1874 bis 1920 war et eng eegestänneg Gemeng Hamm.

Hamm
Hamm 1991.jpg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hamm
de: Hamm
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 1.456 (31.12.2017)
Fläch 407,62 ha
Koordinaten 49° 36’ 18’’ N
      06° 09’ 24.1’’ O
Hamm quarter highlighted.png
Hamm (blo)
an der Stad Lëtzebuerg (gro)

GeographeschesÄnneren

Hamm steet op engem Plateau am Oste vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht dem Hammer Dällchen am Norden an dem Uelzechtdall. De Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel mécht am Nordosten d'Grenz. Ee vun de gréisste Bëscher vun der Gemeng ass den Hammer Bësch, dee mat sengen 130 ha op der Sandweiler Säit läit. Do ass och den amerikaneschen Zaldotekierfecht ze fannen.

GeschichtÄnneren

Den Numm Hamm gouf fir d'éischt am Joer 1238 an engem Akt vun der Gräfin Ermesinde ernimmt.

1796 war Hamm – op der Ferrariskaart vu 1778 als « Hamme » agezeechent – eng kleng Uertschaft mat nonzeg Awunner. Se krut awer méi Bedeitung duerch déi fënnef Millen op der Uelzecht: d'Gantebeensmillen, d'Follmillen, d'Schläifmillen, d'Bouneweger Millen an d'Polvermillen.

Nodeems d'Bridder Samson a Quetschlik Godchaux 1835 d'Schläifmillen an duerno och déi aner Mille kaaft an eng Duchfabrick gegrënnt hunn, gouf et Aarbecht fir eng ganz Rëtsch Leit an Hamm gouf en Aarbechterduerf. Zäitweis hu bis 800 Leit an der Draperies de Luxembourg S.A. geschafft.

Duerch dës industriell Entwécklung hunn d'Godchaux Bridder et fäerdeg bruecht, datt Hamm vu Sandweiler getrennt an den 1. Januar 1874 eng eegestänneg Gemeng gouf. Wéinst dem Éischte Weltkrich koum d'Fabrick a Schwieregkeeten, wat natierlech och Konsequenze fir d'Gemengefinanzen hat. D'Gemeng Hamm war du séier bereet fir 1920 mat der Stad Lëtzebuerg ze fusionéieren.

Iwwerdeems 1939 just nach 150 Leit an der Duchfabrick geschafft hunn, war et nom Zweete Weltkrich ganz eriwwer mat der Produktioun.

1931 gouf am Kierchegronn – baussent dem Duerfkär – eng Kolonie mat knapp 70 Eefamilljenhaiser gebaut[1] an 1960 ass d'Zivilhospiz gebaut ginn.

Anescht wéi an anere Quartieren, goufen et keng grouss Wunnengsbauprojeten zu Hamm, absënns well d'Uertschaft an der Afluchschneis vum Fluchhafe läit.

Gemeng HammÄnneren

Vum 1. Januar 1874 bis den 1. Juni 1920 war Hamm eng eegestänneg Gemeng.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Hamm.

AwunnerÄnneren

Demographie iwwer d'ZäitÄnneren

Joer 1796 1803 1890 2018
Awunnerzuel 90 95 668 1.456

Awunner hautÄnneren

Op den 31.12.2017 hunn zu Hamm 1.456 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 43,89 % géintiwwer 56,11 % Auslänner[2].

Hämmer no Nationalitéit (31.12.2017)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 1 456 100,00%
1   Lëtzebuerg 639 43,89%
2   Portugal 247 16,96%
3   Frankräich 164 11,26%
4   Italien 63 4,33%
5   Belsch 47 3,23%
6   Indien 28 1,92%
7   Spuenien 27 1,85%
8   Däitschland 23 1,58%
9   China 20 1,37%
10   Vereenegt Kinnekräich 12 0,82%
Top 10 1 270 87,23%
Aner Nationalitéiten 186 12,77%

VeräinerÄnneren

Zu Hamm gëtt et follgend Veräiner

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Hamm (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Rue Munkakszky, Rue Fanny Leclerc, Rue Thomas Byrne, Rue Eugène Wolff,
  2. État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)