D'Olympesch Spiller sinn e grousst Sportsevenement dat all véier Joer ausgedroe gëtt.

Olympesche Fändel mat de fënnef Réng; fir d'éischt bei den Olympesche Spiller 1920 zu Antwerpen benotzt
D'Lëtzebuerger Liichtathleten 1960 um Wee op Roum, vu l. no r.: Ramon Humbert, Norbert Haupert, Jean Aniset, Félix Heintz, Boy Bofferding, L.Faber a Charles Sowa.

Déi eenzel Olympesch Summerspiller kréien d'laténgesch Zuel vun der Olympiad (Olympiad = Period vu véier Joer). D'Spiller vun der VI. Olympiad goufen 1916 wéinst dem Éischte Weltkrich net ausgedroen. Bedéngt duerch den Zweete Weltkrich goufen 1940 d'Spiller vun der XII. Olympiad a 1944 d'Spiller vun der XIII. Olympiad och net ausgedroen.

Bei den eenzelen Olympesche Wanterspiller gëtt déi laténgesch Zuel vun der Oplo geholl. Olympesch Wanterspiller déi net ausgedroe ginn - wéi et 1940 an 1944 de Fall war - kréien och keng Zuel. No de IV. Olympesche Wanterspiller am Joer 1936 koumen 1948 déi V. Olympesch Wanterspiller.

Olympesch Summerspiller Änneren

Olympesch Wanterspiller Änneren

Kuckt och Änneren

Um Spaweck Änneren

Commons: Olympesch Spiller – Biller, Videoen oder Audiodateien