Doudegt Mier
D'Doudegt Mier (hebr.: ים המלח Yam HaMelach respektiv "Salzmier"; arab.: بحر الميّت Bahr al-Mayyit oder بحر لوط Bahr Lūt, "Mier vum Doud" ) ass e, Salzséi dee vum Jordan gespeist gëtt. E grenzt un Israel, dat vun Israel besate Westjordanland an u Jordanien.
![]() | |
Land |
Jordanien, Israel |
---|---|
Verwaltungseenheet | Israel |
Fläch | 605 km² |
Héicht. i. M. | -437 m |
![]() | |
GeographieÄnneren
D'Doudegt Mier ass ee 600 km² grousse Salzséi, dee keen Offloss huet. Seng Waasserfläch geet weider erof an däerft haut op engem Niveau vu 400 m ënner dem Mieresspigel leien. Dat ass dorop zréckzeféieren datt de Séi ausdréchent. Haut stellen d'Ufere vum Séi den déifsten zougängleche Punkt vun der Äerduewerfläch duer.
SalzgehaltÄnneren
De Salzgehalt vum Doudege Mier erreecht bis zu 33 Prozent (28 % am Duerchschnëtt), wärend de Salzgehalt vum Mëttelmier nëmmen ongeféier 3 % erreecht. Well nëmme Waasser an dat Doudegt Mier eran a keent erausleeft misst de Waasserniveau jo theoreetesch klammen. Dat ass awer net de Fall well duerch d'Hëtzt an de waarme Wüsteklima d'Waasser verdonst. Dat ass awer nëmme wouer wat d'Waasser ugeet; d'Mineralien an d'Salz bleiwen zréck, wouduerch den ëmmer méi grousse Salzgehalt vum Séi sech erkläre léisst.
Biologesch gesinn ass dëse Séi net dout, mä net vill Planze kënnen dran iwwerliewen. Nëmmen déi Planzen a Mikroorganismen, déi eng héich Salztoleranz hunn, bréngen dat fäerdeg.
KuckeswäertesÄnneren
Touristesch interessant sinn Uertschafte rondrëm wéi:
Um SpaweckÄnneren
Commons: Dead Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien |