Honsréck

mëttelhéich Bierger an Däitschland

Den Honsréck ass eng Biergketten an Däitschland, an de Länner Rheinland-Pfalz a Saarland. Et si mëttelhéich Bierger déi sech vun der Saar am Südwesten tëscht der Musel an der Nahe a Richtung Nordosten bis op de Rhäin zéien. Den Erbeskopf ass mat 816 m déi héchst Kopp.

Kaart mat der Lag vum Honsréck

Den Honsréck gehéiert zum südwestlechen Deel vun de rhäinesche Schiferbierger an deemno zu den eelste Biergformatiounen an Däitschland, deenen hiert Gestengs haaptsächlech aus dem Devon staamt.