Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Déi réimesch Mythologie beschäftegt sech mat de Virstellunge vun der anticker, réimescher Welt vun de Gëtter an Helden. Déi ursprénglech réimesch Bauererelioun war virun allem vu Personifikatioune vun der Natur a vun Naturereegnisser beherrscht (z. B. Tellus = Äerd, Ops = Karschnatz, Ceres = Kar). Eréischt zanter dem 5. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Réimer, ënner dem Afloss vun den Etrusker, ugefaangen d'Gëtterwelt vun de Griichen unzehuelen. Sou entspriechen e sëllege réimesch Gëtter deenen aus der griichescher Mythologie, mä déi réimesch Mythologie ass net sou staark wéi déi griichesch mat Gëtter an Helde bevëlkert. D'Gläichsetzung vu frieme Gëtter mat hiren eegenen, déi sougenannt Interpretatio Romana ass zum besonnesche Charakteristikum vum réimeschen Ëmgang mat frieme Kulten a Relioune ginn.

De Réimesche Pantheon änneren

Haaptgëtter (Dei Consentes) änneren

Numm: Roum Numm: Griicheland Funktioun Kennzeechen
Jupiter Zeus Papp vun de Gëtter, zoustänneg fir Blëtz, Donner a Loft Aadler, Blëtzbëndel, Zepter
Juno Hera Famillje-Gëttin, zoustänneg fir Hochzäit, Mamm sinn a Gebuert, hëlleft bei Problemer beim Accouchement Pohunn, kinneklecht Kappduch
Neptunus (Neptun) Poseidon Gott vum Mier, vum Äerdbiewen a vun de Päerd Dräizack, Sträitwon
Minerva Athena jongfreelech Gëttin vun der Wäisheet, Schutzpatréinesch vun den Helden, de Stiet, dem Akerbau, de Kënscht an de Wëssenschaften, vum Handwierk, vum (strategesche) Krich a vum Fridden Helm, Schëld, Lanz an Eil
Mars Ares Gott vum zerstéierende Krich a vun de Schluechten Schwäert, Schëld, Helm
Venus Aphrodite Gëttin vun der Léift an der Schéinheet Dauf, Muschel, Rimm, Spigel
Apollo Apollon Gott vun der Poesie, vum Liicht, vun de Mais, der Pescht an der Prophetie Säiteninstrument Kithara, Feil a Bou
Diana Artemis jongfreelech Gëttin vun der Juegd a vum Mound Feil a sëlwere Bou, Kächer, Hirschkou, Moundséchel
Vulcanus Hephaistos Gott vun de Vulkaner, vum Feier a vun der Konscht vum Schmidden Hummer respektiv Zaang fir ze schmidden, Handwierkerkap
Vesta Hestia jongfreelech Gëttin vum Feier am Uewen a vum Familljenzesummenhalt
Mercurius (Merkur) Hermes Gott vun den Déif, vum Handel a vun de Reesenden;
Gëtterbuet
Petasos oder Fligelhelm, Hermesstaf, Fligelschong, Portmonni
Ceres Demeter Äerdgëttin, Gëttin vun der Fruchtbarkeet Ähren, Fakel

Weider Gëtter änneren

Helden änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Réimesch Mythologie – Biller, Videoen oder Audiodateien