Malakoff-Tuerm (Lëtzebuerg)
De Malakoff-Tuerm a Clausen huet zu der Festung Lëtzebuerg gehéiert. Hie gouf 1861 gebaut, a steet an der Rue Jules-Wilhelm, op hallwer Héicht tëscht Clausen an dem Fort Thüngen. En ass gutt erhalen, de Rez-de-chaussée an de Keller sinn un d'FNEL, den ieweschte Stack un d'LGS verlount. De Malakoff-Tuerm war dat lescht Festungsgebai, dat virum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg opgeriicht gouf. Eng Strooss net wäit ewech dovun ass nom Tuerm "Rue Malakoff" benannt ginn.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Milliounewee |
Koordinaten | 49°37'0,13"N, 6°8'38,40"O |
Datum vum Bau | 1861 |
En zweete Malakoff-Tuerm gëtt et zu Bäerdref. Dat ass awer kee gebauten Tuerm, mee e Fiels am Dall vun der Äsbech, deen eleng steet an un en Tuerm erënnert.
Den Numm kënnt vum Malakoff-Tuerm, engem Deel vun der Festung Sewastopol, deen am Krimkrich (1853-1856) eng wichteg Roll gespillt huet, a schwéier a laang ëmkämpft war. Duerch déi intensiv Krichsreportagen ass de Begrëff "Malakoff" als Synonym fir Stäerkt, Monumentalitéit, Massegkeet, Gréisst a Belaaschtbarkeet bekannt gemaach ginn. An der Folleg sinn a Westeuropa eng Partie nei grouss oder masseg Tierm duerno benannt ginn, an dat net nëmmen am Festungsbau.
-
Vun uewe vum Milliounewee aus gesinn
-
Vue op d'Récksäit vum Malakoff-Tuerm. Lénks d'Paart a Richtung Clausen
-
Fënster – Detail
Literatur
änneren- Bost, Bodo, 2014, Der Krimkrieg von 1853 bis 1856. Krim-Reminiszenzen in Luxemburg. Malakoff-Türme in Clausen und in Berdorf. Die Warte vum 6. Mäerz 2014, S. 8.
- Massard, J. A., 2016. Perekop, Malakoffturm, Schipkapass, Naturdenkmäler in der Kleinen Luxemburger Schweiz, die an den Krimkrieg (1853-1856) und den Russisch-Osmanischen Krieg (1877-1878) erinnern. Published online.
- Massard, J. A., 2021. Perekop, Malakoffturm, Schipkapass. Naturdenkmäler in der Kleinen Luxemburger Schweiz erinnern an den Krimkrieg (1853-1856) und den Russisch-Osmanischen Krieg (1877-1878).. Ville d'Echternach, Eechternoacher Gemäneblat 08/2021, S. 18-23.
- La tour Malakoff à Luxembourg. Ministère de la mobilité et des travaux publics, Administration des bâtiments publics, 2022.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Malakoff-Tuerm (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |