D'Réimermonument zu Duelem am Kanton Réimech erënnert un d'Ausgruewungen aus dem 19. Joerhonnert um réimesche Site um „Pëtzel-Plateau“.

D'Réimermonument zu Duelem am Joer 1891 (Foto vum Charles Bernhoeft)
D'Monument am August 2012

Geschicht änneren

„Den Aadler“, wéi d'Monument genannt gëtt, ass eng 11,3 Meter héich Sail, op där en Aadler iwwert enger Kugel sëtzt, deem säi Kierper a Richtung vum galloréimesche Vicus Ricciacus kuckt a säi Kapp a Richtung vum Kiem fir op Metz gedréit huet. Den Entworf fir d'Monument, dat op kinnekleche Beschloss hi gebaut gouf, koum vum Distriktsarchitekt Charles Arendt vu Gréiwemaacher. D'Skulptur vum Aadler ass am Atelier Gunsheimer zu Tréier entstanen.

De Grondstee fir d'Monument gouf den 28. Mee 1855 a Presenz vum Kinnek-Groussherzog Wëllem III. a sengem Representant, dem Prënz Henri vun Oranien-Nassau, geluecht[1]. An engem Dekreet war vum Kinnek festgehale ginn, datt d'Monument aus Material sollt gebaut ginn, dat vun Ausgruewungen aus der Géigend staamt. Sou kommen di grouss schwaarz Bléck op deenen den Aadler sëtzt vun engem 1854 fräigeluechte réimesche Wuechttuerm, och „burgus“ genannt, deen net wäit vun der Plaz vum Monument fonnt gi war. Och den aggravéierten Text um Sockel war am Viraus an deem Dekreet festgehale ginn. Sou stoung op der südlecher Säit: „SVRGIT LAETA CERES FLVOS SPICATA CAPILLOS ALTO QVO CVBVIT MAVORES TRVCVLENTES IN ARVO“ (lat), op der nërdlecher Säit: „Lapis Auspice Nassoviae Principe Henrico fratris Guilielmi tertii in magno ducatu Luciliburgensi vices gerente nec non curante societate archaeologica ingentes post effossas hic aere publico substructiones innumerasque alias antiquitatis reliquias in testimonium erectus“ (lat), op der westlecher Säit: „Rome a campé sur ce plateau“ (fr) an op der ëstlecher: „Zeugend entsteig' ich den Trümmern, die hier Rom's Lager zurückliesz“ (de).

1886 gouf d'Aadlerskulptur vergult a war sou scho vu Wäitem gutt ze gesinn.

Am Zweete Weltkrich, beim Iwwerfall op Lëtzebuerg, gouf d'Monument den 11. Mee 1940 vun der däitscher Arméi zerstéiert, fir ze verhënneren datt déi franséisch Artillerie sech dono ausriichte kéint.

1955 ass d'Monument op Basis vun den Iwwerreschter, déi sengerzäit fonnt goufe, restauréiert ginn an et gouf 1957 erëm opgeriicht. D'Skulptur vum Aadler gouf minutiéis vun de Lëtzebuerger Sculpteure François Demuth a Léon Nosbusch nees nogebilt[2] Bei der Renovatioun gouf den Aadler awer net méi mat Gold iwwerzunn, sou wéi dat ursprénglech de Fall war an och seng Bléckrichtung huet sech geännert. Amplaz wéi fréier a Richtung Duerf ze kucken, kuckt en elo op déi réimesch Siidlung.

Um Sockel vum renovéierte Monument sinn elo dës Schrëften aggravéiert:

FRÄI
WEI DEN
ADLER
HÉMECHT
BLAIF D.V.

CE MONVMENT
ÈRIGÈ EN 1855
POVR RAPPELER CINQ
SIECLES DE CIVILISATION
GALLO-ROMAINE
DANS LE PAYS DE
LVXEMBOVRG
DÉTRUIT
LE 11 MAI 1940
PAR L'ENVAHISSEVR
A ÉTÉ RECONSTRVIT EN
1957

CLARESCO
INVOCANS ROMANAE
FOEDERA PACIS

De Chronogramm ergëtt 1957.

Literatur änneren

  • Victor Loos: Der Römeradler. Den Adler – Lokalzeitung N°1-2, 1996.
  • Antoine Namur: Le camp romain de Dalheim. Troisième rapport. Publication de la section historique 10, 1855.
  • Robert Vandivinit, Gust Linden, Sandy Linden, Aloyse Estgen, Victor Loos, "Vu Ricciacus via Dalahem op Duelem." Fanfare Gemeng Duelem, Luxemburg 2001, ISBN 2-87996-944-1.

Um Spaweck änneren

Commons: Réimermonument Duelem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxemburger Wort Nr 64 vum 1. Juni 1855, S.2 (PDF)
  2. Heizou: Victor Loos: Der Römeradler. Den Adler – Lokalzeitung N°1-2, 1996 an http://www.ricciacus.lu/de/content/download/2702/11552/version/1/file/20160601_LW_DerUeberDalheimThront%28Adler%29.pdf