Geschicht vu Polen

Wikimedia-Geschichts-Artikel

D'Geschicht vu Polen erfaasst d'Period vum 10. Joerhonnert bis zu der aktueller Zäit.

Wope vum haitege Polen

Virhistoresch Zäit änneren

 
Biskupin (Rekonstruktioun)

Scho wärend der Äiszäit hu Jeeër a Sammler am Gebitt vum haitege Pole gelieft. Géint Enn vum 6. Joerdausend v. Chr. si besonnesch an de grousse Flossdäller, wéi z. B. vun der Weichsel an der Oder éischt jongsteenzäitlech Mënsche siesshaft ginn. An der Bronzezäit, zënter dem 18. Joerhonnert v. Chr., setzt sech d'Urnefelderkultur mat Verbrennung vun den Doudegen duerch (Trziniec, Lausitz). Déi bekanntst archeologesch Plaz aus der spéider Bronzezäit an der fréier Eisenzäit ass Biskupin, nërdlech vu Gnesen, an der Woiwodschaft Kujawien-Pommern. Déi mat Eechepéil befestegt Siidlung matzen an engem Séi ass 1933 zoufälleg fonnt ginn an ass haut e vill besichte Fräiliichtmusée. Biskupin huet an de Jore 700 bis 400 v. Chr. eng Bevëlkerung vu bis zu 1200 Mënsche gehat.

Wärend der Antiquitéit hat d'Bevëlkerung am aktuelle Polen iwwer d'Bernsteenstroossen Handelsbezéiunge mat Roum a Griicheland. Den Tacitus ernimmt verschidde Germanestämm (Gepiden, Rugier, Goten, Vandalen, Burgunder déi westlech vun der Weichsel gesidelt hunn. Am 2. Joerhonnert hunn déi ostgermanesch Stämm ugefaangen a Richtung Süden ze wanderen an hu probéiert an d'Réimerräich anzefalen. An der grousser Vëlkerwanderung koumen aner Vëlker, dorënner d'Hunnen, d'Slawen an d'Awaren an dat haitegt Polen.

Vum 5. Joerhonnert un hu sech d'Westslawen tëscht Weichsel an Oder fest néiergelooss.

No der Fredegar-Chronik soll et an der Mëtt vum 6. Joerhonnert e westslawescht Räich gi sinn. Et huet sech vun de Franken an den Awaren ofgegrenzt. Am 8. Joerhonnert huet de Karel de Grousse säi chrëschtlecht Räich no Osten hin an der sorbescher an der pannonescher Mark verdeedegt. Déi Zäit waren d'Westslawen (Polanen, Goplanen, Wislanen, etc.) nach heednesch.

Am 9. Joerhonnert huet sech vu Süden hier Groussmieren ausgebreet, ir et zum Deel vun de béimesche Premysliden iwwerholl ginn ass. Polen, deem säin Numm vum westslawesche Stamm vun de Polanen hierkënnt, ass als Herzogtum an der Mëtt vum 10. Joerhonnert gegrënnt ginn. Seng Geschicht fänkt do un.

Mëttelalter änneren

 
Mieszko I.

Dat éischt Herzogtum gouf vun 960 bis 992 vum Mieszko I. aus der Dynastie vun de Piaste regéiert, déi nom éischten Herrscher, dem legendäre Piast benannt gouf.

De Mieszko dee mat der Dubrawka der chrëschtlecher Duechter vum béimesche Kinnek Boleslav bestuet war, huet sech ëm 966 nom réimesch-kathoulesche Ritus vum Bëschof Adalbert zu Gnesen deefe gelooss. Domat stoung hien op Aanhéicht mat allen anere chrëschtlechen Herrscher an Europa. Iwwer seng zweet Fra Oda vun der Nordmark war hien dem sächseschen Adel gläichgestallt, an hat gutt Bezéiungen zum däitsche Kinnek a Keeser Otto I.

Den Territoire huet no den Eruewerunge vum Mieszko I. a sengem Jong Bolesław dem Daperen dem haitege Pole staark geglach. Ëm 997 hat Polen en enkt politesch-militärescht Bëndnis mam Hellege Réimesche Räich. Wärend dem Staatsakt zu Gnesen am Joer 1000 gouf dëse Pakt vum Boleslav I. a vum Keeser Otto III. bestätegt. Deen ass bei där Geleeënheet op d'Graf vum hellegen Adalbert, deen 997 vu Pruzzen erschlo gi war, gepilgert. Deemools sinn déi éischt Diözesen entstanen: Gnesen, Posen, Krakau, Kolberg a Breslau. Spéitstens mat der Kréinung vum Bolesław am Joer 1025 gouf Polen e Kinnekräich. Wärend der Herrschaft vum Piast Kasimir I. (Każimierz I) gouf d'Haaptstad 1040 vu Gnesen op Krakau (Kraków) verluecht. Polen ass duerch Rivalitéiten an der Nofolleg 1138 a sechs onofhängeg Herzogtemer zerfall: Klengpolen, Grousspolen, Pommern, Pommerellen, Schlesien a Masowien. D'Héichmëttelalter war vu feudaler Territorialzersplitterung gepräägt. 1079 gouf de Bëschof Stanislaus vu Krakau vum Bolesław II. higeriicht. Spéider ass säi Kierper zum Symbol vun der polnescher Eenheet ginn. Wéi och soss an Europa sinn em 1200 Stied a Stadrechter, meeschtens nom Magdebuerger Recht, entstan. 1225 huet den Herzog Konrad vu Masowien den Deutschritteruerden, deen d'Hellegt Land huet misse verloossen, a Polen zu Hëllef geruff, fir di heednesch Pruzzen am Gebitt vum haitege Litauen ze besigen an zum Chrëschtentum ze bekéieren. Si haten och d'Ënnerstëtzung vum Poopst, vum Keeser a vu schleseschen a polneschen Adlegen.

 
Marienburg (Malbork) un der Nogat, déi gréisst mat rouden Zille gebaute gotesch Buerg an Europa.

D'Deutschritter (Krzyżacy) hunn sech no an no als Ordensstaat un der Ostsee, vun Danzig (Gdańsk) bis Riga, ausgebreet, a sech zu engem geféierleche Rival vum Kinnekräich Polen entwëckelt. Zentrum war d'Marienburg (Malbork), vu wou aus si di däitsch Ostsiidlung (Baueren, Handwierker, Händler…) encouragéiert a gesteiert hunn.

Am 13. Joerhonnert sinn d'Mongolen a Polen agefall, hu Sandomir (Sandomierz) a Krakau (Kraków) verwüst, an an der Schluecht vu Liegnitz (Legnica) de schleseschen Herzog Heinrich II geschloen, ir se sech dunn erëm lues no Osten zeréckgezunn hunn.

 
Kapell vun der Helleger Kinga an der Salzminn vu Wieliczka, Weltkulturpatrimoine vun der UNESCO.

Ufank vum 14. Joerhonnert gouf Polen ënner dem Règne vum Władysław I. Łokietek erëm vereenegt, mat der Ausnam vum däitschen Uerdensstaat a vu Schlesien, wat de Kinnek vu Béimen, de Lëtzebuerger Jang de Blannen eruewert huet.

De Kasimir de Groussen (Kazimierz III Wielki) , ass mat sengem Papp senge Beméiunge fir d'Eenheet virugefuer an huet Reformen duerchgefouert, déi Polen zu enger mächteger Positioun a Mëtteleuropa verhollef hunn. Am Fridde vun Namslau 1348 huet de béimesche Kinnek, de Lëtzebuerger Karl IV. op all Usproch op de polneschen Troun verzicht. Krakau ass nei opgebaut ginn, dank dem „wäisse Gold“ vun der Salzminn vu Wieliczka : d'Renaissance-Schlass vum Wawel, d'Universitéit (1364), wichteg Kierchen, de Maart mat der Duchhal (Sukiennice), de jiddesche Quartier Kazimierz um lénkse Weichseluwänner, asw.

 
Denkmal zu Krakau vun der Schluecht vu Grunwald 1410: de Groussmeeschter vum Deutschritteruerde läit um Réck virum Kinnek vu Polen/Litauen Władysław II. Jagiełło.

1386 koum et zum d'Bestietnes tëscht der Kinnigin Hedwig (Jadwiga), der Duechter vum Kinnek vun Ungarn a Polen (nom Doud vum kannerlose Kasimir III) Louis vun Anjou (Ludwik Węgierski), mam Groussfürst Jogaila vu Litauen. Als Władysław II Jagiełło grënnt deen d'Dynastie vun de Jagellonen.

1410 kënnt et zur grousser Entscheedungsschluecht tëscht dem Jagiełło an dem Deutschritteruerde bei Grunwald/Tannenberg. Trotz dem polnesche Sig huet et bis 1466 gedauert bis Polen am 2. Fridde vun Thorn (Toruń) den Uerde vassaliséiert, a Pommern (Pomorze), d'Ermland (Warmia) an Danzeg annektéiert huet.

Renaissance an Neizäit änneren

 
Polen-Litauen (Theatrum Orbis Terrarum vum Abraham Ortelius 1582)

Duerch seng Verbindung mat Litauen an d'Néierlag vun den Deutschritter ass Polen am 15. an am 16. Joerhonnert, dat als „Gëllent Zäitalter“ an d'Geschicht agaangen ass, zu enger europäescher Groussmuecht opgestigen. Mat iwwer enger Millioun Quadratkilometer « vu Mier zu Mier » huet dest multiethnescht Kinnekräich sech vun der Ostsee bis bal un d'Schwaarzt Mier erstreckt. Kiew war bis 1648 eng polnesch-litauesch Provënzhaaptstad.

Vun de Reliounskricher éischter verschount huet d'Wirtschaft sech duerch d'Landwirtschaft, d'Salz, d'Kreditwiesen an den Handel gutt entwéckelt. D'Universitéit vu Krakau war e kulturellen a wëssenschaftlechen Zentrum fir Mëttel- an Osteuropa. Den Nikolaus Kopernikus ass de berüümtste Wëssenschaftler aus där Zäit. Grouss Schrëftsteller, déi als éischt op polnesch geschriwwen hunn, waren de Jan Kochanowski, de Mikołaj Rej an den Andrzej Frycz Modrzewski. Duerch dem Kinnek Sigismund dem Alen (Zygmunt Stary, 1506-1548) säi Bestietnes mat der Mailännerin Bona Sforza sinn no aneren auslännesche Kënschtler – wéi de Veit Stoß (Wit Stwosz) vun Nürnberg - och italieenesch Architekten, Sculpteuren a Moler a Polen agestallt ginn.

Zënter dem 15. Jh. ass den Afloss vum polneschen a litaueschen Adel ëmmer méi grouss ginn. 1493 ass den éischte Sejm (Reichstag) zesumme komm, deen aus Vertrieder vun de Landtagen (Sejmiki), Beroder vum Kinnek, de Bëscheef an der Stadverwaltung vu Krakau vertruede waren. Kinneksbeamten an d'Bëscheef hunn de Senat gebilt. 1505 huet den Adel (szlachta) d'Constitutioun nihil novi duerchgesat: Keen neit Gesetz huet däerfen ouni d'Averständnes vum Adel (deen 8 % vun der Bevëlkerung duergestallt huet) erlooss ginn. Wéi de leschte Kinnek aus der Dynastie vun de Jagellone Sigismund II. August (Zygmunt II August) 1574 gestuerwen ass, hunn déi Adlég eng elektiv Adelsrepublik (Rzeczpospolita szlachecka) geschaf. De Kinnek gouf zum primus inter pares, deen allerdéngs seng Ministere selwer konnt ernennen. De Chef vun der Arméi (Hetman) gouf vum Sejm gewielt.

 
Déi schwaarz Madonna vun Częstochowa ass vum Jan II Kazimierz zur Kinnigin vu Polen erhuewe ginn. Si soll e puermol Pole virun de Feinde beschützt hunn.

D'Republik vun den Zwou Natioune war also am Zäitalter vum Absolutismus eng atypesch Walmonarchie, wou net nëmmen den Adel dominéiert huet, ma wou souguer aner Groussmuechten Afloss gewanne konnten. 1573 ass den Henri de Valois (Henryk Walezy) zum Kinnek gewielt ginn, ir en nom Doud vu sengem Brudder stënterlech Kinnek vu Frankräich ginn ass (Henri III). Du koumen den Transsylwanier Stefan Batory an d'Schweede Sigismund III Vasa (Zygmunt III Waza), ënner deem d'Haaptstad 1596 op Warschau verluecht ginn ass, de Ladislas IV. Vasa (Władysław IV Waza), de Jean II. Casimir (Jan II Kazimierz) op den Troun.

D'17. Joerhonnert war vu Kricher mat gréissere Gebittsverloschter, Epidemien an uerger politescher Onsécherheet gezeechent.

Besonnesch d'Kricher géint d'Osmanescht Räich, d'Revolt vun de Kosacken (1648) mam Verloscht vun der Ukrain, an déi schweedesch „Sintflut“ (1656) mam Verloscht vu Livland (Lettland/Estland) hu Polen an eng déif Kris gestierzt. Des Kris huet sech duerch innepolitesch Muechtkämpf verschäerft. De Reichstag (Sejm), an deem de klengen Adel ëmmer méi vum enger heiansdo dekadenter Oligarchie vun héijem Adel (Magnaten) beherrscht gouf, huet 1652 de liberum veto agefouert: all Member konnt mat sengem Vetorecht eng Decisioun vum Sejm blockéieren. Sou sinn am 18. Joerhonnert zwee Drëttel vun de Reichstagen „zerrass“ ginn. Oft goung et drëm, keng Steieren ze bezuelen. Polnesch Magnaten sinn oft vun den Nopeschmuechten manipuléiert ginn.

Zwar huet de Kinnek Jan III Sobieski Polen zu groussem Prestige verhollef, wéi e 1683 entscheedend zur Néierlag vun den Tierke viru Wien bäigedroen huet.

Mä duerch d'Kris vum Export, bedéngt duerch d'Konkurrenz vun de westeuropäesche Kolonialmuechten, an den Opstig vu Russland, Brandenburg/Preisen an Éisträich, hunn d'Land an d'Enkt gedriwwen, an ëmmer méi zum Puffer an zum Spillball vun dësen dräi Nopere gemaach.

Si hunn all Reform oder Stäerkung vum polneschen Zentralstaat versicht ze verhënneren, duerch Korruptioun an Amëschung. Sou huet de Péiter de Grousse vu Russland dozou bäigedroen, datt de Kurfürst vu Sachsen zum polnesche Kinnek gewielt gouf (August II. 1697-1733). Dësen ass an d'Kricher géint de schweedesche Kinnek Karl XII eragezu ginn. Och den August III. de Staarke vu Sachsen ass mat russescher Hëllef op den Troun komm, nodeems de polnesche Kinnek Stanislaus I. Leszczyński gestierzt gi war. Dësen ass krut duerch de Mariage vu senger Duechter Maria Leszczyńska mam Kinnek vu Frankräich Louis XV Exil an der Lorraine. Besonnesch d'Place Stanislas zu Nancy erënnert un hien.

Constitutioun vum 3. Mee 1791 an Deelunge vu Polen änneren

 
D'Kinneksschlass zu Warschau aus dem 18. Joerhonnert ass no der Zerstéierung am Zweete Weltkrich erëm identesch opgebaut ginn.

De Friedrich II. vu Preisen, dee gestäerkt aus dem siwejärege Krich (1756-1763) ervirgoung, wollt sech no Osten ausbreeden. Och d'Zarin Katharina II. an d'Maria Theresia vun Éisträich waren intresséiert, e Stéck vum polneschen Territoire ze annektéieren.

Enner dem leschte Kinnek Stanisław II August Poniatowski (1764-1795), engem opgekläerten Diplomat, deen no de Sachsekinneken de Russen an de Preisen hire Kandidat war, ass Polen an dräi Etappen tëscht den Nopeschräicher opgedeelt ginn.

Wéi dëse Kinnek net capabel war, sech mat senge Reformen duerchzesetzen an de Russen ze vill noginn huet, koum et 1768 zu engem hoffnungslosen Opstand vu polneschen Adelege souwuel géint de Kinnek wéi och géint d'Russen. Domat war de Virwand ginn fir déi éischt Deelung.

1772 hu Russland, Preisen an Éisträich grouss Gebidder vum polneschen Territoire annektéiert (ongeféier 200 000 Quadratkilometer mat enger Bevëlkerung vu 4,5 Milliounen).

Doropshin hu sech am Sejm Reformkräften zesummegedoe fir Polen am Sënn vun den neie politeschen Iddie vun der Opklärung ze moderniséieren a liewensfäeg ze maachen. Esou ass den 3. Mee 1791, no véierjäreger Aarbecht am Sejm, eng liberal Verfassung vum elo konstitutionelle Monarch Stanisław August proklaméiert ginn. De liberum veto am Sejm ass quasi opgehuewen an duerch de Majoritéitsprinzip ersat ginn, d'Gewaltentrennung ass definéiert ginn, d'Bierger kruten nei Fräiheeten, d'reliéis Toleranz ass bestätegt ginn, d'Bauere goufe vu feudale Contrainte befreit, den Troun sollt ierwlech an der Dynastie vu Sachse ginn, asw. D'Constitutioun vum 3. Mee ass di éischt liberal Verfassung an Europa, an di zweet weltwäit no den USA (1787). Den 3. Mee ass haut en nationale Feierdag.

 
Tadeusz Kościuszko

Dëse Succès huet awer mat sech bruecht, datt Russland zesumme mat konservative polneschen Adeiege Krich geféiert huet. Fir d'Zarin Katharina II. war d'Verfassung eng „franséisch Pescht un der Weichsel“. Preisen huet Polen am Stach gelooss, an et koum am Januar 1793 zur zweeter Deelung vu Polen. Nach en Deel vun der Ukrain a Wäissrussland an en Deel vu Litaue goufe russesch, Danzeg (Gdańsk), Thorn (Toruń), en Deel vu Grousspolen a vu Masowie sinn u Preise gefall.

Doropshin leet den Tadeusz Kościuszko, dee schonn am amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gekämpft hat, en Opstand géint d'Russen, nodeems en de Kinnek op d'Säit gedréckt hat. Zu Racławice huet en, am Mäerz 1794, ënner anerem mat der Ënnerstëtzung vu bewaffente Baueren, eng Schluecht gewonn, ma schonn am Oktober gouf e geschloen a vun de Russe gefaange geholl.

1795 ass et zur drëtter Deelung komm. Éisträich huet erëm matgemaach, an huet Klengpolen mat Krakau annektéiert.

Domat ass Pole vun der politescher Landkaart verschwonnen. De Kinnek huet am November 1795 ofgedankt.

Friemherrschaft an national Affirmatioun (1795-1918) änneren

D'Polen, vun deenen der vill am Ausland gelieft hunn, hunn d'Hoffnung net opginn, erëm eemol onofhängeg ze ginn an als Natioun an engem eegene Staat zesummen ze liewen. 1797 hunn sech an Italien ënner dem Jan Henryk Dąbrowski di Polnesch Legioune gebilt. Dem Dąbrowski säi Marsch ass nach haut d'Nationalhymn.

Eng éischt Chance hunn se am Napoleon gesinn, deen no sengem Sig géint d'Russen am Fridde vun Tilsit (1807) en Herzogtum Warschau als Vasallestaat vu Frankräich geschaf huet. Herzog gouf de Kinnek vu Sachsen Friedrich-August I., dee sech no der preisescher Néierlag vu Jena op d'Säit vum Napoleon geschloen hat.

Wéinst der Néierlag vun der polnesch-franséischer Allianz am Russlandfeldzug vun 1812 souwéi an der Völkerschlacht bei Leipzig am Joer 1813, koum et um Wiener Kongress zu enger neier Opdeelung vu Polen. Grousspolen ass als Provënz Posen erëm u Preisen ofgetratt ginn. Éisträich huet dat nees erëmkritt wat him aus der éischter Deelung vu Polen zougefall war. Krakau gouf zu enger autonomer Republik erhuewen. Iwwreg blouf „Kongresspolen“, e Kinnekräich a Personalunioun mam russeschen Zar, wat just just formal onofhängeg war. Vill Pole waren hin an hier gerappt tëscht der resignéierter Loyalitéit zum jeeweilegen Herrscher, mat der Hoffnung, di eege Kultur a Rechter unerkannt ze kréien, an dem Wëllen, sech noutfalls mat Gewalt vun der Friemherrschaft ze befreien. Nom gelongene griicheschen an dem belschen Onofhängegkeetskampf koum et am November 1830 zu engem verzweiwelten Opstand géint d'Russen, deen awer net vu Frankräich an England ënnerstëtzt gouf. D'Oppressioun ass am russeschen an am preiseschen Deel doropshin ëmmer méi grouss ginn. Honnertdausende vu sinn a Sibirien ëmgesidelt ginn. D'Bezeechnung « Polen » gouf souguer verbueden an d'Land gouf duerch d'russesch Muecht a Weichselland ëmgedeeft. Zéng Dausende vun Zaldoten, a vill Politiker, Kënschtler a Schrëftsteller sinn ausgewandert. Des Emigranten hu sech am Exil organiséiert a Verbünt fir hir Cause gesicht. Berüümt Perséinlechkeeten waren de Frédéric Chopin, an di grouss patriotesch Dichter wéi de Romantiker Adam Mickiewicz, de Cyprian Norwid an de Juliusz Słowacki.

An där Zäit konnte polnesch Truppe sech just nach am Ausland profiléieren. 1848 hu beispillsweis 3000 fräiwëlleg polnesch Zaldote fir d'Fräiheet vun Ungarn gekämpft. Wéi d'Italiener mat Erfolleg ugefaangen haten, sech ze vereenegen, an d'Éisträicher aus der Lombardei verdriwwen haten, huet et a Polen och erëm rumouert. Hei huet d'kathoulesch Kierch eng wichteg Roll fir den nationalen Zesummenhalt gespillt. Si war aktiv un der Revolt vum Januar 1863 bedeelegt. Ma och déi gouf brutal néiergeschloen, an et gouf méi wéi jee russifizéiert, respektiv germaniséiert. Well an de Schoulen d'polnesch Sprooch verbuede gouf, ass dësen Unterrecht op ville Plazen heemlech ofgehale ginn. No dësem Echec hu besonnesch Intellektueller de Wee vun heldenhaften Opstänn opginn, an hunn éischter op Bildung, Kultur a Wëssenschaft gesat. Déi spéider Nobelpräisträgerin Maria Skłodowska-Curie huet hir wëssenschaftlech Ausbildung zu Warschau am Ënnergrond kritt. Di polnesch Stied hunn sech wirtschaftlech eropgeschafft. Et war d'Zäit vun der sougenannter „organéscher Arbecht“.

Et sinn em d'Joerhonnertwenn och vill polnesch Fachaarbechter an de Westen, besonnesch a Frankräich, an d'Belsch, an Däitschland an op Lëtzebuerg an d'Kueleminnen oder an d'Siderurgie schaffe gaangen. Iwwerall hunn si hir Sprooch a kulturell Identitéit relativ laang kultivéiert. Géint Enn vum 19. Joerhonnert si politesch Parteien zum Deel an der Clandestinitéit entstanen. Zum Beispill huet de Sozialist Józef Piłsudzki un der russescher Revolutioun vun 1905 deelgeholl. Di polnesch Kulturzeen war an der Belle Epoque apaart kreativ. 1905 huet de Sienkiewic fir säi Roman Quo Vadis de Literatur-Nobelpräis kritt. Kënschtler wéi de Jan Matejko an de Jacek Malczewski hu grouss patriotesch Tableaue gemoolt. Am éischte Weltkrich si vun den dräi Keeserräicher polnesch Zaldote rekrutéiert ginn, wat mat sech bruecht huet, datt se sech oft feindlech hu misse géintiwwer stoen. 450 000 Pole si gefall, an 900 000 si verletzt ginn. Ma zu gudder Lescht war den éischte Weltkrich fir Polen d'Chance, op de Ruine vun den dräi Okkupatiounsmuechte seng Onofhängegkeet zeréckz'erueweren.

Onofhängegkeet an Zweet Republik 1918–1939 änneren

Am Éischten Weltkrich hunn Däitschland an Éisträich-Ungarn d'Grënnung vun engem polnesche Staat beschloss. Dat war méi géint Russland geriicht a manner als Unerkennung vun der polnescher Eegestaatlechkeet. Duerch de Krich hat dëse Beschloss vun 1916 awer keng Auswierkung. Den Dag vun der Armistice (11. November 1918) huet zu Warschau de Marschall Józef Piłsudzki, dee kuerz virdrun aus der däitscher Gefaangenschaft erëmkomm war, den Uewerbefeel iwwer all polnesch Truppe kritt, an huet fir Januar 1919 Wale fir den neien, onofhängege polnesche Staat ausgeruff. 1937 ass dësen Dag zum Nationalfeierdag erkläert ginn. Ma dee Moment waren d'Grenzen vum neie Staat net festgeluecht. Zwar hat den amerikanesche President Wilson a senge 14 Punkten d'Onofhängegkeet vu Pole virgesinn, ma gläichzäiteg wollt hie vermeiden, datt gréisser Minoritéiten an den neie Staaten entstinn. No der Néierlag vun de Länner, déi Polen opgedeelt haten, krut Polen 1919 seng Souveränitéit erëm. Duerch den Traité vu Versailles gouf d'Onofhängegkeet vu Polen 1919 och am internationale Kader ënnermauert. Allerdéngs huet Pole souwuel am Westen wéi am Osten an de Méint nom Weltkrich, Gebidder déi a fréiere Joerhonnerten zu Pole gehéiert hunn, zeréckeruewert. Duerch den Opstand vu Grousspolen géint di däitsch Grenzschutztruppe vun Dezember 1918 bis Februar 1919 ass dëst Gebitt ouni Referendum en Deel vum neie Pole ginn. D'Weimarer Republik war also gezwongen, d'Provënze „Westpreußen“ a Posen (Poznań), also en Deel vu Pommern a vu Grousspolen, erëm ofzetrieden. Vun 1919 bis 1926 hunn du ronn 700.000 Mënschen dat Gebitt verlooss. Danzeg (Gdańsk) ass ënner d'Verwaltung vum Vëlkerbond komm. Polen krut e „Korridor“ tëscht Däitschland an Ostpreussen, wou de Referendum zu Gonschte vun Däitschland ausgefall ass. Nidderschlesien ass däitsch bliwwen, den Oste vun Uewerschlesien mat Kattowitz (Katowice) ass polnesch ginn, wärend de Weste vun Uewerschlesien duerch Referendum däitsch bliwwen ass. Am Osten huet Pole vum russesche Biergerkrich profitéiert, fir wäit iwwer déi vun den Englänner virgeschloe Grenz (Curzon-Linn) Gebidder, déi fréier zu Polen-Litaue gehéiert haten, z'annektéieren.


Am August 1920 huet déi Rout Arméi Polen iwwerfall, gouf awer vum polnesche Marschall Pilsudski viru Warschau bezwongen („Wonner un der Weichsel“). Duerch de Friddensvertrag vu Riga, den 18. Mäerz 1921, ass dunn d'Ostgrenz vu Polen ëm 250 km no Oste geréckelt ginn. Déi Zweet Republik war also e multiethnesche Staat, mat haaptsächlech enger ukrainescher, wäissrussescher, litauescher Minoritéit am Osten, an enger däitscher Minoritéit am Westen. 10 % vun der Bevëlkerung ware Judden; a verschidde Stied ware si souguer an der Majoritéit. 69 % vun allen Awunner waren ethnesch Polen. Domat huet de Piłsudzki sech géint säi politesche Rival, de Roman Dmowski, dee vun de Westmuechten ënnerstëtzt gouf, a fir en territorial méi klengt, awer ethnesch a konfessionell méi homogeent Polen agetratt war, duerchgesat. D'Verfassung vun 1921 huet e parlamentaresche System nom Modell vun der franséischer Republik ageféiert. No Joren vu politescher Instabilitéit huet de Marschall Piłsudzki duerch e Militärputsch 1925 en autoritären, awer keen totalitäre Regimm ageféiert. D'Parteie goufen net verbueden, mä d'Parlament hat ëmmer manner ze soen, an d'Oppositioun ass staark intimidéiert ginn. An der Verfassung vun 1935 ass d'Positioun vum Staatspresident gestäerkt ginn, ma a Wierklechkeet huet de Marschall Śmigły-Rydz d'Fiedem gezunn. An der Tëschekrichszäit gouf et no der Hyperinflatioun vun 1923 wirtschaftlech a sozial Fortschrëtter. Gdynia un der Ostsee huet sech zu engem modernen Hafen entwéckelt. Och d'Universitéiten hunn en Opschwong erlieft. Aussepolitesch war Polen an enger schwiereger Situatioun. Frankräich war dat eenzegt Land, wat d'Ostgrenz vu Polen unerkannt huet. 1932 huet Pole mat der UdSSR, an 1934 mat Däitschland en Nëtugrëffspakt geschloss. Wéi den Hitler 1938 d'Sudetenland ugeschloss huet, huet Polen den tschecheschen Deel vun Teschen (Cieszyn) annektéiert. Déi Zäit huet den Ausseminister, de Colonel Józef Beck un enger staarker Positioun vu Polen a Mëtteleuropa geschafft. Wéi am Mäerz 1939 den Hitler Danzeg an de Korridor un d'Räich uschléisse wollt, hu Frankräich a Groussbritannien eng Allianz mat Polen ofgeschloss. Den Hitler-Stalin-Pakt vum 23. August huet an engem geheimen Zousazprotokoll d'Deelung vu Pole virgesinn. Domat hat den Hitler fräi Hand, fir Polen den 1. September 1939 unzegräifen.

Zweete Weltkrich 1939-1945 änneren

No fënnef Wochen huet Polen no verzweiweltem Widderstand sech missen erginn. 200 000 polnesch a 45 000 däitsch Zaldoten si leie bliwwen oder goufe verletzt. Déi polnesch Regierung ass a Frankräich, an duerno op London geflücht, wou se eng Exilregierung op d'Bee gesat an de Widderstand ënner dem Generol a Premierminister Władysław Sikorski organiséiert huet. D'Néierlag vu Polen ass beschleunegt ginn duerch de sowjeteschen Ugrëff op Polen de 17. September. De Weste vu Pole gouf direkt als Warthegau un d'Räich ugegliddert, wärend den Zentrum als "Generalgouvernement" dem Reichsminister Hans Frank ënnerstallt gouf, deen zur Deemiddegung vu Pole säi Sëtz am Wawel zu Krakau bezunn, a vun do aus säin Terror ausgeüübt huet. Scho wärend dem „Polenfeldzug“ hat de Reinhard Heydrich mat der „völkischer Flurbereinigung“ mat Hëllef vum SD an den SS ugefaangen. Als „Vergeltungsmoossnamen“ géint hire Widderstand, ma virun allem fir aus de polneschen „Untermenschen“ e Vollek vu Sklaven ze maachen, hunn d'Preisen d'Liquidatioun vun der polnescher Führungsschicht ënnerholl. Eleng an de véier éischte Méint vun dëser Aktioun sinn 10.000 Persounen higeriicht ginn: héich Beamten, Dokteren, Aristokraten, Professeren, Geeschtlecher, Riichter, asw. 200.000 Kanner, déi „aresch“ ausgesinn hunn, goufen an Däitschland verschleeft. Géint d'Judden gouf e reegelrechte Vernichtungskrich geféiert, besonnesch ab 1941. Si sinn zum Deel an iwwerfëllte Ghettoen (Warschau, Łódz, Krakau…) zu Grond gaang, respektiv am Laf vum Krich ëmmer méi massiv an der KZer ermuert ginn. Et goufen op polneschem Gebitt insgesamt 2000 Konzentratiounslager (Haapt- an Niewelager) opgebaut. Zu de gréisste Vernichtungslager gehéieren Auschwitz-Birkenau, Majdanek, Treblinka, Sobibor, Chełmno a Belzec. Hei goufen och vill Polen als Zwangsaarbechter agespaart oder ëmbruecht. Am Ganze sinn 2,7 Millioune polnesch Judden ëmbruecht ginn, a ronn 30 000 polnesch Rom. Och déi Polen, déi ënner d'sowjetesch Herrschaft gerode waren, blouwen net vun Ënnerdréckungsmoossname verschount. Et gëtt ugeholl, datt ongeféier 1,5 Millioune polnesch Bierger deportéiert goufen, déi meescht a Sibirien. 300.000 polnesch Zaldote koumen a sowjetesch Krichsgefaangeschaft, nëmmen 82.000 vun hinnen hunn iwwerlieft. E groussen Deel vun den Offizéier goufen, zesumme mat anere Persounen aus der polnescher Elit duerch sowjetesch Truppen oder den NKVD 1940 bei Katyn an och an de Lagere vu Starobielsk, Kozielsk an Ostaszków ermuert an a Massegriewer verschäert ginn. D'Zuel vun den Affer gëtt op 20.000 bis 24.000 Mënsche geschat. Dëser Ënnerdréckung zum Trotz hunn Honnertdausende vu polneschen Zaldoten op der Säit vun den Alliéierten op alle Fronte gekämpft. Polnesch Piloten an Zaldoten ware besonnesch an der Schluecht ëm England (Blitz), an Italien, an Nordafrika oder bei der Landung an der Normandie 1944 eng wichteg Stäip fir d'Alliéiert. Dem Generol Wladysław Anders säin 2. Polneschen Arméikorps huet sech entscheedend an der Schluecht vum Monte Cassino 1944 ervirgedoen. Am Land selwer gouf et de ganze Krich erduerch Partisanekämpf; 1942 sinn des Kräften an der Heemechtsarméi (Armia Krajowa, AK) zesummegeschloss ginn. Donieft gouf et en zivillen Ënnergrond: eng Regierung, déi vu London gesteiert gouf (Delegatura), Geriichter, Schoulen an eng eege Press.

De Warschauer Ghetto ass nom Opstand liquidéiert ginn. Et gouf kaum Iwwerliewender. Den Opstand vun de Judden am Warschauer Ghetto am Abrël/Mee 1943 an den Opstand vu Warschau am August 1944, dee vun der polnescher Heemechtsarméi (Armia Krajowa) geféiert gouf, sinn déi spektakuläerst a gläichzäiteg déi trageschst Episode vum Hitler sengem Vernichtungskrich. Warschau gouf dem Äerdbuedem gläichgemaach, wärend d'Rout Arméi hire Virmarsch um Ufer vun der Weichsel gestoppt an der Zerstéierung nogekuckt huet, ir se duerno d'Land vun der Wehrmacht an der däitscher Besatzung befreit huet.

Alles an allem: Polen ass dat Land, dat am Zweete Weltkrich de gréisste Prozentsaz (20 %) vu senger Bevëlkerung verluer huet. Nom Krich huet Polen drop gehalen, zerstéiert Stied, besonnesch den Zentrum vu Warschau, erëm identesch opzebauen.

Volleksrepublik, Sozialismus an d'Gewerkschaftsbeweegung Solidarność 1945–1989 änneren

Di polnesch Autoritéiten hate gehofft, datt hiert Land vun de Westmuechte géif befreit ginn. Ma no senger Victoire zu Stalingrad war de Stalin fest entschloss Ost- a Mëtteleuropa ënner seng Herrschaft, an natierlech d'Gebidder, déi Polen am Vertrag vu Riga annektéiert hat, zeréckzekréien, respektiv ze behalen (cf. Hitler-Stalin-Pakt). D'Westalliéiert hunn des Strategie nolens volens duerchgoe gelooss. Obwuel d'Heemechtsarméi tatkräfteg un der Befreiung vun de Preise bedeelegt war, huet d'Rout Arméi hir Cheffen deportéiert an/oder higeriicht. De Stalin huet di polnesch Kommunisten ënnerstëtzt (Polski Komitet Wyzwolenia Narodowego, PKWN, oder Kommitee vu Lublin), déi awer net vill Support an der Bevëlkerung haten. Nom Ofkommes vu Jalta am Februar 1945 hunn d'Westmuechten di nei Realitéit akzeptéiert, an hunn d'Exilregierung net méi unerkannt. D'Wale vun 1947 waren zu Gonschte vun der Kommunistescher Partei gefälscht. Polen ass eng Volleksrepublik an e Satellitestaat vun der UdSSR ginn. D'Grenze vum fréiere Pole goufen op de Konferenzen vu Jalta a Potsdam no Weste geréckelt: Am Osten, wou d'Curzonlinn als nei Grenz geholl gouf, huet Polen den ethnesch gemëschten Drëttel vu sengem Territoire ("Kresy") un d'Sowjetunioun missen oftrieden, an déi do usiessech polnesch Awunner (2,5 Millioune Mënschen) goufe verdriwwen. Am Westen sinn déi däitsch Gebidder ëstlech vun der Oder an der Lausitzer Neiße („Oder-Neiße-Linie“), d.h. Nidderschlesien an Hannerpommern u Pole gefall. Doriwwer eraus huet Polen de südlechen Deel vun Ostpreise kritt, an huet, vun de Russen encouragéiert, déi westlech vun der Oder geleeë Stad Stettin besat an och a säin Territoire incorporéiert (Szczecin). Dat huet bedeit, datt déi däitsch Bevëlkerung des Gebidder huet misse verloossen. Dësen „Heimatvertriebenen“ hir Wunnenge sinn zum groussen Deel vun de verdriwwene Polen aus dem Osten a Besëtz geholl ginn. - Déi nei Grenze goufen am Potsdamer Ofkommes festgeschriwwen. Si sinn 1950 vun der DDR unerkannt ginn; d'Bundesrepublik huet se eréischt mam Willy Brandt senger Ostpolitik 1970 a schliisslech offiziell mat der Wiedervereenegung 1990 unerkannt. Als Volleksrepublik war Pole weiderhin en autonome Staat, a war Member vun der UNO. Mä si koum, zesumme mat anere mëttel- an osteuropäesche Staaten ënner den direkten Afloss vun der UdSSR, déi besonnesch d'Aussepolitik, ma och de politeschen a wirtschaftleche System bestëmmt huet. Pole war e.a. Member vum Kominform, vum COMECON a vum Warschauer Pakt.

Bis 1956 war di kommunistesch Repressioun brutal: Zéngdausende Mënsche sinn ëmkomm, an nach vill méi goufen agespaart. D'Kollektivéierung vum Land huet zu heftegem Widderstand bei de Bauere geféiert. D'Industrie an d'Servicer si verstaatlecht ginn. Vill Leit goufen enteegent. D'Kathoulesch Kierch ass verfollegt ginn; 1953 ass de Kardinol a Primas Stefan Wyszyński an de Prisong komm. Wéi och nach d'Liewensbedingunge sech weider verschlechtert hunn, ass et am Juni 1956 zu engem Aarbechterstreik, zu Massendemonstratiounen a gewaltsamen Zesummestéiss mat der Arméi komm. Zu Poznań si 57 Demonstranten ëmkomm. D'Lag huet sech entschäerft mat der Entstaliniséierung, a mat neie Leit ënner der Leedung vum KP-Chef Władysław Gomułka, deen ënner sengem Virgänger Bierut inhaftéiert war. Ma schonn 1968 koum et zu Studenteprotester, an 1970 zu Massendemonstratioune géint ze héich Präisser, mat Doudegen a Verletzten e.a. zu Gdańsk an zu Szczecin. Enner dem Edward Gierek ass de Liewesstandard vun de Leit eropgaangen. Ma eng nei Deierecht huet no 1976 zu Streik a Protester geféiert. D'Resistenz huet sech am Ënnergrond forméiert.

D'Wal vum Krakauer Kardinol Karol Wojtyła zum Poopst (Jean-Paul II) 1978 a seng Rees a Polen 1979 hunn dem polnesche Vollek de Courage ginn, de kommunistische Regime aus den Aangelen ze hiewen. 1980 ass di fräi Gewerkschaft Solidarność ënner dem Lech Wałęsa an den Danzeger Werften entstan. Mat 10 Millioune Memberen huet Solidarność sech a ganz Polen ausgebreet. Am Summer 1980 huet de Regimm d'Zensur opgehuewen an d'Gewerkschaft toleréiert, en eemolege Virgank an de Warschauer-Pakt-Staaten.

Den 13. Dezember 1981 huet de Generol Wojciech Jaruzelski, warscheinlech op Drock vu Moskau, d'Krichsrecht dekretéiert: Solidarność gouf verbueden, ma huet am Ënnergrond an de Joren duerno weider funktionéiert. An den achtzeger Joren huet Polen eng schwéier Approvisionnementskris matgemaach. Et huet déi Zäit Convoiën mat Proviant an Hëllefsgidder aus dem Westen akzeptéiert. Dank dem sowjetesche President Michail Gorbatschow senger neier Aussepolitik, déi d'Brejnev-Doktrin fale gelooss huet, konnt Solidarność den Drock op de Regimm erhéijen. Am Juni 1989 koum et zu bal fräie Walen. D'Kommuniste goufe massiv ofgewielt. Nach virum Fall vun der Berliner Mauer gouf de kathoulesche Publizist Tadeusz Mazowiecki den éischten netkommunistesche Ministerpresident vu Polen no 1945. Den 31. Dezember 1989 ass di Drëtt Republik offiziell ausgeruff ginn.

Drëtt Republik (1990-) änneren

1990 huet Däitschland d'Westgrenz vu Polen definitiv unerkannt an huet duerno frëndschaftlech Bezéiungen opgebaut, och wann et heiansdo Spannunge mat den Heimatvertriebene gouf, déi eventuell Usproch op hir 1945 verluere Proprietéiten erhuewen hunn, oder wa Pole Reparatiounsfuerderungen an d'Diskussioun bruecht huet. Och d'Sowjetunioun, an zënter 1992 Russland hunn op Normaliséierung gesat. E wichtege Geste war d'Visitt vum Boris Jelzin, an d'Iwwerreechung vun de Katyndokumenter am Joer 1992.

1997 ass eng nei Verfassung duerch Referendum ugeholl ginn. Polen huet sech trotz sëllege Regierungsëmbildungen zu enger stabeler Demokratie mat enger relativ staarker Wirtschaft entwéckelt. Vill Leit hunn nawell d'Chance genotzt, fir an de Weste schaffen ze goen. Ëmmerhin ass d'Aarbechtslosegkeet no der Privatiséierung vu grousse Staatsbetriber duerch de Balcerowicz-Plang staark ropp gaangen. De Regimmwiessel hat och eng Hyperinflatioun mat sech bruecht, duerch déi Erspuernesser massiv geschrumpft sinn. 1999 ass Polen an d'NATO opgeholl ginn. D'Relatioune mat den USA, wou iwwregens vill Polen oder Leit vu polnescher Ofstamung wunnen, sinn an der Reegel frëndschaftlech. Am Juni 2003 hunn 73 % vun de Polen fir eng Memberschaft an der EU gestëmmt. Den 1. Mee 2004 ass Polen zesumme mat 9 anere Staaten an d'Europäesch Unioun opgeholl ginn. Allerdéngs ass d'Land der Eurozon net bäigetrueden. Aussepolitesch hu sech d'Relatiounen zu Russland vum President Putin ofgekillt. Mat den USA huet Polen eng grouss Solidaritéit nom Attentat vum 11. September 2001 gewisen. Et huet 2003 mat 2300 am Irak engagéiert Zaldoten zur „coalition oft he willing“ vum President George W. Bush gehéiert.

An der Innepolitik huet et vill Beweegung ginn. Ëmmer erëm hu sech nei Koalitiounen a Parteizesummeschlëss forméiert. Mam Aleksander Kwaśniewski, dee vun 1995 bis 2005 den Nofollger vum Lech Wałęsa ginn ass, haten déi fréier zu Demokrate gewandelt Kommunisten eng Rei Joren d'Soen. Duerno si si vu liberalen a konservative Kräften no an no iwwerdubbert ginn. 2005 huet déi national-konservativ PiS (Prawo i Sprawiedliwość, Recht a Gerechtegkeet) vun den Zwillingsbridder Jarosław a Lech Kaczyński d'Parlamentswale gewonnen. De Lech Kaczyński ass zum neie President gewielt ginn, an säi Brudder war Premierminister vun 2006 bis zu de virgezunnene Parlamentswale vun 2007, no deenen déi liberal Biergerplattform PO (Platform Obywatelska) ënner dem Donald Tusk als Premierminister de PiS erëm ofgeléist huet. Am Dezember 2014 gëtt den Tusk President vum Europäesche Rot.

An der Tëschenzäit ass den 10. Abrëll 2010 de President Lech Kaczyński a seng Fra Maria mat enger héichkaräteger Delegatioun bei Smolensk tragesch em d'Liewe komm, wéi se sollten de Massaker vu Katyń commemoréieren. De Bronisław Komorowski (PO) ass kuerz duerno géint de Jarosław Kaczyński zum neie President gewielt ginn. D'Parlamentswale vum 25. Oktober 2015 hunn dem PiS eng absolut Majoritéit am Sejm abruecht. Am August 2015 hat den Andrzej Duda vum PiS d'Presidentschaftswale géint de Komorowski gewonnen. De Jarosław Kaczyński ass zwar net Premierminister ginn, hie gëllt awer duerch seng Funktioun als Parteipresident als de staarke Mann vun der Regierung ënner de Premierministere Beata Szydło (2015-2017) a Mateusz Morawiecki (zënter Dezember 2017). D'Bezéiungen zur Europäescher Unioun hunn sech däitlech verschlechtert. D'EU werft der PiS-Regierung e.a. Verletzung vun der Rechtsstaatlechkeet vir, an huet mat politeschen a juristesche Konsequenze gedreet. D'Regierung hirersäits vertrëtt d'Konzept vun enger Unioun vu souveräne Staaten.

Bibliographie änneren

  • Dariusz Banaszak, Tomasz Biber, Maciej Leszczyński. Ilustrowane Dzieje Polski. Posiedlik, Raniowski, Stecki, Poznan, 1997.
  • Manfred Alexander Kleine Geschichte Polens. Reclam, Stuttgart, 2003.
  • Adam Zamoyski Poland. William Collins, London, 2009.
  • Norman Davies. God's Playground. A History of Poland. Vol. I and II . Columbia University Press, New York, 2005.