Alfred Dreyfus

franséischen Offizéier

Den Alfred Dreyfus, gebuer den 9. Oktober 1859 zu Mulhouse a gestuerwen den 12. Juli 1935 zu Paräis, war e franséischen Offizéier. Seng onjustifiéiert Verurteelung wéinst Landesverrot huet 1898 d'Dreyfus-Affär ausgeléist, déi Frankräich innepolitesch an eng déif Kris gestierzt huet.

Alfred Dreyfus
Gebuer 9. Oktober 1859
Mulhouse
Gestuerwen 12. Juli 1935
Paräis
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique,
École supérieure de guerre,
Lycée Chaptal
Aktivitéit Militär, Arméisoffizéier
Famill
Geschwëster Mathieu Dreyfus

Den Alfred Dreyfus war den néngten a jéngste Jong vun engem jiddeschen Textilentrepreneur. Nom Däitsch-Franséische Krich, wéi d'Elsass däitsch gouf, ass d'Famill op Paräis geplënnert. Hien huet 1878 den Opnamexame fir op d'École polytechnique gepackt a gouf Beruffsoffizéier als Artillerist. Duerno huet hien d'École supérieure de guerre gemaach a gouf zum État-majorsoffizéier ausgebilt.

Den 21. Abrëll 1890 huet hien d'Lucie Hadamard (1869–1945) bestuet, d'Duechter vun engem Diamantenhändler an d'Schwëster vum Mathematiker Jacques Salomon Hadamard. Si kruten zwee Kanner: de Pierre (1891–1946) an d'Jeanne (1893–1981).

1893 gouf den Dreyfus, deen an der Tëschenzäit zum Kapitän befërdert gi war, an den État-major versat.

D'Dreyfus-Affär änneren

Am September 1894 huet de franséischen Auslandsgeheimdéngscht (Deuxième Bureau) matkritt, datt en Informant am franséische Militär den Däitschen Insider-Informatiounen iwwer d'Artillerie zoukomme geloss hat. De Verdacht ass séier op den Artillerist Alfred Dreyfus gefall, deen als elsässesche Judd, well hie wéinst dem Begriefnes vu sengem Papp, dat Joer virdrun an d'Elsass gereest war, den "ideale Verdächtege" war. Hie gouf virun engem Militärgeriicht wéinst Landesverrot ugeklot an den 22. Dezember 1894 fir schëlleg gesprach an zu liewenslänglecher Verbannung an Haft verurteelt.Hie gouf de 5. Januar 1895 degradéiert an, nodeems d'Assemblée nationale deem den 31. Januar 1895 zougestëmmt hat, op d'Île du Diable an der Franséisch-Guayana geschéckt, wou e fënnef Joer ënner schwéiere Konditioune festgehale gouf.

D'Suitë vu senger Verurteelung waren Intrigen, Fälschungen, Ministeren déi zeréckgetruede sinn oder gestierzt goufen, weider Geriichtsprozesser, Krawaller, Attentater, e Versuch vun engem Staatsstreech (den 23. Februar 1899) an en ëmmer méi groussen Antisemitismus an Deeler vun der Populatioun. Se huet d'Press an d'ëffentlech Debatt jorelaang dominéiert an zu enger Polariséierung tëscht Pro- an Anti-Dreyfusarde gefouert, déi alt queesch duerch Famillje gaangen ass.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dreyfus-Affär.

1899 huet d'Kassatiounsgeriicht d'Uerteel vun 1894 opgehuewen an d'Affär zeréck un d'Krichsgeriicht zu Rennes verwisen. Den 30. Juni 1899 ass den Dreyfus zeréck a Frankräich komm. Am August krut hien nees de Prozess gemaach a gouf alt erëm schëlleg gesprach, krut seng Strof awer op 10 Joer Prisong erofgesat, wourophin e vum Staatspresident begnodegt gouf. Den Dreyfus huet dëst Urteel de 15. September akzeptéiert, wat vill vu senge Sympathisanten enttäuscht huet. Hien huet 1901 seng Erliefnesser ënner dem Titel Cinq années de ma vie 1894–1899 publizéiert.

1902 huet d'Gauche d'Wale gewonnen, a seng Affär gouf op en Neits revidiéiert. Den 12. Juli 1906 gouf d'Urteel vum Kassatiounsgeriicht opgehuewen an den Dreyfus fräigesprach a rehabilitéiert. E gouf nees an d'Arméi, als Majouer, opgeholl a krut d'Légion d'honneur. 1907 huet hie sech fréipensionéiere gelooss. Wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, huet hie sech nees an d'Arméi gemellt, wou en déi 4 Joer als Lieutenant-Colonel aktiv war.

Hien ass den 12. Juli 1935 zu Paräis un engem Häerzschlag gestuerwen a gouf um Kierfecht Montparnasse begruewen.

Literatur änneren

  • Vincent Duclert: Die Dreyfus-Affäre. Militärwahn, Republikfeindschaft, Judenhaß. Wagenbach, Berlin 1994.
  • Vincent Duclert: L'honneur d'un patriote. Fayard, Paris 2006.
  • Jean-Denis Bredin: L'Affaire. Paris, 1983.
  • Hannah Arendt: The Origins of Totalitarism. Harcourt Brace Jovanovich, New York 1951 (doran d'Kapitel I, Abschnitt 4).
  • Ruth Harris: The Man on Devil's Island - Alfred Dreyfus and the Affair that divided France. Penguin Books, London 2011, ISBN 978-0-141-01477-7.
  • Elke-Vera Kotowski, Julius H. Schoeps (Hrsg): J'accuse…! – …ich klage an!. Zur Affäre Dreyfus. ; Begleitkatalog zur Wanderaussstellung in Deutschland Mai bis November 2005 ; eine Dokumentation. Verlag für Berlin-Brandenburg, Potsdam 2005. ISBN 3-935035-76-4.
  • Louis Begley: Der Fall Dreyfus Teufelsinsel, Guantanamo, Alptraum der Geschichte. Suhrkamp, Frankfurt am Main 2009, ISBN 978-3-518-42062-1.
  • George R. Whyte: Die Dreyfus-Affäre. Die Macht des Vorurteils. Lang, Frankfurt am Main 2010, ISBN 978-3-631-60218-8.
  • Siegfried Thalheimer: Die Affäre Dreyfus. Dtv, München 1963.
  • Yvonne Domhardt: Alfred Dreyfus – Degradiert – Deportiert – Rehabilitiert. Hentrich und Hentrich Verlag, Teetz 2005, ISBN 3-933471-86-9.

Um Spaweck änneren

Commons: Alfred Dreyfus – Biller, Videoen oder Audiodateien