Moresnet oder Neutral-Moresnet (fr.:Moresnet neutre), war, tëscht 1816 an 1919, e just 3,44 km² groussen europäeschen Territoire, deen ongeféier 7 km südwestlech vun Oochen louch, südlech vum haitegen däitsch-Belsch-hollänneschen Dräilännereck um Vaalserberg. En ass entstanen, wéi Preisen an Holland sech net eenege konnten, wien e sollt kréien, a s'esou zesummen d'Kontroll driwwer geholl hunn.

Kaart vu Moresnet

Geschicht änneren

Um Wiener Kongress vun 1815 hunn dat nei geschaf Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden a Preise sech iwwer déi nei Grenz tëscht hiren Territoirë bal iwwerall konnten eens ginn, just net zu Moresnet. De Grond war eng Zénkgrouf, déi tëscht Moresnet am Westen an Neu-Moresnet am Oste louch. 1816 gouf e Kompromëss fonnt: Moresnet goung un Holland, Neu-Moresnet u Preisen, an d'Grouf, mam Duerf Kelmis (fr: La Calamine) gouf en neutralen Territoire dee vun deenen zwee Länner zesumme verwalt gouf. Am Ufank geschouch dat duerch zwéi Kinneklech Kommissären (ee pro Land), mä mat der Zäit krut den Territoire e gewëssenen Niveau vu Selbstbestëmmung; et gouf e Buergermeeschter (dee vun deenen zwéi Kommissären ernannt gouf) an 10 Conseilleren.

Wéi d'Belsch sech 1830 vun Holland ofgespléckt huet, gouf d'Duerf Moresnet Belsch an d'Belsch hunn d'Koadministratioun iwwerholl (ouni datt dat vun Holland formell unerkannt gi wier).

D'Zénkgrouf war den Haaptemployeur a Moresnet, wou déi ganz Zäit iwwer net méi wéi 3.000 Leit gelieft hunn. Si hu vun niddrege Steiere profitéiert a konnte sech eraussichen, ënner wat fir enger Juridiktioun se wollte geriicht ginn, oder a wat fir enger Arméi se hire Militärdéngscht leeschte wollten.

1885 war den Zénk an der Grouf sou wäit ofgebaut, an et gouf Projeten, op aner Aart a Weis Suen eranzekréien. Et gouf Pläng vun engem Casino oder vun eegenen Timberen; den Dokter Wilhelm Molly huet proposéiert, aus Moresnet deen éischte Staat ze maachen, deen Esperanto als offiziell Sprooch hätt, an deen hätt sollen Amikejo (Plaz vun der Frëndschaft) heeschen. All dës Pläng sinn awer näischt ginn.

Vun 1900 un huet Preisen ugefaangen, mat administrative Schikanen a Sabotagen Drock op d'Belsch ze maachen, datt se Moresnet sollt hierginn. Am Éischte Weltkrich, 1915, gouf Moresnet un Däitschland annexéiert, mä schonn 1919, mam Traité vu Versailles gouf Moresnet, mam Duerf Neu-Moresnet, un d'Belsch ugeschloss. 1940, am Zweete Weltkrich, gouf et nees vum Hitler-Däitschland annexéiert, mä 1945 un d'Belsch zeréckginn.

Haut gehéiert den Territoire zur Gemeng Kelmis.

Literatur änneren

  • Dröge, Philip, Niemands Land - Die unglaubliche Geschichte von Moresnet, einem Ort, den es eigentlich gar nicht geben durfte; München-Berlin-Zürich (Piper Verlag), 2017. Aus dem Nidderlänneschen op Däitsch vum Christiane Burkhardt iwwersat.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Moresnet – Biller, Videoen oder Audiodateien