Fort Parkhöhe

detachéiert Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg

De Fort Parkhöhe (fr.: Fort de la Hauteur du Parc) war en detachéiert Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg, dat op der Héicht ëstlech vun der Stad tëscht dem Kierchbierg (Fort Thüngen) an dem Zens (Fort Dumoulin) louch. Et gouf vun 1864 bis 1865 gebaut a schonn 1867 erëm geschleeft. Um fréieren Terrain vum Fort ass zanter 1970 de Seminaire vum Äerzbistum Lëtzebuerg. De Fort krut den Numm, well op där Plaz de Grof Péiter Ernest vu Mansfeld am 16. Joerhonnert säin Déierepark uleeë gelooss hat.

Fort Parkhöhe
Iwwerreschter vum Fort um Seminairesbierg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'59,33"N, 6°8'44,45"O
Datum vum Bau 1864
Ofgerappt oder zerstéiert 1875

Baugeschicht

änneren

D'Héicht läit ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg iwwer dem Staddeel Clausen, südlech leien d'Neiduerf an den Zens an nërdlech de Kierchbierg. Den Areal huet dem Helleg-Geescht Klouschter aus der Stad Lëtzebuerg gehéiert a war un d'Par Weimeschhaff ugegliddert.

Déi eigentlech Baugeschicht vun der Héicht fänkt 1563 un, wéi de Grof Mansfeld am Dall ënner der Héicht, nieft der Uelzecht, d'Schlass „La Fontaine“ baue gelooss huet, dat sougenannt „Mansfeldschlass“. Dat Schlass krut nieft engem Park och nach en Déieregaart, deen op der Héicht iwwer dem Schlass ugeluecht gouf. Dofir goufe 1572 100 Muerge Land vum Helleg-Geescht Klouschter an de Beréng vum Schlass incorporéiert. Nach haut gëtt et eng Plack um Terrain vum Seminaire, déi op d'Existenz vum Mansfeld sengem Déierepark hiweist.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mansfeldschlass.

Och nom Verfall vum Schlass huet d'Plaz den Numm „Hauteur du Parc“ behalen, wéi op enger, no 1684 entstanener, franséischer Kaart vun der Stad ze gesinn ass. Nom Verfall vum Déieregaart sollt awer näischt méi um Site gebaut ginn, wéi d'Kaart vu 1684, an och de „Plan-relief“ vun 1805 beweisen. De Site gouf also net an d'Festung mat agebonnen, a schéngt och bis an d'19. Joerhonnert fir Belagerungen net vu groussem Interessi gewiescht ze sinn.

1858 gouf dunn decidéiert, um Site e Friddenspolvermagaséng ze baue fir dat Polver ze stockéiere wat bis dee Moment am Fort Rubamprez stockéiert gi war[1]. Gläichzäiteg gouf et néideg, wéinst der Entwécklung bei der Artillerie, och dës Héicht ze befestegen an de Sputt tëscht de Forten Thüngen an Dumoulin zou ze maachen. Den Terrain huet dem Stater Bierger Dr. P.C. Würth gehéiert, deen doropshin enteegent an entschiedegt gouf. Dat éischt Wierk war gréisstendeels aus Buedem gebaut an duerch eng befestegt Mauer mam Fort Thüngen verbonnen.

Ufanks der 1860er Joren huet d'Stadverwaltung de Wonsch geäussert, datt Clausen, de Pafendall an de Gronn sollte vun de Rayon-Bestëmmunge befreit ginn, duerch déi baulech Verännerunge strengstens gereegelt waren[2]. An de Joren 1864 bis 1865, also kuerz virum Schleefe vun der Festung, gouf dofir ënner preisescher Besatzung op dem Site e Fort gebaut deen den Numm vum Lieu-dit krut a Parkhöhe genannt gouf.

De Fort bestoung aus engem staark befestegten, bommeséchere Friddenspolvermagaséng an „T“-Form als Reduit. Virum Reduit war eng Enveloppe, déi de Plateau no Osten zougemaach huet. De Gruef virun der Enveloppe war duerch eng Caponnière an der Spëtzt geséchert. Zu béide Säite vun der Enveloppe goufen zousätzlech Maueren ugeluecht fir d'Kehl vum Fort zu de Flanken hin ze decken.

Zu den Aarbechten huet gehéiert, datt d'Fielsen escarpéiert goufen, dat heescht, mat Mauerwierk goufen Nischen oder Iwwerhäng, déi Deckung gebueden hätten, zougemaach oder ofgesprengt an et goufe Stëtzmauere gebaut fir den Terrain ze stabiliséieren. Déi isoléiert an héich Lag vum Fort huet et néideg gemaach, datt een e géien an enke Wee huet missen huelen, wann ee bannent der Festung an de Fort wollt kommen. Fir déi grouss Artilleriepiècen ze transportéieren huet d'Festung misse verlooss gi fir iwwer e groussen Ëmwee an de Fort ze kommen.

Militäresch Funktioun

änneren

De Fort Parkhöhe sollt, zesumme mam Fort Thüngen an dem Fort Obergrünewald, den Accès an d'Stad iwwer de Kierchbierger Plateau verdeedegen a verhënneren, datt e Géigner kéint an de Pafendall kommen[3]. Zu deem Zweck war tëscht dem Fort Parkhöhe an de Kierchbierger Befestegungen e befestegten Tuerm gebaut ginn, de Malakoff-Tuerm. No Süden hin huet d'Mansfeldspaart/Neiduerfspaart den Accès a Clausen gespaart, an um Hiwwel vis-à-vis louch de Fort Dumoulin. Dës béid Forten hunn den Accès op de Plateau Zens an an d'Neiduerf blockéiert.

D'Schleefen a weidert Benotzen

änneren

De Fort gouf an 3 Etappe geschleeft. An den éischte Jore goufe keng Aarbechte gemaach, well d'Ëffnung vun der Uewerstad als méi wichteg gegollt huet. Eng éischt Kéier goufen 1870, ënner dem Afloss vum Franséisch-Preisesche Krich, d'Grief zougeschott. Am Wanter 1874/1875 gouf de Reduit ofgebrach, an no der Visitt vun enger däitsch-franséischer Schleefungskommissioun 1881 goufe weider Kasematten a Mauerdeeler zerstéiert. Ufank der 1870er Jore gouf een Deel vum Terrain vum Stater Bierger Dr. Louis Würth kaaft, deen do e Summerhaus baue gelooss huet. Schonn 1875 ass dunn den, am Volleksmond „Würthsgaart“ genannten Terrain un d'Baarmhäerzeg Bridder verkaaft ginn, déi dee ganzen Areal Stéck fir Stéck opkaaft an e Park ugeluecht hunn; déi Gäert déi ronderëm bestounge konnte bestoe bleiwen. Duerch den neie Besëtzer huet de Park séier den Numm „Seminairesgaart“ kritt[4][5].

 
Statu vum hellege Jousef um hënneschten Deel vum Plateau

1888 gouf um hënneschten Deel vum Plateau eng Statu vum hellege Jousef ageweit, déi vum hollännesche Sculpteur Jean Theodore Stracké[5],[6] entworf gi war. Se steet op engem neogotesche Sockel vum Dikrecher Architekt Jean-Pierre Knepper.

1970-1973 gouf dunn am Park den neie Priisterseminaire „Centre Jean XXIII“ gebaut. Iwwerreschter vum Reduit goufen 1970 beim Bau vum Seminaire erëm fonnt[7]. Vun der rietser Flank bestinn nach d'Grondmaueren, déi de Plateau zur Neiduerfer Säit hi stäipen a fräileeën.

Referenzen

änneren
  1. Bruns, André.
  2. Sämtlech Verännerungen un der Héicht vum Terrain, de Bau vu Waasseranlagen, de Bau vu Parks oder d'Planze vu Beem, wéi och de Bau oder d'Modificatioun vu Gebaier vun enger gewësser Héicht un hu missen deene Bestëmmungen no bannent engem gewësse Rayon ronderëm d'Festungswierker genehmegt ginn. Et ass dobäi haaptsächlech drëms gaangen, datt e Géigner, deen a sou e Rayon agedronge war, weeder Deckung nach Ressourcen hat fir sech do festzesetzen. Kuckt och §13, §15 a §17 am Gesetz vum 21. Dezember 1871: Gesetz, betreffend die Beschränkungen des Grundeigenthums in der Umgebung von Festungen
  3. (fr)Rapport vun der Kulturkommissioun iwwer de Projet de loi No 6701/1 relatif aux mesures d'achèvement - du Musée de la Forteresse de Luxembourg dans le réduit du Fort Thüngen, et - de la mise e valeur de certaines parties de la forteresse du Luxembourg (sic!)vum 7. Dezember 2009.
  4. (de) Koltz, Jean-Pierre. Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg. Band 2: Beschreibung und Schleifung der Festungswerke. Lëtzebuerg: Victor Bück (1946). S 96.
  5. 5,0 5,1 (de) Schmitt, Michel. Der „Seminärsberg“ auf Weimershof. An: Ons Stad 46 (1994). S 3.
  6. De Stracké huet och de Grafstee vum Bëschof Adames an der Glaciskapell entworf. Dem Robert Philippart no (am Artikel „Marché ouvert, production industrielle, quelle part pour l'artisanat?“, Ons Stad 111 (2016), S. 14-19) handelt et sech dobäi em de Sculpteur Jean Theodore Stracké (1817-1891).
  7. Ibid.
  Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
 

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen