Dormans

franséisch Gemeng

Dormans ass eng franséisch Gemeng am Departement Marne an der Regioun Grand Est.

Dormans
D'Schlass vun Dormans

D'Schlass vun Dormans
D'Schlass vun Dormans
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Épernay
Kanton Dormans-Paysages de Champagne
Postcode 51700
Gemengecode 51217
Koordinaten 49° 04’ 38’’ N
      03° 38’ 25’’ O
Fläch  2 258 ha
Bevëlkerung  2 919 (2018)

Geographie änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Geschicht änneren

...

 
Schëld vun der Rue de Dormans an der Stad Lëtzebuerg

Dormans war am Éischte Weltkrich bei der Marne-Schluecht uerg zerstéiert ginn. D'Stad Lëtzebuerg huet sech de 14. August 1920 bereet erkläert, 45.000 Frang - ee Frang op de Kapp vu der Stater Bevëlkerung fir den Nees-Opbau ze spenden. De Gemengerot vun Dormans huet doropshin am Dezember 1920 d'Haaptplaz an der Uertschaft a Place de Luxembourg ëmgenannt. De 7. Mee 1922 war och e Vertrieder vun der Stater Gemeng - de Schäffen Dr. Razen - op Dormans invitéiert, wou e Monument aux morts ageweit gouf[1].

An der Stad Lëtzebuerg gëtt et eng Strooss vum Lampertsbierg erof an de Rollengergronn, déi Rue de Dormans heescht[2].

Um Spaweck änneren

Commons: Dormans – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Jean Ensch: "Le don de la Ville de Luxembourg à la ville de Dormans." ons stad Nr. 123, 2021, S.33-35.
  2. Decisioun vum Gemengerot vum 14. Juli 1930.