Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Pangea oder Pangaea (griich.: Pan-Gaea - ganz Äerd) war dee leschte globale Superkontinent vun der Äerdgeschicht.

Kaart vum Pangea

D'Landmass vun der Äerd huet virun 255 Millioune Joer vun engem Pol zum aneren een eenzegen Äerddeel gebilt. De geneeë Verlaf vun der Küst ass allerdéngs net bekannt, geneesou wéineg wéi d'Lag an d'Gréisst vun de Séien an de Bannemierer.

Pangea, de Superkontinent vun der Urzäit, huet bal dat ganzt Festland vun der Äerd an enger eenzeger gewalteger Landmass vereent, déi sech vum Nord- bis zum Südpol erstreckt huet. De Panthalassa war den Ozean dee ronderëm dëse Kontinent war an de ganze Planéit emspaant hat.

D'Landschaft vum Superkontinent war villfälteg an d'Period vum Pangea, déi ronn 110 Millioune Joer gedauert huet, war den Iwwergank tëscht zwéin Äerdzäitalteren: dem Äerdaltertum an dem Äerdmëttelalter.

Um Spaweck änneren

Commons: Pangea – Biller, Videoen oder Audiodateien