De Jacques Mangers, gebuer den 18. Mäerz 1889 zu Stolzebuerg a gestuerwen de 7. Januar 1972[1], war e lëtzebuergesche Maristepater.

Jacques Mangers
Gebuer 18. Mäerz 1889
Stolzebuerg
Gestuerwen 7. Januar 1972
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof
Monument zu Stolzebuerg

De Jacques Mangers huet an der Kongregatiounsschoul vun de Maristepateren zu Differt studéiert. Duerno huet hie Philosophie zu Paräis studéiert. Duerno ass hien op Roum gaange wou hie säi Studium weidergefouert huet bis zum Dr. an der Theologie.

De Jacques Mangers ass den 3. Abrëll 1920 zu Roum zum Geeschtleche geweit ginn. 1925 gouf hien a Norwegen geschéckt, do war hie Paschtouer an der Par vum Hl. Pol zu Bergen.

1932 gouf hien apostolesche Vikar an 1953 Bëschof vun Oslo (Norwegen).

Hie gouf 1932 Titularbëschof vu Selia an 1964 vun Afufenia.

Ërennerungen zu Stolzebuerg änneren

  • Den 20. Mäerz 1955 gouf déi kleng Klack vun der Kierch zu Éiere vum Jacques Mangers dem hellege Jakobus gewidmet an dréit follgend Opschrëft[2]:
IACOBI – APOSTOLI
PRAESIDIIS – FVGIAT – NOX
FIAT – VNVS – EPISCOPVS – AC – VNVM – OVILE
  • E Monument zu Éiere vum Jacques Mangers gouf zu Stolzebuerg opgestallt[3] mat follgender Opschrëft:
A LA MEMOIRE DE
MONSEIGNEUR
DR JACQUES MANGERS
EVEQUE D'OSLO
NE A STOLZEMBOURG
*1899 †1972

Referenzen änneren

  1. De Jacques Mangers gouf um Kierfecht zu Biissen begruewen.
  2. cf. Kugener, Léon, 1955. Renovierung der Kirche: Einweihung der Pfarrkirche von Stolzemburg am 12.9.1955: S. 36.
    cf. S. 18 in Donckel, Emile, 1964. Sankt Jakobus der Ältere in Luxemburg. Kult und Brauchtum im Luxemburger Raum. Sonderdruck aus de Blättern der AGML. 28 S. Sankt-Paulus-Druckerei AG, Luxemburg.
  3. Hei misste weider Detailer erfuerscht an agedroe ginn: wou, wéini... Bei der Foto sti keng Détailer.