Fontaine Montefiore ass den Numm vun enger zéng Bueren zu Léck déi d'Hortense Montefiore-Bischoffsheim, déi d'Fra vum Georges Montefiore-Levy, a Schlasshärin um Rond-Chêne zu Esneux war, der Stad Léck geschenkt hat, an zwar 10 Stéck 1888, an nach eng Kéier 10 dräi Joer duerno.

De Buer am Quartier En Neuvice

Hautdesdaags steet nach knapps d'Hallschent dovun. Déi bekanntst dovu sinn, de Buer den op der Place du Roi Albert, haut Place de la Cathédrale, oder wéi déi Lécker soen, Place Cathédrale, opgeriicht gouf, an deen op der klenger Plaz fir an de Quartier En Neuvice ze kommen.

D'Buere bestinn aus zwéi Basengen, en ënneschten, am Hasteen, praktesch gläich dem Buedem, dee fir kleng Déiere geduecht war, besonnesch Hënn déi déi Zäit agespaant goufe fir Weenercher ze zéien, an den iweschte op enger Héicht vu ronn engem Meter. Den ieweschte Baseng ass aus Bronze, an e steet op enger Sail déi vum Buedem aus duerch d'Mëtt vum Baseng geet, bis op eng Héicht vu ronn dräi Meter. De Baseng ass ronn, an huet en Duerchmiesser vun ongeféier annerhallwem Meter, an ass ongeféier 20 cm déif. Um ieweschte Bord ass baussen eng Schrëft mat agegoss, wou ze liesen ass: FONTAINE ABREUVOIR MONTEFIORE BISCHOFFSHEIM 1888.

Uewen op der Sail war op all Buer eng Skulptur vun enger Waasserdréiesch. No Informatioun vum Office du Tourisme vu Léck, ass nach just op engem Buer déi Skulptur erhale bliwwen, an zwar op deem vun En Neuvice.

D'Skulptur vun der Waasserdréiesch vun no gesinn, Skulptur vum Léopold Harzé (Léck 1831-1893).