D'Spuenesch Tiermercher sinn Tourellë vun der Festung Lëtzebuerg. Sou en Tuerm sollt et enger Wuecht erméiglechen, viru Wand a Reen geschützt déi baussenzeg Deeler vun der Festung z'iwwerwaachen a sou Spiounen oder Deserteuren z'entdecken.

Spueneschen Tiermchen an der Montée de Pfaffenthal, mat Vue op de Pafendall, Clausen an de Kierchbierg.

Ursprong vum Numm

änneren

Den Ursprong vum Numm Spueneschen Tiermchen ass net eendeiteg gekläert.

Eng éischt Referenz op den Numm fënnt een an engem Schreiwes vum 16. Abrëll 1875 vun der Section historique vum Institut grand-ducal un den deemolege Staatsminister Félix de Blochausen. Dodra gëtt gefrot, datt verschidden Deeler vun der Festung net solle geschleeft ginn, an datt ë. a. zwéi Spuenesch Tiermercher aus historesche Grënn sollen erhale bleiwen[1]. De Begrëff espagnol gëtt awer am selwechten Dokument och fir déi zwéin Tierm am Agank vum Pafendall (Eecher Paart a Sichepaart) gebraucht, obwuel et beluecht ass, datt déi op d'Pläng vum Vauban zeréckginn.

Eng Erklärung fir den Numm zu Lëtzebuerg ass déi, datt d'Tierm zur Zäit vun de Spuenier zu Lëtzebuerg gebaut goufen. Déi Behaaptung steet awer och op wackelege Féiss, well an der däitscher Fachliteratur[2] vu Postenerker, Walltürmchen, Sentinelle, Eskarpenerker an awer och vu spanische Türmchen riets geet, ouni datt awer méi am Detail op den Ursprong vum Numm agaange gëtt.

A Frankräich gi sou Tiermercher échauguettes (espagnoles) genannt oder, wéinst hirer Form, poivrière (Pefferbécks).

D'Tiermercher

änneren

Wéi vill där Tiermercher et genee gouf, ass net méi festzestellen. Op Grond vun enger graffer Analys vu publizéierten historesche Pläng a Fotoen (1700-1867) engersäits a vu kënschtlereschen Duerstellungen (1684-1814) anersäits kann een awer dovun ausgoen, datt et bis zu 43 sou Tiermercher an der Stad gouf, wat awer net historesch bewisen ass.

Déi néng, déi een haut nach gesi kann, hunn alleguer en neizäitlechen Daach kritt an e puer vun hinne si ganz nei opgebaut ginn, wat een dorun erkenne kann, datt se mat klenge Steng gebaut sinn an d'Entrée feelt.

Lëscht vun den Tiermercher déi haut nach bestinn

änneren
Nr Standuert riets/lénks vun der Uelzecht datéiert Koordinaten Foto
1 Virsprong vun der lénkser Hallefbastioun vum Fort Niedergrünewald (Krounwierk) riets 1684-1685 49° 37’ 02.4’’ N 06° 07’ 59.6’’ O  
2 Virsprong vun der rietser Hallefbastioun vum Fort Obergrünewald (Hornwierk) riets 1684-1685 49° 36’ 53.8’’ N 06° 08’ 17.8’’ O  
3 Hannert der Kiel vun der rietser Hallefbastioun vum Fort Obergrünewald riets 1684-1685? 49° 36’ 51.8’’ N 06° 08’ 15.7’’ O  
4 Ënnescht Plattform vum Ravelin Dräi Dauwen (Boulevard Jean Ulveling) lénks 1640 49° 36’ 48.9’’ N 06° 07’ 56.3’’ O  
5 Nieft den Dräi Tierm (Boulevard Victor Thorn) lénks 1671 49° 36’ 45.6’’ N 06° 08’ 01.3’’ O  
6 Virsprong an der Mëtt vum ënneschte Rempart, lénks vum Bock an tëscht den Dräi Tierm an dem Bastioun vum Schlass (Boulevard Victor Thorn) lénks 1671 49° 36’ 43.7’’ N 06° 08’ 04.6’’ O  
7 Rumm, süd-westlech vum Orth-Tuerm[3] riets 1860 49° 36’ 31.6’’ N 06° 08’ 23.5’’ O  
8 Kiel vum Fort Verluerekascht (Accès vum Boulevard d'Avranches) lénks 1829-1830? 49° 36’ 25.2’’ N 06° 08’ 16.2’’ O  
9 Virsprong vun der rietser Hallefbastioun vum Fort Verluerekascht (Hornwierk) (Eck rue du Laboratoire / Boulevard d'Avranches) lénks 1684-1685 49° 36’ 22.0’’ N 06° 08’ 16.9’’ O  

D'Nummere bezéie sech op d'Positioun vun den Tiermercher, vun Norden a Richtung Süde gekuckt.

Detailer zu verschiddenen Tiermercher

änneren
  • D'Tiermercher 1 bis 6 an 9 hunn déi selwecht Gréisst an zylindresch Form, d'Tiermercher 7 an 8 dogéint hunn eng sechseckeg Form a sinn aus der Zäit vun der preisescher Garnisoun;
  • Nummer 1 bis 6 schéngen - op d'mannst nach deelweis - aus hirem historesche Mauerwierk ze bestoen, d. h. aus grousse Steng, déi méiglecherweis ouni Speis zesummegesat waren;
  • Nummer 7 hat héchstwahrscheinlech zwéi Stäck[3];
  • Den Tiermchen 9 gouf zum Enn vum leschte Joerhonnert mat klenge Steng bal komplett nei gebaut;
  • Den Tuerm 1 gouf an der Nuecht op de 5. Oktober 1941, also kuerz virun der Personenstandsaufnahme am vun Nazidäitschland besate Lëtzebuerg rout-wäiss-blo ugestrach. Den Hubert Baumgarten aus dem Pafendall gouf der Dot beschëllegt a verhaft. Hien ass 1943 am KZ Dachau gestuerwen.
  • Den LCTO hat 1994 e Logo agefouert, op deem e spueneschen Tiermchen duergestallt war.[4]

Literatur

änneren
  • Bruns, A. 2001. „Spuenesch Tiermercher“. Die Postenerker der früheren Festung Luxemburg. S. 107-136 in: Fanfare grand-ducale de Clausen - Livre d'or du 150e anniversaire 1851-2001. 327 S. Imprimerie Saint Paul SA. ISBN 2-87996-941-7. PDF

Quell wou net anescht uginn: Bruns 2001 an der Literatur.

Um Spaweck

änneren
Commons: Spuenesch Tiermercher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. „La société [Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg] (...) croirait manquer au but de sa mission patriotique si elle n'appelait pas l'attention du Gouvernement sur l'intérêt qu'il y aurait de ne pas procéder à la démolition (...) des échauguettes espagnoles qui flanquent les avant-becs des ouvrages à la descente de Pfaffenthal“
  2. „Festungen: der Wehrbau nach Einführung der Feuerwaffen: systematisches Fachwörterbuch“, 1990, ISBN 3-598-10806-0
  3. 3,0 3,1 Nëmmen nach deelweis erhalen; just de Sockel besteet nach.
  4. Cf. Bruns 2001: 107 an der Literatur.