De Pantone Matching System, ofgekierzt "PMS", ass den Numm vun engem Faarfsystem deen haaptsächlech an der Graphikindustrie an am Dréckereiwiese gebraucht gëtt. Dee reglementéierte System gouf vu "Pantone Inc." entwéckelt, enger Entreprise déi hire Sëtz zu Carlstadt am US-amerikanesche Bundesstaat New Jersey huet.

De Pantone Matching System

De Pantone-Faarfsystem begräift Faarftéin déi sech eendeiteg bestëmme loossen, wat mat sech bréngt, datt mat Hëllef vun de Pantone-Nummeren op der ganzer Welt mat genee definéierte Faarftéin ka geschafft ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Pantone – Biller, Videoen oder Audiodateien