Radio Luxemburg (Film)

Film

Radio Luxemburg ass e schweedesche Kuerzfilm vum Magnus Johnasson aus dem Joer 2010.

Radio Luxemburg
Film
Produktiounsland Schweden
Produktiounsjoer 2010
Originalsprooch Schweedesch
Ekipp
Regie Magnus Johansson
Dréibuch Magnus Johansson, Anna Berg
Fotografie Christian Berg
Produzent JR Entertainment AB,
Frameville HB
Schauspiller
Karolina Wedin
Mikael Göransson
Per Flygare
Jesper Bark
Ola Björkman
Sofia Zouagui
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Am Summer 1959 kënnt e jonkt Meedchen aus der Stad an e klengt Duerf a bréngt modern Musek a Form vun enger Plack vum Bill Haley mat. Néierens ass e Plackespiller opzedreiwen, mä hatt gëtt gewuer, datt Radio Luxembourg dee ganzen Dag géif där Musek spillen. Fir kënnen e Radio ze kafen, iwwerhëlt et mat sengem Koséng d'Projectioune vum Duerfkino. Déi kréien e gellege Succès, nodeem se déi Filmer virféieren, déi s'an engem zougespaarte Schaf fonnt haten. De Paschtouer, deem d'Leit op eemol beim Nomëttestéi am Parhaus fortbleiwen, geet der Saach op de Fong...

Um Spaweck änneren