Schlass Bierg

Schlass a groussherzoglech Residenz zu Colmer-Bierg

D'Schlass Bierg steet zu Bierg an der Gemeng Colmer-Bierg. Et ass déi groussherzoglech Residenz.

Schlass Bierg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Colmer-Bierg
Plaz Bierg
Koordinaten 49°48'51,1"N, 6°5'12,8"O
Architekt(en) Max Ostenrieder
Datum vum Bau 1911
Proprietär Lëtzebuerger Staat
D'Schlass Bierg (2008).
Bierg mam Schlass. Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez (1834).
Dat neogotescht Schlass.

D'Schlass gehéiert zanter 1934 dem Lëtzebuerger Staat, deen et zanterhier dem Groussherzog als Residenz zur Verfügung stellt.

Gebaier

Op der Plaz vum haitege Schlass stounge follgend Gebaier, vun deene keng bis wéineg Spuere méi ze fanne sinn[1]:

  • eng éischt Buerg am 14. Joerhonnert;
  • e barocken Neibau am 18. Jh.;
  • e gréissert, neogotescht Schlass ëm 1850-1879.
  • Eréischt 1907-1911 gëtt dat haitegt Schlass opgeriicht, vun deene virege Gebaier bleiwen nëmme ganz wéineg Elementer erhalen. Imposant ass virun allem dee 65m héijen Haapttuerm.

Geschicht

Déi éischt Kéier, wou vun engem Här vu Berghe rieds goung, war 1311. D'Schlass Bierg huet an de Joerhonnerten duerno ëmmer nees de Proprietär gewiesselt. 1845 huet de Barong du Pasquier et dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. zesumme mat der Colmer Schmelz verkaaft. 1848 huet d'Lëtzebuerger Constitutioun d'Schlass Bierg als Residenz vum Groussherzog vu Lëtzebuerg festgeluecht.

Ënner dem Wëllem III. gouf d'Schlass am neogotesche Stil ëmgebaut. 1891 ass d'Schlass an de Besëtz vum neie Groussherzog Adolphe iwwergaangen, a säi Jong, den Ierfgroussherzog Wëllem, ass do erageplënnert. 5 vu senge 6 Duechtere sinn do op d'Welt komm. Wéi en als Wëllem IV. op den Troun koum, huet hien dat aalt Schlass ofrappen an en neit baue gelooss. Den Architekt war de Münchener Max Ostenrieder, an d'Aarbechte goufen tëscht 1907 an 1911 ënner der Opsiicht vum Pierre Funck ausgefouert. De Bau war den 9. September 1911 fäerdeg.

D'Groussherzoginne Marie-Adélaïde a Charlotte haten do hir Residenz. 1934 huet de Staat d'Schlass opkaaft, fir et direkt nees der Groussherzogin als Residenz zur Verfügung ze stellen.

An der Zäit vun der däitscher Besatzung gouf tëscht 1941 an 1944 am Schlass eng "Napola", d. h. eng Elitteschoul fir Meedercher bedriwwen. Dobäi gouf villes ëmgebaut an déi meescht Konschtwierker a Miwwele sinn an där Zäit verschwonnen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationalpolitische Erziehungsanstalt Kolmar-Berg.

Nom Krich hunn d'Renovatiounsaarbechten laang gedauert an d'Grande-Duchesse Charlotte ass an d'Schlass Fëschbech wunne gaangen. Eréischt 1964, wéi hire Jong Jean Groussherzog gouf, huet hie mat Fra a Kanner säi Wunnsëtz vum Schlass Betzder an d'Schlass Bierg verluecht.

Och säi Jong Henri huet do, nodeems en 2000 Groussherzog gouf, an no Renovéierungsaarbechten, zanter 2002 mat senger Famill seng Residenz.

Am Schlass ass d'Lëtzebuerger Haffbibliothéik, déi aus enger 30.000 Bicher besteet.

Literatur

  • Anonym, 1912. Schloss Colmar-Berg. Der Profanbau H. 5: 111-132. Leipzig.
  • Frising, Fränz, 1965. Schloss Berg im Wandel der Zeiten. S. 9-24 in: Colmar-Berg: was einst war und sich immer neu gestaltet. Luxemburg.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1978. Schloss Berg an der Attert. Heimat und Mission Jg. 52, n° 1/2: 4-6. Clairefontaine.
  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute: ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder] Luxembourg: RTL Édition, 271 p.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Schlass Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Cf. Krantz & Quintus 1984: 145-146 an der Literatur.