D'Stadhaus vun Ettelbréck ass de Sëtz vun der Gemengeverwaltung vun der Stad Ettelbréck. Et steet do op der Stadhausplaz.

Stadhaus Ettelbréck
Land Lëtzebuerg
Gemeng Ettelbréck
Plaz Ettelbréck
Adress Place de l'hôtel de ville
9087 - Ettelbréck
Koordinaten 49° 50’ 46.3’’ N
      06° 05’ 59’’ O
Architekt(en) Sosthène Weis
Statut kommunal geschützt
Datum vum Bau 1906-1907
Proprietär Gemeng Ettelbréck

Geschicht änneren

Vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert bis uganks vum 20. war d'Stadhaus an der aler Parkierch. Well déi delabréiert an ze kleng war, huet de Gemengerot den 12. Abrëll 1905 decidéiert, s'ofzerappen an en neit Gebai, mat drun ugebaut enger Post, opriichten ze loossen. De Budget louch bei 120.000 Frang, als Architekt gouf de Sosthène Weis erausgesicht. D'Aarbechten hunn am Fréijoer 1906 ugefaangen, nodeems dat aalt Gebai ofgedroen, d'Steng versteet a Schanken, déi fonnt goufen, op de Kierfecht bruecht gi waren.[1]

D'Gebai gouf den 21. August 1907, wéi Ettelbréck zur Stad ernannt gouf, ageweit. 1937 gouf d'Postannex, an déi an der Tëschenzäit d'Gendarmerie erageplënnert war, fir d'Gemengeverwaltung mat bäi geholl. 1963 huet d'Administratioun sech op dat fréiert Parhaus vu 1726, dat dernieft steet, ausgebreet. 2011 gouf e Verbindungsbau mat enger Fassad aus Glas, an deem e Lift ass, tëscht déi zwéi Gebaier gebaut, an deem och d'Biergeramt ass. Vun 2020 u ginn de Sëtzungssall, an dono de Festsall, renovéiert.[1]

Beschreiwung änneren

D'Ettelbrécker Stadhaus ass an engem historizistesche Stil, ganz aus Naturstee gebaut. D'Skulpturen um Portal an op verschiddene Giewele bausse si vum François Walther, de Wopen an der Fassad vun engem belsche Sculpteur.[1]

Am Sëtzungssall si Fënstere mat Glasmolereie vum Gustave Zanter, déi 1980 do fir den 200. Anniversaire vun der Bewëllegung vum Maartrecht duerch d'Maria Theresia vun Éisträich do agebaut goufen. De Festsall huet e verwëllefte Plaffong an eng Ronnbou-Fënster.[1]

D'Fënstere vun 1980 änneren

D'Glasmolereie vum Gustave Zanter weisen Zeenen aus der Geschicht vun Ettelbréck: D'Feierkatastroph vu 1778, de Klëppelkrich vu 1794, d'Schëfffaart an de Bau vun der Eisebunn, déi éischt Opféierung vun der Lëtzebuerger Nationalhymn Ons Heemecht, d'Stadrecht 1907, sou wéi den Éischten an den Zweete Weltkrich.[1]

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mairie d'Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Arlette Schmit-Thierling: "Rathaus-Geschichten: Ettelbrück." wort.lu, 04.01.2021.