Den hellege Fiakrius staamt aus Irland.
Obwuel hien am siwente Joerhonnert gelieft soll hunn, gëtt säin Numm eréischt 1170 an iresche Martyrologien ernimmt. Nodeem hien aus Irland fortgaange war, goung en a Frankräich an huet do d'Klouschter Breuil mat engem Spidol gegrënnt. Doraus huet sech mat der Zäit d'Uertschaft Saint-Fiacre-en-Brie am Departement Seine-et-Marne entwéckelt.

Statu vum hellege Fiakrus an der Méchelskierch zu Buerschent.

Den Numm an aner Sproochen

änneren
Däitsch: Fiakrius
Franséisch: Fiacre, Varianten: Fèfre oder Fèvre
Italieenesch: Fiacrio
Latäin:Fiacrus

Patréiner

änneren

Den hellege Fiakrius ass de Patréiner vun de Gäertner, den Taxichaufferen an de Koloproktologen.

Literatur

änneren
  • Anne Wienert a Volker Wienert: St. Fiakrius—Schutzpatron der Koloproktologen, In: coloproctology Volume 27, Number 4 / August 2005, Urban & Vogel, ISSN 0174-2442

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Hellege Fiakrius – Biller, Videoen oder Audiodateien