Gemeng Wëntger
D'Gemeng Wëntger ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wëntger vun där se och hiren Numm huet.
Wëntger | |
---|---|
![]() | |
![]() Märei vu Wëntger | |
An anere Sproochen |
fr: Wincrange de: Wintger |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Buergermeeschter | Marcel Thommes (CSV) |
Awunner | 4.574 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 11.366 ha[1] |
Héicht | 490 m |
Koordinaten |
50° 03’ 12’’ N 05° 54’ 52’’ O |
Websäit | https://wincrange.lu |
D'Gemeng Wëntger (orange) am Kanton Klierf (rout) | |
GeographieÄnneren
Am Nord-Weste vum Éislek op engem Plateau tëscht 450 a 523 m am Kanton Klierf läit d'Gemeng Wëntger mat 27 Dierfer. Mat enger Fläch vun 113,68 km2, ass se flächeméisseg déi gréisst Gemeng am Grand-Duché. D'Gemeng grenzt am Norden un Ëlwen, am Nord-Osten u Wäiswampech, am Osten u Klierf am Süden u Wanseler a Wolz an am Westen un d'Belsch.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[2]Änneren
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Aasselbuer:
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Béigen:
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Helzen:
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Uewerwampech:
- Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Aasselbuer:
- Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Béigen:
GeschichtÄnneren
D'Gemeng Wëntger ass den 1. Januar 1978 aus der Fusioun vun de Gemengen Aasselbuer, Béigen, Helzen an Uewerwampech entstanen[3]. Déi éischt 3 vun dëse Gemenge louchen am Klierfer Kanton, Uewerwampech huet zum Wëlzer Kanton gehéiert; déi nei Fusiounsgemeng gehéiert zum Kanton Klierf.
Bei där Fusioun, goufe 7 ha 88 a aus der Sektioun B vun Aasselbuer bei d'Gemeng Ëlwen geprafft.
D'Uertschaft Wëntger huet virun der Fusioun zur Gemeng Béigen gehéiert.
OdonymieÄnneren
De 25. Februar 2019 kruten d'Stroossen an allen Dierfer vun der Gemeng Wëntger, als lescht am Land, offiziell Odonymmen. Virdrun hat all Haus nëmmen eng Nummer[4]. D'Nimm vun de Stroosse sinn all op Lëtzebuergesch an et gouf op déi lokal Aussprooch opgepasst. Sou heescht z. B. d'Haaptstrooss zu Kréindel an Hannerhaassel „Duarrefstrooss“ iwwerdeems et zu Helzen an Houfelt „Duärrefstrooss“ ass[5].
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
An der Gemeng Wëntger gëtt nom Proporz-Walrecht gewielt.
De Gemengerot besteet aus 11 Conseilleren.
Zesummesetzung
Joer | ADR | CSV | DP | LSAP |
---|---|---|---|---|
2005 | 1 | 5 | 4 | 1 |
2011 | 1 | 5 | 2 | 3 |
2017 | 1 | 4 | 2 | 4 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- 1978 - ...: ...
- ...
- 1993 bis 2005: Agnès Durdu
- …
- ... - haut: Marcel Thommes
Beschreiwung vum WopenÄnneren
D'or à la colonne à perron surmontée d'un globe sommé d'une croix, le tout de sable, au chef de gueules au cor contouré d'or accosté de deux fleurs de lis d'argent.
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Wëntger ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes an der GemengÄnneren
- D'Klaus zu Helzen
- Den Altor aus der Klaus vun Helzen an der Parkierch zu Helzen
- D'Kierch zu Houfelt
- De Kanal zu Houfelt, en Deel vum Meuse-Musel-Kanal
- Klouschter op der Pafemillen
- D'Auschwitz-Monument op der Pafemillen
- Bauerenhaff mat Kapell zu Weiler
- Halifax-Monument op der Maulesmillen
Kuckt ochÄnneren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wëntger
- Naturschutzgebitt Ramescher
- La traversée des pays et des âges, e belsch-lëtzebuergesche Wanderwee deen duerch d'Gemeng Wëntger leeft
- Bemierkenswäert Lannen zu Diänjen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um SpaweckÄnneren
Commons: Wëntger – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach. legilux.public.lu (01.12.1977). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
- ↑ "Gemeinde führt erstmals Straßennamen ein." wort.lu, 17.02.209.
- ↑ Registre national des adresses. Administration du cadastre et de la topographie. Gekuckt de(n) 21.07.2020.