Katastroph vun Tschernobyl

Tschernobyl ass eng Stad an der Ukrain, déi 1986 nach zur Sowjetunioun gehéiert huet. Tschernobyl ass doduerch an d'Schlagzeile vun der Weltpress koum, well de 26. Abrëll 1986 d'Atomkraaftwierk vun do havaréiert ass, an d'Stralen déi bei där Explosioun ausgetratt sinn zu enger Katastroph gefouert hunn, déi d'Welt deemools an Otem gehalen huet.

De Reakter Nr. 4 mat sengem Bëtongsmantel ronderëm
Eng Delegatioun vun der BERD besicht Tschernobyl
Stralenzertifikat, deen all Visiteur zu Tschernobyl kritt
Tschernobyl op der Landkaart

Wéi ass den Accident passéiert?Änneren

Den Accident vun Tschernobyl hat verschidden Ursaachen. Et ass fir d'éischt op de Reakter no russescher Bauart vum Typ RBMK zeréckzeféieren, ee Reaktertyp, deen dem westleche Sécherheetstandard net entsprécht an allgemeng als geféierlech ugesi gëtt. Bei de westleche Reaktere wierkt nämlech d'Killwaasser als Moderator. Wann et verdämpt kënnt et nämlech net, wéi beim RBMK-Typ, zu enger Erhéijung vun der Reaktivitéit vum Reakter, mä seng Reaktivitéit hëlt of. Ausserdeem war den Tschernobyl-Reakter am Géigesaz zu de moderne Reakteren net an e Sécherheetsbehälter agebett, wat d'Explosiounsgefor erhéicht, respektiv net méi kleng gemaach huet. D'Experte ginn dovun aus, datt et dem Betribspersonal u Kompetenz gefeelt huet a si hir Betribsvirschrëften net agehalen haten.

KonsequenzenÄnneren

An der SowjetuniounÄnneren

Vun alle Katastrophen an nukleare Kraaftwierker hat d'Katastroph vun Tschernobyl déi schroost Konsequenzen an huet déi meescht Affer gefuerdert. Wéi vill et der waren ass nach net definitiv gekläert. D'UN-Atomenergieautoritéit IEAO gëtt d'Zuel vun den onmëttelbaren Affer, meeschtens Membere vun de Rettungsmannschaften, mat manner wéi 50 un an huet an hirem Rapport vum September 2005 d'Zuel vun deenen déi méi spéit ëmkomm sinn oder nach ëmkommen, op bis zu 4.000 Mënsche geschat. Dës Zuele géifen d'Realitéit verharmlosen, geheit Greenpeace der IEAO vir. Opgrond vun hiren Nofuerschungen, un deene 60 Experten aus der ganzer Welt bedeelegt waren, muss mat bis zu 93.000 Doudege gerechent ginn, wann och d'Folge fir déi Generatiounen déi kommen a Betruecht gezu ginn. Greenpeace weist drophin, datt eleng a Russland, der Ukrain an a Wäissrussland 270.000 Kriibskranker enregistréiert goufen.
200 000 Mann goufen agesat fir opzeraumen a goufen héije Stralendosen ausgesat, besonnesch déi déi direkt nom Accident do geschafft hunn. Am Fréijoer a Summer 1986 goufen 116.000 Persounen aus enger Zon vun 30 km rondrëm Tschernobyl evakuéiert, spéider nach 240.000 Persounen zousätzlech. Trotz allem sinn awer verschidde Leit nees dohin zeréckwunne komm, well si hir Uertschaft net wollte verloossen, an déi Leit déi erniere sech vun alles wat de Buedem hinnen ze bidden huet sou wéi Gromperen,asw. déi natierlech och verstraalt sinn.

An den anere LännerÄnneren

An Europa, besonnesch an de Länner am Osten an am Norde gouf eng staark erhéicht Stralenawierkung gemooss. Déi éischt Wäerter goufen a Schweden an a Finnland gemooss a ware scho véiermol sou héich wéi normal. Schweden huet awer am Ufank näischt weider gesot, well si duechten eent vun hiren U-Booter oder eent vun hire Kärkraaftwierker wier futti. Schlussendlech goufen och a Westeuropa erhéicht Stralunge gemooss.

D'Atomkraftwierk hautÄnneren

  00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.
 
De Bau vum Sarkophag 2013
 
De Sarkophag 2017

Am Interessi vun der Sécherheet hunn d'europäesch Länner drop gedrängt fir, nieft dem havaréierte Block 4 och déi aner Blëck 1, 2 an 3, ofzeschalten. D'Ukrain, déi Schwieregkeete mat der Energieversuergung huet, huet sech laang dogéint gewiert. De Block 2 ass am November 1991 no engem Feier an der Turbinnenhal zougemaach ginn, Block 1 am November 1996 an de Block 3 de 15. Dezember 2000. D'Europäesch Unioun huet dat duerch Finanzhëllefen un d'Ukrain méiglech gemaach.

Am accidentéierte Block 4, deen an engem sougenannte Sarkophag zoubëtonéiert gouf, sinn d'Brennstief nach ëmmer dran, a säi Kär ass nach net zur Rou komm. Well sech Rëss am onstabile Bëtongsblock bemierkbar gemaach hunn, dränge sech dréngend Moossnamen op fir neie Katastrophe virzebauen.

Et ass virgesinn am Kader vun engem „Shelter Implementation Plan“ en neie Sarkophag iwwer deen alen ze bauen, deen dann ze suppriméieen, a gläichzäiteg d'Brennelementer am Kär ouni Fräisetze vu radioaktive Stralen auszebauen. Eng aner Léisung géif dora bestoe fir een 1.000 m déift Lach ze gruewen, an doran de ganzen havaréierte Block 4 verschwannen ze loossen.

E Sarkophag ronderëm ze baue gouf mat ongeféier 650 Milliounen Dollar geschat. E Bäitrag vun den USA a vun der Europäescher Unioun wier noutwendeg. D'BERD ass och schonn an deem Zesummenhank ugesprach ginn. Si kënnt sou eng Léisung allerdéngs nëmme matfinanzéieren, souwäit wéi et e Sécherheetsproblem bleift, a keen Ausbau vun atomaren Energiekapazitéite geplangt ass.

De Sarkophag gouf tëscht 2006 an 2016 gebaut.

De 5. Abrëll 2020 hunn ukrainesch Autoritéite gemellt, datt e Bëschbrand ronderëm Tschernobyl, wou iwwer 100 Hektar Bësch gebrannt hunn, sou uerg war, datt rëm Radioaktivitéit fräigesat gouf.[1]

LiteraturÄnneren

  • Chernobyl's Legacy: Health, Environmental and Socio-Economic Impacts and Recommendations to the Governments of Belarus, the Russian Federation and Ukraine; Abrëll 2006 (PDF-Dokument)
  • Igor Kostin/T. Johnson (Mitarbeit)/Übers. C. Kalscheuer: Tschornobyl - Nahaufnahme. München: Verlag Antje Kunstmann, 2006. 240 Seiten. ISBN 3-88897-435-6 (Fotoband, Reportage; Auszug, Bespreechung: in der Süddeutschen Ztg. vom 24. März 2006 (hgn) mit ca. 10 Abbi.Beispielen)
  • Environmental Consequences of the Chernobyl Accident and Their Remediation: Twenty Years of Experience; Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Environment” (EGE), August 2005 (PDF-Dokument)
  • World Health Organization: Health Effects of the Chernobyl Accident and Special Health Care Programms. Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Health” (EGH) April 2006, Download: [1] (PDF 1,6 MB)
  • IAEA (Hrsg.): Chernobyl's Legacy: Health, Environmental and Socio-economic Impacts (...). September 2005 (PDF-Dokument)
  • Oda Becker, Helmut Hirsch: Tschernobyl: Sanierung des Sarkophags - Wettlauf mit der Zeit. Hamburg/Hannover: Greenpeace, 2004 (PDF-Dokument)
  • H. Dederichs, E. Konoplya, P. Hill, R. Hille: Systemtische Differenzierung kontaminierter und nicht kontaminierter Nutzflächen in der Region Korma., Schriftenreihe Reaktorsicherheit und Strahlenschutz; BMU-2002-613, 2002. Bundesministerium für Umwelt, Naturschutz und Reaktorsicherheit.
  • A. Bayer, A. Kaul, C. Reiners: Zehn Jahre nach Tschernobyl, eine Bilanz. München: Gustav Fischer Verlag, 1996. - ISBN 3-437-25198-8
  • Karl-Heinz Karisch/Joachim Wille (Hg.): Der Tschernobyl-Schock. Zehn Jahre nach dem Super-GAU. Frankfurt am Main: Fischer Taschenbuch Verlag, 1996. - ISBN 3-596-13301-7
  • Grigori Medwedew: Verbrannte Seelen - Die Katastrophe von Tschernobyl, Carl Hanser Verlag München Wien, 1991. - ISBN 3-446-16116-3
  • V. M. Chernousenko: Chernobyl. Insight from the Inside. Berlin, Heidelberg, New York: Springer-Verlag, 1991. - ISBN 3-540-53698-1
  • Antje Hilliges/Irina Wachidowa: Als wir Tschernobyl überlebten. - ISBN 3-453-64508-1
  • Swetlana Alexijewitsch Stimmen aus Tschernobyl in: 20 Jahre Tschernobyl Themenheft Aus Politik und Zeitgeschichte Beilage zur Wochenzeitung das Parlament, 27.3.2006 (weitere Beiträge von Sahm, Jochum und Pfaffenberger, Mojib Latif, Jens Ivo Engel), online lesbar: [2]
  • Zhores Medwedjew: Das Vermächtnis von Tschernobyl, Münster: Daedalus Verlag Joachim Herbst, 1991, ISBN 3-89126-030-X

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Bei der fréierer Atomzentral vun Tschernobyl klëmmt d'Radioaktivitéit op rtl.lu