Prinzessinnen-Eechen

Lieu-dit am Gréngewald


D'Prinzessinnen-Eechen ass e Lieu-dit am Gréngewald.

Prinzessinnen-Eechen
och nach: Prinzessins-Eechen
D'Prinzessinnen-Eechen am Gréngewald
An anere Sproochen fr: Les chênes des princesses[1]
de: Prinzessinnen-Eichen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Steesel
Buergermeeschter Fernand Marchetti (LSAP)
Koordinaten 49° 40’ 08.5’’ N
      06° 09’ 52.8’’ O

Hei sti sechs Eechen, déi zu Éiere vun de Kanner vum Groussherzog Wëllem IV. geplanzt goufen.

Geographie änneren

De Lieu-dit Prinzessinnen-Eechen läit op enger Héicht vun zirka 374 m, am Réngelsgronn, ëstlech vum Tunnel Stafelter vun der A7, an der Kadastersektioun Heeschdref vun der Gemeng Steesel..

Geschicht änneren

Tëscht 1894 an 1902 goufen zu Éiere vun de sechs Kanner vum Groussherzog Wëllem IV. sechs Eeche geplanzt. Als Bamzort gouf jee eng Routeech erausgesicht, déi fir d'Gebuert vun der Prinzessin a spéiderer Groussherzogin Marie-Adélaïde (1894) an hire jonke Schwësteren, der spéiderer Groussherzogin Charlotte (1896), Hilda (1897), Antonia (1899), Élisabeth (1901) a Sophie (1902) längs dem Wee am Réngelsgronn geplanzt goufen.

De Bam vun der eelster Sëschter Marie-Adélaïde gouf géint Enn vum 1. Weltkrich duerch e Stuerm ëmgehäit a méi spéit duerch eng Wantereech ersat.

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Prinzessinnen-Eechen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Op den topographesche Kaarte vun 1954 bis 1989 als "Les Six Princesses" agedroen.