Rope (Film 1948)
Rope ass en US-amerikanesche Film vum Regisseur Alfred Hitchcock aus dem Joer 1948 no engem Theaterstéck vum Patrick Hamilton. Et ass dem Hitchcock säin éischte faarwege Film.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1948 |
Première | 1948 |
Dauer | 80 min |
Faarf | Faarweg |
Technicolor | |
Format | 1,37:1 |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Alfred Hitchcock |
Dréibuch |
Hume Cronyn Arthur Laurents no engem Theaterstéck vum Patrick Hamilton |
Fotografie |
William V. Skall Joseph Valentine |
Musek | David Buttolph |
Schnëtt | William H. Ziegler |
Dekoren | Perry Ferguson |
Produzent |
Warner Bros. Transatlantic Pictures |
Produktiouns- gesellschaft | Warner Bros. |
Schauspiller | |
James Stewart als Rupert Cadell Farley Granger als Phillip John Dall als Brandon Dick Hogan als David Kentley Edith Evanson als Mrs. Wilson Cedric Hardwicke als Kentley Joan Chandler als Janet Douglas Dick als Kenneth Alfred Hitchcock | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Brandon an de Philipp, zwéi Studenten erwiergen an hirem Appartement mat engem Seel hire Kolleeg David. Owes invitéiere se dann an dat Appartement hire Professer Cadell, d'Famill vum David an dem David seng Frëndin ...
Cameo-Optrëtt vum Hitchcock
ännerenDen Hitchcock ass am Ufank vum Film ze gesinn wéi hien op enger Strooss geet.
Soss
ännerenDe Film ass sou gefilmt, datt een d'Impressioun huet, e wier "un engem Stéck": Et gëtt (bal) kee Schnëtt tëscht Astellungen, mä et ass d'Kamera, déi hin an hier fiert, fir, je no Dramaturgie, d'Handlung aus verschiddene Bléckwénkelen an Distanzen opzehuelen. Dofir hu wärend der Opnam am Studio, d'Dekoren, déi net am Bild waren, ëmmer nees missen hin an hier geréckelt ginn, fir Plaz fir d'Kamera ze maachen. Well d'Filmbobinne just 10 Minutte laang waren, ass do, wou s'ophalen, eng Persoun oder eng Saach, déi d'Szeen kuerz verdeckt, am Bild, sou datt de Wiessel op eng nei Bobinn (och häerno bei der Projektioun) net soll opfalen.