Gare Lëtzebuerg

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vu Lëtzebuerg ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der CFL-Streck 3, der CFL-Streck 5, der CFL-Streck 6 an der CFL-Streck 7 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Lëtzebuerg
Streck 1, 3, 4, 5, 6, 7
PK 16,65 (Linn 6 a Linn 1)
- 0,00 (5) - 0,00 (3) - 20,40 (7)
Quaien 6
Gleiser 13 (mat Quaien)
Uertschaft Garer Quartier
Gemeng Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 0’’ N
      6° 08’ 04’’ O
Websäit CFL.lu
D'Gare vu Lëtzebuerg, vun der Rue Joseph Junck aus gesinn
Fënster mam Motiv vu Lëtzebuerg an der Agankshal vun der Gare
D'hëlzent Gebai vun 1859
De Groussherzogleche Pavillon
D'gliesen Hal vun 2012

D'Gebai aus dem Joer 1912 ass eent vun den imposantste Gebaier vun der Stad Lëtzebuerg an déi gréisst Gare vu Lëtzebuerg. Et gouf 1989 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

No der Gare ass och d'Plaz virdrun - d'Garer Plaz - an de Quartier ronderëm- de Garer Quartier - benannt. Eng Foussgängerbréck iwwer d'Schinnen nieft der Gare verbënnt de Garer Quartier direkt mat Bouneweg.

D'Gebai änneren

Baugeschicht änneren

D'Gare gëtt et op där Plaz zanter 1859. De Grondsteen dofir gouf den 30. Oktober 1858 geluecht[2][3] an no manner wéi engem Joer, de 4. Oktober 1859, gouf se ageweit[4]. D'Wiel vun der Plaz gouf vun der preisescher Militärverwaltung beaflosst - Lëtzebuerg huet bis 1866 zum Däitsche Bond gehéiert. De Gouverneur vun der Festung war dergéint datt d'Befestegungsmauere sollten opgebrach ginn, fir Eisebunnsgleiser an d'Festung eranzeleeën. Dofir gouf d'Gare op (deemolegem) Hollerecher Territoire gebaut. D'Gebai huet och missen aus Holz gebaut ginn, fir am Fall vun enger Belagerung kënnen ofgebrannt ze ginn, fir datt keng feindlech Truppe sech dra kéinte verstoppen. Et gouf sech entscheet fir d'Gebai am Stil vun engem Schwäizer Chalet ze bauen. De 4. a 5. Oktober 1859 gouf d'Gare feierlech ageweit a mat Fändele vu Lëtzebuerg, Holland, Frankräich, der Belsch a Preisen gerëscht. De Michel Lentz huet zu dëser Geleeënheet De Feierwon komponéiert.

Bis zum Franséisch-Preisesche Krich vun 1870-1871 huet d'Gebai (an d'Eisebunn) der Compagnie de l'Est gehéiert. Duerno ass d'Gestioun un d'Elsass-Lothringische Reichsbahngesellschaft iwwergaangen.

Dat haitegt Gebai gouf tëscht 1907 an 1913 am neobarocke Stil, "Miseler Barock" genannt, gebaut. D'Pläng ware vum däitschen Architekt Alexander Rüdell. Si goufe vum Baurat Karl Jüsgen ausgefouert. 1908 gouf de Südfligel fäerdeg.[5] Den 13. Dezember 1910 goung déi nei Agangshal op.[6] Ursprénglech ware fir dësen Deel vum Gebai 860.000 Mark virgesinn, se huet awer um Enn 1.100.000 Mark kascht.[7] Enn 1913 war och den Nordfligel fäerdeg. Wéinst dem Krich gouf d'Gebai awer ni ageweit.

Den 28. Mäerz 1918 hu brittesch Fligeren versicht d'Gare ze bombardéieren. Déi 17 Bommen hunn d'Gare awer gréisstendeels verfeelt, mä Wunnhaiser getraff. 10 Mënsche si bei dem Ugrëff ëm d'Liewe komm.

Vis-à-vis vun der Entrée ass eng grouss Fënster aus faarwegem Glas, op där, zënter der Zäit nom Zweete Weltkrich, eng stiliséiert Panoramavue vun der Alstad, mam Tuerm vun der Spuerkeess an der Neier Bréck, ze gesinn ass[8].

Op der nërdlecher Säit vun der Gare ass e Pavillon, dee mat dem Haaptgebai duerch eng Arkad verbonnen ass, an deen als groussherzoglech Salle d'attente benotzt gouf. Haut ass e Bistro an deem Pavillon.

Tëscht 1936 an 1938 goufen éischt Moderniséierungsaarbechten ausgeféiert.

1944 war d'Gebai d'Zil vun dräi Bombardementer vun alliéierte Fligerstaffele bei deenen 155 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Um zentrale Gebai war nëmmen e klenge Schued entstanen, d'Atelieren op där anerer Säit waren awer komplett zerstéiert ginn.

Vun 1882 bis 1955 war d'Plaz virun der Gare duerch de Jangli geprägt a vun 1904 och nach vum Charly.

An de Joren 1958 an 1959 gouf d'Direktiounsgebai vun der CFL gebaut.

1963 ass d'Agankshal bei Geleeënheet vum Millenaire vun der Stad nei amenagéiert ginn.

An de Joren 1974 bis 1978 goufen, nodeems d'Postguicheten erausgeplënnert waren, déi fräi Fläche fir aner Zwecker benotzt (z. B. Empfang fir Expressfracht a Gepäcksconsigne). De Verkaf vun Ticketen ass an de Säitegank verluecht ginn. Déi éischt Geschäfter hu sech an der Agankshal etabléiert.

1990/91 goufen d'Guichete fir den Ticketsverkaf duerch méi e moderne Verkafszentrum ersat.

D'Molereien um Plaffong goufen, am Kader vu Renovéierungsaarbechten am Joer 1995, vum Armand Strainchamps entworf.

Renovéierungsaarbechte vun 2006 - 2012 änneren

Vun 2006 bis 2012 goufe verschidde Renovéierungsaarbechte gemaach fir dem Opkommes vum Eisebunnsverkéier an dem Confort vun de Clienten nozekommen. Dozou gehéieren z. B. d'Aarbechten am Kader vum nërdlechen a südleche Souterrain, d'Equipement op de Quaien, de Bau vun de Wartesäll op de Quaien 2 an 3, déi provisoresch Accèse vun de Quaien op d'Passerell fir op Bouneweg an de Bau vun engem iwwerdaachten Iwwergank tëscht der neier Hal an deem neie Parkhaus um südleche Wupp vun der Garer-Plaz[9].

Den 21. September 2012 gouf, fir den 100. Anniversaire vun der Gare, de gliesenen Hall des voyageurs, südlech vum Zentralgebai, vum Groussherzog Henri ageweit[10].

 
Vue iwwer d'Quaien
 
D'Ateliershalen op der Bouneweger Säit ginn ofgerappt (Juni 2017) fir zousätzlech 2 Quaien an 3 Gleiser kënnen ze bauen.
 
Nei Gleiser 12 an 13.

Gleisanlagen änneren

D'Stater Gare huet 13 Gleiser déi fir de Persounentrafic accessibel sinn. D'Gleiser 1 an 2 sinn den Terminus vun der Klengbettener Streck. Well d'Gleiser duerno weider an d'Belsch féieren, goufe se vun 1956 bis 2018 mat Gläichstroum vun 3 kV alimentéiert, grad sou wéi Streck Sterpenech-Namur. D'Gleiser 3 a 4 konnten tëscht 3 kV an 25 kV ëmgeschalt ginn, wat virun allem fir den EuroCitybetrib wichteg war.

Dat fréiert Gleis 6, iwwer dat Gidderzich duerch d'Gare gefuer sinn, gouf am Kader vun de Renovatiounsaarbechte liquidéiert; d'Gleisnummer 6 gëtt zanterhier net méi benotzt.

An der zweeter Hallschecht vun 2017 goufen hannert der Gare, op der Bouneweger Säit, déi 223 Meter laang a 60 Meter breet Halen, an deenen d'CFL hir Atelieren hat, ofgerappt, fir an d'Plaz zwéin zousätzlech Quaie mat 3 Gleiser ze bauen. Domat ass et méi einfach Zich, déi vu Süde kommen, riicht duerch bis op d'Nordstreck weiderfueren ze loossen[11],[12]. De 17. Abrëll 2018 gouf an der Chamber de Gesetzprojet dofir eestëmmeg ugeholl[13]. D'Aarbechte goufen an zwou Phase realiséiert. De Quai 5 war bis Dezember 2019 fäerdeg, de Quai 6 am Dezember 2021. De Käschtepunkt war op 171 Milliounen Euro ugesat.

Tëscht dem 14. Mee an dem 13. September 2021 gouf déi al Passerell op der Nordsäit mat enger neier ersat, déi iwwer 196 Meter de Garer Quartier mat Bouneweg verbënnt[14],[15]. Bis Dezember 2021 goufen och d'Weichen a Gleiser op der Nordsäit erneiert; 2022 war et un der Rei vun deenen op der Südsäit.

Opdeelung vun de Quaien a Gleiser[16] änneren

Quai Gleis Linn / Streck

Richtung Süden (Gleisnummer + AB)

Gleis Linn / Streck

Richtung Norden (Gleisnummer + CD)

1 1 Linn 5 Klengbetten an

internationalen Trafic an d'Belsch (Arel / Bréissel)

2
3 Linn 7 Péiteng 3 Linn 1 Ëlwen an internationalen Trafic

an d'Belsch (Gäilech / Léck)

2 4 4
5 Linn 9 Beetebuerg an internationalen Trafic a Frankräich (Diddenuewen, Metz, Paräis)
3 7
8
4 9 Duerchgangsgleis 1 Ëlwen6 Beetebuerg - Esch-Uelzecht - Péiteng
10
5 11 Linn 6 Beetebuerg - Esch-Uelzecht - Péiteng 11 Linn 3 Waasserbëlleg an internationalen Trafic

an Däitschland

12 12
6 13
14

Korrespondenzen änneren

National änneren

Regionalzuch Nächst Halt A Richtung
  RB
CFL-Linn 10
  Pafendall-Kierchbierg Dikrech
  RE
CFL-Linn 10
  Pafendall-Kierchbierg Ëlwen oder Gouvy
  RB
CFL-Linn 30
  Zens-Hamm Waasserbëlleg
  RE
CFL-Linn 30
  Sandweiler-Conter Wittlich
  RB
CFL-Linn 50
  Bartreng-Stroossen Klengbetten oder Arel
  RB
CFL-Linn 60
  Houwald Péiteng
  RE
CFL-Linn 60
  Houwald Rodange / Attem
  RB
CFL-Linn 60a
  Bierchem Beetebuerg
  RE
CFL-Linn 60a
  Bierchem Wuelmereng
  RE
CFL-Linn 60b
  Beetebuerg Rëmeleng
  RB
CFL-Linn 60c
  Houwald Esch-Uelzecht
  RE
CFL-Linn 60c
  Houwald Esch-Uelzecht
  RB
CFL-Linn 70 a 70a
  Hollerech Attem
  RE
CFL-Linn 70
  Hollerech Attem oder Lonkech

International Verbindungen änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Aus Richtung Halt virdrun International Nächst Halt A Richtung
Bréissel-Midi Arel   IC J   Terminus Terminus
Liers / Léck Miersch   IC   Terminus Terminus
Bréissel-Midi Arel   EC Vauban   Diddenuewen Chur
Bréissel-Midi Arel   EC Iris   Diddenuewen Zürich
Bréissel-Midi Arel   EC Jean Monnet   Diddenuewen Basel
Terminus Terminus   TER   Beetebuerg Nanzeg
Terminus Terminus   TER   Hollerech Lonkech / Longuyon
Terminus Terminus   TER   Diddenuewen Basel
Terminus Terminus   TGV   Diddenuewen Paräis
Terminus Terminus   Lunéa
Um Weekend an am Summer
  Diddenuewen Nice
Terminus Terminus   Lunéa
Um Weekend an am Summer
  Diddenuewen Portbou / Cerbère

Bussen an Tram änneren

Eng sëllege Buslinne vun den Stater Bussen an aus dem RGTRs-Reseau hunn hiren Halt oder Terminus virun der Gare (Halt Gare centrale) resp. op der Bouneweger Säit (Halt Gare Rocade). Situatioun Dezember 2023[16]:

Halt AVL-Linnen RGTR-Linnen
Gare centrale 4, 7, 10, 13, 14, 18, 19, 20, 23, 27, 28, 29, 94, 95, CN1, CN2, CN3 412, 413, 414, 423, 424, 603, 611, 612, 622, 623
Gare-Rocade 2, 9, 20, 22, 28 223, 402, 411, 421, 422, 461, 502, 506, 511, 512, 513, 601

Zanter dem 13. Dezember 2020 huet och d'Linn T1 vum Stater Tram eng Halt op der Garer Plaz, virun der Entrée an d'Gare; et war e provisoreschen Terminus, bis d'Streck am September 2022 a Richtung Süden, bis op d'Halt Lycée Bouneweg verlängert gouf. Vum 7. Juli 2024 un geet se dann iwwer d'Gare Houwald bis bei de Stadion vu Lëtzebuerg[17]. A Richtung Norde fiert se duerch d'Uewerstad, iwwer de Glacis op de Kierchbierg, ab 2025 och bis op de Fluchhafe Findel.

Chef de Garen änneren

Literatur änneren

  • CFL, 2012. 100 Joer Gare Lëtzebuerg. 1912-2012: Eine einzigartige Zeitreise. Éditions Guy Binsfeld, 324 S. ISBN 978-2-87954-256-0
  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 5. Der Hauptbahnhof Luxemburg. S. 50-59, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
  • Jüsgen, 1924. Deutsche Eisenbahnhochbauten in Luxemburg. In: Zentralblatt der Bauverwaltung Nr 29 vum 16. Juli 1924, Verlag: Guido Hackebeil Akt.-Ges, Berlin, Ss. 241-244. (Link op d'pdf-Dokument)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).
  2. Artikel Die Grundsteinlegung am Luxemburger Wort Nr 101 vum 4. November 1858, S.1 (Link)
  3. Mike Stebens, Hauptbahnhof Luxemburg, Vom Holzbau zum barocken Monument, wort.lu [€] (25.2.2023); Luxemburgs Anbindung an Europa, Vor 165 Jahren wurde mit dem Bau des ersten Bahnhofs im Großherzogtum begonnen. Seither hat sich viel getan. Weitere Modernisierungen sind geplant., Luxemburger Wort, 25.2.2023, S.18-19
  4. Artikel Die Inauguration unserer Eisenbahnen am Luxemburger Wort Nr 80 vum 6. Oktober 1859, S. 1 (Link)
  5. Bahnhof Luxemburg. Luxemburger Wort (8. 6. 1908). Gekuckt de(n) 25.2.2023.
  6. Das neue Empfangsgebäude auf Bahnhof Luxemburg. Luxemburger Wort (10.12.1910). Gekuckt de(n) 27.2.2023.
  7. Das neue Empfangsgebäude auf Bahnhof Luxemburg. Luxemburger Wort (10.12.1910). Gekuckt de(n) 25.2.2023.
  8. Service des Sites et monuments nationaux: Luxembourg: Gare Gearchiveerd op 2013-10-13. Gekuckt de(n) 2010-05-26.
  9. Modernisierung des Bahnhofs Luxemburg op cfl.lu, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  10. "CFL: Neien "Hall des Voyageurs" um Freideg ageweit." RTL.lu - 21.09.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.09.2012, 18:56.
  11. "Ein Stück Eisenbahngeschichte verschwindet." wort.lu, 22. August 2017 um 11:45.
  12. Bis 2021 kommen nei Quaien a Gleiser bei Stater Gare derbäi op rtl.lu de 7. Dezember 2018
  13. "Ausbau vu Stater Gare guttgeheescht - 2 nei Quaien." rtl.lu, 18.04.2018, 06:34:44.?
  14. "Gare an der Stad gëtt ausgebaut - Gesetzprojet ugeholl." rtl.lu, 05.01.2018, 14:01:47.
  15. "Renouvellement de la passerelle nord de la gare de Luxembourg." Communiqué op fouvernement.lu, 05.05.2021.
  16. 16,0 16,1 kuckt och den Iwwersiichtsplang op cfl.lu
  17. Diane Lecorsais: "Bonneweg, Cloche d'Or, Findel: Die nächste Station im Blick." wort.lu, 22.12.2020; och als "Auf den Bahnhof folgt Bonneweg", Luxemburger Wort, 22.12.2020, S. 22-23.
Garen op der Linn 1 / Nordstreck

Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
Antenn Ettelbréck - Dikrech: Ettelbréck - Dikrech
Antenn Kautebaach - Wolz: Kautebaach - Mäerkels - Paradiso - Wolz
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 3 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6b · Linn 6c · Linn 7 · Linn 80

Garen op der Streck Lëtzebuerg - Klengbetten / Linn 5

Lëtzebuerg - Bartreng-Stroossen - Mamer-Lycée - Mamer - Capellen - Klengbetten
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 1 · Linn 1a · Linn 1b · Linn 2 · Linn 3 · Linn 4 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6a · Linn 6b· Linn 6c · Linn 6e · Linn 6d · Linn 7 · Linn 80

Garen op der Linn 6 an op hiren Extensiounen

Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Houwald - Bierchem - Beetebuerg
Beetebuerg - Wuelmereng: Beetebuerg - Diddeleng-Biereng - Diddeleng-Stad - Diddeleng-Zenter - Diddeleng-Schmelz - Wuelmereng
Beetebuerg - Esch: Beetebuerg - Näerzeng - Schëffleng - Esch
Esch - Péiteng: Belval-Université - Belval-Lycée - Belval-Réideng - Bieles-Zolwer - Uewerkuer - Déifferdeng - Nidderkuer - Péiteng
Antenn Rëmeleng: Näerzeng - Keel - Téiteng - Rëmeleng
Antenn Däitsch-Oth: Esch - Däitsch-Oth
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 1 · Linn 2 · Linn 3 · Linn 4 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6a · Linn 6b · Linn 6c · Linn 6d · Linn 6e · Linn 6f · Linn 7 · Linn 80