Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pierre Ernest Dominique Biver, gebuer den 29. Abrëll 1829 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 9. Dezember 1889 zu Marseille, war e lëtzebuergesch-belschen Offizéier an Industriellen. D'Uertschaft Biver an de Bouches-du-Rhône gouf no him genannt.

Ernest Biver
Gebuer 29. Abrëll 1829
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. Dezember 1889
Marseille
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch
Aktivitéit Offizéier, Industriellen
Famill
Papp André Biver
Geschwëster Hector Biver

No enger Karriär vun e puer Joer an der belscher Arméi, wou e Capitaine d'état major war, gouf e mat 25 Joer Industriellen.

Hien huet an de Kuelegrouwen am Departement Bouches-du-Rhône nei Exploitatiounsmethoden agefouert, sou datt déi rentabel schaffe konnten.

Hie soll "farouchement royaliste et clérical" gewiescht sinn a wéi en Diktator iwwer seng Grouf kommandéiert hunn.

D'Uertschaft nieft der Grouf gouf no sengem Doud no him genannt.

Den Ernest Biver war de Brudder vum Hector Biver a säi Papp war den Dokter André Biver.[1]

Quell änneren

Referenzen änneren

  1. Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg S. 141.