De Codex Mariendalensis (kuerz M genannt) ass eng spéitmëttelalterlech Handschrëft mat enger Dichtung vu bal 6.000 Versen iwwer d'Liewe vun der Yolanda vu Veianen. D'Handschrëft ass ongeféier vun 1320, d'Dichtung selwer ass knapps zwanzeg Joer méi al. Den Dichter ass héchstwarscheinlech den Dominikanerbrudder Hermann vu Veldenz, deen d'Heldin vu sengem Eepos wuel nach perséinlech kannt huet. Säi Wierk ass souwuel eng Hellegevita wéi och en Heldeneepos: den Auteur erzielt doran d'Liewen- a Leidensgeschicht vun der jonker Groofenduechter Yolanda, där hire gréisste Wonsch et ass, an d'Klouschter Mariendall antrieden ze däerfen, an sech dofir mat hiren Elteren an d'Hoer kritt, déi se gär 'standesgeméis' bestuet gesinn hätten.

Eng Säit aus dem Codex mariendalensis

Sproochwëssenschaftlech Bedeitung

änneren

Dat Besonnescht un deem Wierk ass, datt et net, wéi et deemools Gewunnecht war fir eng Hellegevita, op Latäin geschriwwe gouf, mä op Muselfränkesch, dem Virleefer vum haitege Lëtzebuergesch. Et ass domat déi eenzeg bekannte muselfränkesch Dichtung aus dem Mëttelalter, wat och seng grouss sproochwëssenschaftlech Bedeitung erkläert.

D'Geschicht vum Codex

änneren

De Codex Mariendalensis, deen déi eelst a warscheinlech eenzeg erhalen handgeschriwwen Ofschrëft vum Brudder Hermann senger Dichtung ass, huet laang Zäit als verscholle gegollt. Et gouf ugeholl, datt si am Zweete Weltkrich vun den däitschen Zaldote matgeholl gouf, wéi déi d'Bibliothéik vum Schlass vun Aansebuerg, wou de Codex gelagert war, geplëmmt hunn.

Am November 1999 huet de lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler Guy Berg sech am Kader vum Fuerschungsprojet Language and Culture in Medieval Luxembourg (LaCuMeL) op d'Sich nom Codex gemaach, an huet en och no laangem Beméien an der Bibliothéik vun Aansebuerg erëmfonnt, wou e vertässelt gi war. D'Handschrëft selwer war erstaunlech gutt erhalen, just bei zwou Säite feelt e klengt Stéck vun engem Vers.

De 27. Juni 2008 gouf de Codex als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Enn 2008 huet de Lëtzebuerger Staat de Codex, zesumme mat 3.000 Bänn aus der Bibliothéik an dem Privatarchiv vum Grof vun Aansebuerg, fir 3,1 Milliounen Euro opkaf.[2] E gouf am Mäerz 2009 bei enger Ausstellung am Nationalarchiv eng éischt Kéier der Ëffentlechkeet gewisen.[3]

Nodeem aus dem Projet vun enger kritescher Texteditioun wéinst Meenungsdifferenzen tëscht den Auteuren näischt gi war, gouf d'Universtiéit Tréier domat chargéiert, d'Wierk auszewäerten. D'Germanistin Claudine Moulin huet eng éischt Kéier den Text originalgetrei, mat de geneeë Schrëftzeechen, editéiert an 2010 (datéiert 2009) an der Publikatiounsserie vum IGD-LEO publizéiert.[4]

Literatur

änneren
  • Bruder Hermann von Veldenz: Leben der Gräfin Yolanda von Vianden. Textgetreue Edition des Codex Mariendalensis (Bibliothèque Nationale, Luxembourg Ms 860) von Claudine Moulin. Luxemburg: Institut Grand-Ducal - Section de Linguistique, d'Ethnologie et d'Onomastique 2009 [Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XXXVI], [Sonderforschungsreihe Language and Culture in Medieval Luxembourg (LaCuMeL) Band 5], ISBN 978-2-919910-27-4.[5]
  • Berg, Guy: "Der Codex Mariendalensis: Zu Wiederauffindung, Erschließung und Edition einer hochmittelalterlichen Handschrift aus dem Raume Luxemburg." In: Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique de l'Institut Grand-ducal (ed.): Bulletin linguistique et ethnologique, fasc. 30 (2001), S. 7-26.
  • Moulin, Claudine: "Bruder Hermanns 'Yolanda von Vianden'. Zur Erschließung und textgetreuen Edition des neuaufgefundenen Codex Mariendalensis", in: ebda, S. 39-45.
  • von Veldenz, Hermann: "Bruder Hermanns Leben der Gräfin Iolande von Vianden / mit Einl. und Anmerkungen hrsg. von John Meier". (1889) Breslau.
  • Michel Margue; Pit Péporté: "Der Codex Mariendalensis. Vom mittelalterlichen Manuskript zum Erinnerungsort." In: Aufbrüche und Vermittlungen: Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte. Nouveaux horizons et médiations: Contributions à l'histoire littéraire et culturelle au Luxembourg et en Europe. Herausgegeben von Claude D. Conter & Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthetis Verlag, 2010, S.177-188.
  • Pierre Grégoire: Das “Yolanda”-Epos. Bruder Herrmanns Dichtung im Urtext mit einer metrischen Übersetzung und einer historisch-literaturhistorischen Einführung von Pierre Grégoire. Verlag “De Frendeskrés”, Luxemburg 1979, 339 S.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  2. "'Dies war eine einmalige Gelegenheit, die der Staat sich nicht entgehen lassen durfte'". Luxemburger Wort 9. Mäerz 2009. Interview mat der Octavie Modert.
  3. Annonce op der Websäit vun den Nationalarchiven.
  4. Andrea Rapp: Der Codex Mariendalensis und die Sprachengeschichte Luxemburgs. Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur, Mäerz 2010.
  5. Groussherzoglecht Institut. Leben der Gräfin Yolanda von Vianden, Textgetreue Edition des Codex Mariendalensis