De Basiliscus plumifrons ass e Reptill aus der Gattung vun de Basilisken (Basiliscus).

Basiliscus plumifrons
Basiliscus plumifrons

Basiliscus plumifrons
Basiliscus plumifrons
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Iguania
Famill: Corytophanidae
Gattung: Basilisken
Aart: 'Basiliscus plumifrons'
Wëssenschaftlechen Numm
'Basiliscus plumifrons'
Edward Drinker Cope, 1876

Dës Aart kann, fir hire Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafen. Dofir gëtt s'op franséisch och Lézard Jésus-Christ genannt.

De Basiliscus plumifrons gëtt ëm déi 70 – 75 cm laang. De Schwanz ass ongeféier 2 1/2 bis 3-mol sou laang wéi d'Längt vum Kapp bis bei de Schwanz. E Männche kann allerdéngs bis zu 90 cm laang ginn.

D'Faarf ass gréng, donkelgréng bis hin zu blogréng. An der Regioun vum Genéck bis hin zum Schwanz verleeft eng wäiss-gielzeg-blo Sträif vu Flecken. D'Iris ass giel an zimmlech opfälleg.

An der fräier Natur friessen dës Basiliske virun allem Insekten, Schleeken, Fräschen, Fësch, méi kleng Echsen, Bléien a Friichten.

De Basiliscus plumifrons lieft am tropesche Reebësch, am léifsten an der Noperschaft vu Waasser. Doheem ass en am ëstlechen Honduras, iwwer Nicaragua a vu Panama bis op Costa Rica.

Um Spaweck änneren

Commons: Basiliscus plumifrons – Biller, Videoen oder Audiodateien