Halonodon luxembourgensis

Halonodon luxembourgensis ass eng ausgestuerwe Fësch-Aart aus der Famill vun de Myriacanthidae.

† Halonodon luxembourgensis
Den Holotyp vum Halonodon luxembourgensis

Den Holotyp vum Halonodon luxembourgensis
Den Holotyp vum Halonodon luxembourgensis
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Chondrichthyes
Ënnerklass Subterbranchialia
Uerdnung: Chimaeriformes
Ënneruerdnung: Myriacanthoidei
Famill: Myriacanthidae
Gattung: Halonodon
Wëssenschaftlechen Numm
† Halonodon luxembourgensis
(Duffin & Delsate, 1993)

Vun hir gouf bis ewell just en Zant fonnt. Dëse gouf 1993 an engem Steebroch am Reckingerwald, bei Bruch, am Lëtzebuerger Sandsteen, méi genee der Couche Angulata vum Hettangian, entdeckt. Domat konnt d'Fondstéck op eng Period vu virun 201,6 bis 196,5 Millioune Joer datéiert ginn.[1]

Den Holotyp vun där Aart gëtt an der paleontologescher Sammlung vum Naturmusée ënnert der Nummer BR998 versuergt.

Literatur änneren

  • Duffin, Christopher J.; Delsate, Dominique: A new myriacanthid holocephalan (Chondrichthyes) from the Early Jurassic of Luxembourg. Neues Jahrbuch für Geologie und Paläontologie - Monatshefte Jg. 1993 Heft 11 (1993), p. 669 - 680.

Referenzen änneren

  1. Fiche op fossilworks.org; gekuckt 2020-03-18.