Atomium
Den Atomium ass eent vun deene bekanntste Bauwierker vu Bréissel. E gouf fir d'Weltausstellung 1958 vum Architekt André Waterkeyn als Symbol fir d'Atomzäitalter an de friddleche Gebrauch vun der Atomenergie opgeriicht.
![]() | |
Land | Belsch |
---|---|
Gemeng | Bréissel |
Plaz | 1020 Bréissel |
Adress | Place de l'Atomium 1 |
Koordinaten | 04° 20’ 28.5’’ E 50° 53’ 41.7’’ N |
Datum vum Bau | 1958 |
Proprietär | Bréissel |
Dat 2.400 Tonne schwéiert Gebai, fir d'éischt mat enger Aluminiumshaut an zanter dem Hierscht 2005 mat enger Inoxstolshaut iwwerzunn, representéiert en Eise-Kristall an enger 165-milliardefacher Vergréisserung. Et besteet aus 9 Bullen, déi d'Atomer representéieren, an déi allen néng en Duerchmiesser vun 18 m hunn. D'Bauwierk ass 102 m héich. D'Bulle sinn duerch 23 m laang Réier mat Rulltrapen an engem Lift matenee verbonnen. Mam Lift kann een a 25 Sekonnen an déi iewescht Bull fueren, wou e Restaurant dran ass.
Den Atomium gouf 2005 renovéiert an den 18. Februar 2006 nees fir de Public opgemaach. Fir dorun z'erënneren, huet d'Belsch Nationalbank 2006 eng 2-Euro-Gedenkmënz erausbruecht, op där den Atomium ze gesinn ass.
GalerieÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Atomium – Biller, Videoen oder Audiodateien |