Var

De Var flossop gekuckt riets ass Nice
a lénks Saint-Laurent-du-Var
Längt 114 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
1 790 m
Duerchschnëttsdebit Bei Nice 49,4 m³/s
Fläch vum Baseng 2 819 km²
Leeft an: Mëttelmier
Floss - Hydrologie

De Var ass e Floss am Süd-Oste vu Frankräich. D'Quell ass zu Estenc an der Gemeng Entraunes op ëm 1800 Meter, duerno fléisst de Floss haaptsächlech duerch den Departement Alpes-de-Haute-Provence fir tëscht Saint-Laurent-du-Var an Nice an d'Mëttelmier ze fléissen. Zu engem klengen Deel fléisst en duerch den Departement Alpes-Maritimes. De Floss ass 114 Kilometer laang.

Geographesch Kaart mat all de Flëss aus der Regioun PACA

Geschichtleches änneren

Wéi 1790 a Frankräich d'Departementer gegrënnt gi sinn, war de Floss d'Grenz tëscht dem Departement Var an dem Kinnekräich Piemont-Sardinien. Dohier huet den Departement och den Numm kritt. Tëscht 1793 et 1814, am Premier Empire ass déi Grenz verschwonnen, wéi d'Grofschaft Nice annexéiert an d'Departement Alpes-Maritimes genannt gouf.

Dëst gouf no der Defaite vum Napoleon nees réckgängeg gemaach, an eréischt 1860, wéi Nice fir d'zweet an ewell zerguttst vu Frankräich annexéiert gouf, ass dës Grenzfunktioun definitiv verschwonnen. D'Arrondissement Grasse gouf dobäi den Alpes maritimes zougeschloen, a sou kënnt et, datt zanterhier de Floss Var guer net duerch den Departement Var fléisst.

Um Arc de Triomphe zu Paräis ass Le Var an Armée du Var an de Stee gemeesselt fir un déi bluddeg Kricher ze erënneren.


Nieweflëss änneren

 
Vue op de Var zu Entrevaux

5 Flëss fléissen an de Var:

Um Spaweck änneren

Commons: Var (Floss) – Biller, Videoen oder Audiodateien