Gemeng Suessem
D'Gemeng Suessem ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bieles. Se ass genannt no der Uertschaft Suessem.
Suessem | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Gemengenhaus vun der Gemeng Suessem zu Bieles | |
An anere Sproochen |
fr: Sanem de: Sassenheim |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Buergermeeschter | Simone Asselborn-Bintz (LSAP) |
Awunner | 18.333 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 2.442 ha |
Héicht | 317 m |
Koordinaten |
49° 32’ 53’’ N 05° 55’ 46’’ O |
LAU-Code | LU0213 |
Websäit | http://www.sanem.lu/ |
D'Gemeng Suessem (orange) am Kanton Esch (rout) | |
GeographieÄnneren
D'Gemeng Suessem läit am ënneschte Minett, tëscht de Gemengen Esch-Uelzecht, Déifferdeng a Monnerech.
Uertschaften a Lieu-diten an der GemengÄnneren
D'Gemeng besteet aus den Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer zu deenen nach d'Lieu-diten Aessen, Uerschterhaff, de Scheierhaff an en Deel vu Belval gehéieren.
Koppen an Hiwwelen an der GemengÄnneren
- Zolwerknapp, 421,6 Meter, gëllt als déi héchst Plaz am Guttland,
- Bielesser Gaalgebierg, 403,3 Meter
- Lëtschet, (och Loetschet, Lëtschef, Loetschef, 395,6 Meter)
- Pakebierg (oder Paquetbierg), 383,6 Meter
- Metzerbierg, 417,4 Meter
GeschichtÄnneren
Schlässer, Buergen a Ruinen an der GemengÄnneren
- Réimervilla Grueweléck
- Buerg Zolwer
- Suessemer Schlass
- Bielesser Buerghaus
Suessem a spéitréimescher ZäitÄnneren
Zu der Zäit vun de Réimer, gouf et zu Suessem op d'mannst zwou Réimervillaen (ënner anerem d'Villa Grueweléck). Well Suessem um Kiem louch, dee vum Tëtelbierg op Duelem gaangen ass, gëtt ugeholl, datt e réimescht Kastell déi kleng Siidlung geschützt huet. Dëst Kastell soll net méi gewiescht sinn, wéi e véiereckege Wuechttuerm aus Holz. Dokumenter aus dem 13. Joerhonnert beleeën, datt aus dem Tuerm ee véiereckege Tuerm aus Stee ginn ass.
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren
Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot vu Suessem gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 17 (virdrun: 15) Conseilleren zesummen.
De Schäfferot, deen aus de Gemengewalen 2017 ervirgoung, gëtt vun enger LSAP-CSV-Koalitioun gedroen[1].
Zesummesetzung
Joer | ADR | CSV | DP | gréng | KPL | Lénk | LSAP |
---|---|---|---|---|---|---|---|
1999 | 1 | 6 | 1 | 2 | 0 | 1 | 4 |
2005 | 1 | 5 | 1 | 3 | 0 | 0 | 5 |
2011 | 0 | 3 | 1 | 3 | 0 | 1 | 7 |
2017 | 0 | 5 | 1 | 2 | 0 | 2 | 7 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Buergermeeschtere vu 1799 bis haut[2]Änneren
- 1799 - 1807, Dominique Charpentier
- 1808 - 1812, Nicolas Hilbert
- 1813 - 1814, Pierre Krantz
- 1815 - 1818, Philippe Krier
- 1818 - 1827, Charles Auguste de Tornaco
- 1827 - 1848, Egide van Dyke[3]
- 1849 - 1861, Jean Pretemer
- 1861 - 1867, Pierre Kremer
- 1867 - 1870, Jean Pretemer
- 1870 - 1879, J.-P. Pretemer
- 1879 - 1882, J.-P. Schambourg
- 1882 - 1893, J.-P. Meyer
- 1894 - 1914, Nicolas Knepper
- 1915 - 1924, Jacques Batting
- 1925 - 1932, Edouard Thill
- 1932 - 1934, Pierre Greisch
- 1935 - 1937, Jean Donnersbach
- 1937 - 1940, Pierre Greisch
- 1940 - 1944, däitsch Occupatioun
- 1944 - 1966, Pierre Greisch
- 1966 - 1980, Roger Krier
- 1980 - 1997, Mathias Greisch
- 1997 - 2005, Fred Sunnen
- 2005 - 2020, Georges Engel
- zanter dem 13. Juli 2020: Simone Asselborn-Bintz[4]
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Suessem ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
JumelageÄnneren
Kuckt ochÄnneren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Suessem
- Schlass Suessem
- Bemierkenswäert Beem beim Schlass
Um SpaweckÄnneren
Commons: Sanem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ "LSAP/CSV-Koalitioun mam Georges Engel als Buergermeeschter." rtl.lu, 18.10.2017, 16:24:03.
- ↑ Kuerz&Knapp. Gemengebuet vun der Gemeng Suessem. Karschnatz [= August] N°4-[20]20, S.4-5.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Gemeng Suessem: Nei Buergermeeschtesch vereedegt. www.rtl.lu (13.07.2020). Gekuckt de(n) 20.07.2020.