Haaptmenü opmaachen

Casablanca (Film)

Film vum Michael Curtiz (1942)

Casablanca war ursprénglech en Theaterstéck dat net opgefouert gouf, mat dem Titel Everybody Comes to Rick's vum Murray Burnett an der Joan Alison, deenen Warner fir 20.000 Dollar d'Rechter ofkaaft hat. Et huet "Jiddweree kënnt bei de Rick" geheescht an et ass ëm europäesch Emigrante gaangen an ëm en Amerikaner, deen zu Casablanca e Bistrot hat. Casablanca a Marokko war déi Zäit nach net vun Nazidäitschland besat.

Casablanca
Casablanca, title.JPG
Film
Produktiounsland USA
Première 26 November 1942
Dauer 102 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Englesch
Equipe
Regie Michael Curtiz
Dréibuch Julius J. Epstein
Philip G. Epstein
Fotografie Arthur Edeson
Musek Max Steiner
Schnëtt Owen Marks
Costumedesign Orry-Kelly
Produzent Hal Wallis
Produktiouns-
gesellschaft
Warner Bros.
Distributioun Warner Bros.
Schauspiller
Humphrey Bogart als Richard 'Rick' Blaine
Ingrid Bergman als Ilsa Lund / Lazlo
Paul Henreid als Victor Lazlo
Claude Rains als Captain Louis Renault
Sydney Greenstreet als Senor Ferrari
Conrad Veidt als Major Heinrich Strasser
Peter Lorre als Ugarte
Dooley Wilson als Sam
S. Z. Sakall als Carl
Curt Bois als Täschendéif
Madeleine LeBeau als Yvonne
Marcel Dalio als Croupier

Nieft den Hollywood-Staren huet eng Partie Emigrante matgespillt: de Peter Lorre, Conrad Veidt an de Curt Bois.

BedeitungÄnneren

Nieft dem Chaplin sengem The Great Dictator an dem Ernst Lubitsch sengem To be or not to be ass de Casablanca ee vun deenen Hollywood-Filmer, déi sech ëm de Nationalsozialismus gedréit hunn.

Casablanca ass ee Propagandafilm. Dat léisst sech am beschten um "Gesankskrich" erëmerkennen. An dem Rick senger Bar fänkt een Nazi-Offizéier un, Die Wacht am Rhein ze sangen, doropshin äntweren d'Fransouse mat der Marseillaise, déi domat haushéich wannen. Ursprénglech wollt Warner d'Horst Wessel-Lid sange loossen. Mä d'Rechter louche bei enger däitscher Firma, déi domat de Film am internationale Verléinen hätt kënne blockéieren. Um Enn vum Film dann d'Astellung, wou de Renault eng Fläsch Vichy-Waasser ewechgehäit. Vichy war déi Zäit de Sëtz vum franséische Vichy-Regime, dat mat de Nazie kollaboréiert huet. D'Grondausso vum Film war also: A Krichszäite muss déi privat Léift tëscht dem Rick an der Ilsa hanner dem Lazlo sengem Zil, dem internationale Kampf fir d'Fräiheet zréckbleiwen.

ZitaterÄnneren

  • "Play it again, Sam!" - "Spill et nach eng Kéier, Sam!" (Ilsa) ass dat bekanntst Falschzitat vun der Filmgeschicht:
  • Hei ass d'Original:
    • Ilsa: Play it once, Sam. For old times' sake.
    • Sam: [lying] I don't know what you mean, Miss Ilsa.
    • Ilsa: Play it, Sam. Play "as Time Goes By".
  • An der däitscher Versioun seet de Rick: "Schau mir in die Augen, Kleines!" Am Original ass et Here's looking at you, kid. Am Dréibuch stoung: Here's good luck for you, awer de Bogart huet et vernuschelt.
  • "Ech hale fir kee mäi Kapp dohin" (Rick) (I'll stick my neck out for nobody)
  • "Verhaft déi gewinnt Verdächteg!" (Polizeichef Renault) (Round up the usual suspects)
  • "Dat ass wuel den Ufank vun enger wonnerschéiner Frëndschaft" - "Louie, I think this is the beginning of a beautiful friendship." (Schluss)
 
Casablanca

Kommentaren zum FilmÄnneren

  • It's far from a great film,but it has a special appealingly schlocky romanticism.. Pauline Keal am: "5001 Nights at the Movies"
  • Seeing the film over and over again, year after year, I find it never grows over-familiar.... the more I know it, the more I like it Roger Ebert, deen de Film selbsverständlech a seng "Great Movies" agepecht huet.

D'HandlungÄnneren

De Film spillt matzen am Zweete Weltkrich. Frankräich war zum Deel vun Nazidäischland eruewert a besat, mä déi franséisch Kolonie Marokko nach net. Vill Mënsche sinn dowéinst op Marokko geflücht, a waarden zu Casablanca fir e Fliger op Lissabon a Portugal ze kréien a vun do an d'USA ze kommen.

Allerdéngs kommen déi meescht net aus Casablanca fort, well de korrupte Polizeichef d'Visaen nëmme géint Suen oder méi delikat Déngschtleeschtungen erausgëtt. Zu Casablanca huet den desillusionnéierten Amerikaner Rick Blaine säi Bistrot. Am "Rick's Café Américain" hale sech allerhand Leit op. Dunn daucht op eemol dem Rick seng fréier Frëndin op. Si hat hien zu Paräis eemol sëtze gelooss. Mä si ass net eleng. Bei hir ass den Ungar Victor Lazlo, eng wichteg Figur aus der Resitenz, deen aus engem KZ ugedréckt ass. De Lazlo kuckt verzweifelt fir un e Visa ze kommen, fir datt hie vu Marokko fort kéim. E weess, datt de Blaine un zwéi Visae koum, a probéiert him se ofzekafen. Souguer d'Ilsa kritt de Rick net dozou bruecht, fir dem Victor Lazlo déi Dokumenter ze verschafen. Mä domat ass de Film nach net grad fäerdeg.

D'Receptioun vum Film an den USAÄnneren

De Film, deem säin Dréibuch mat den Dréiaarbechte gewuess ass, huet vill vun engem typesche B-Film u sech. De Film huet 950.000 Dollar kascht. De Budget ass emol net duergaang, fir en echte Fliger an der Schlusszen ze filmen. De Modell am däischteren Hannergrond war aus Cartong, a fir datt d'Gréisst manner opfale soll, huet de Regisseur klenggewuesse Leit als Mecanicienen agesat. Fir ze vergläichen: Dem Sam Wood säin "To whom the Bell tolls" (Wem die Stunde schlägt) mam Gary Cooper an der Ingrid Bergman huet 1943 3 Milliounen Dollar kascht. No der Uropféierung am November 1942 huet kee Mënsch Grousses erwaart vu sou engem bëllege Film, vum deem d'Dréibuch zum Deel improviséiert war, a wou een an eenzelen Deeler matkritt, wéi d'Schauspiller sech derduerch péngegen. Am Joer 1943 koum et zu der Casablanca-Konferenz, wou de Winston Churchill an de Franklin D. Roosevelt hir weider Krichsustrengunge mateneen ofstëmme wollten. Sou ass den Numm vun der Stad weltbekannt ginn a Warner Bothers huet de Film nach eng Kéier ënner d'Leit bruecht. A sou koum et zum Weltsuccès.

D'Receptioun a WestdäitschlandÄnneren

Vun 1953 bis 1975 war de Film nëmmen an enger komplett zerstéckelter däitscher Versioun ze gesinn. An dëser ëm 24 Minutte geschniddener Fassong gouf et keen Nazi méi; keen SS-Majouer-Strasser; de Victor Lazlo war a kengem KZ gewiescht, well hie war dunn den norwegeschen Atomphysiker Larsen. Eréischt den ARD huet de Film 1975 gewisen als dat wat de Film wierklech ass: en amerikanesche Propagandafilm géint de Vichy-Regime an Nazidäitschland.

TrivialesÄnneren

  • Am Film spillt den Dooley Wilson (en Jazzdrummer) Piano an der Roll vum Sam. Mä a Wierklechkeet huet den Elliot Carpenter gespillt.
  • D'Virbild fir dem Rick säin Etablissement war den Hotel El Minzah zu Tanger.
  • De Marx Brothers Film "A Night in Casablanca" vum Archie Mayo sollt 1946 eng Parodie um Curtiz säi Film ginn, dat hunn d'Produzenten dunn awer net gemaach.
  • Fir all déi, déi d'Filmer e besse méi genee kucken: De Film ass strubbelvoll vun Dréiaarbechtsfeeler.
  • D'Michèle Morgan war virgesi fir d'Roll vun der Ilsa, mä si wollt 55.000 Dollar. Doropshin huet Warner d'Ingrid Bergman geholl, déi mat 25.000 Dollar zefridde war.
  • De Ronald Reagan sollt d'Roll vum Rick iwwerhuelen.

GielercherÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Casablanca (film) – Biller, Videoen oder Audiodateien