Bryce-Canyon-Nationalpark

De Bryce-Canyon-Nationalpark ass en Nationalpark, um Colorado-Plateau, am Südweste vun Utah, an de Vereenegte Staaten.

Erosiounsformen ("Hoodooen").
Thor's Hammer, ee vun de bekanntsten Hoodooen.
Fielszeechnungen am Park.

De Grond, firwat dës Landschaft als Nationalpark deklaréiert gouf, sinn déi faarweg Fielspyramiden a -sailen, déi sougenannt Hoodooen, déi um Bord vum Paunsaugunt-Plateau duerch Erosioun entstane sinn. Den Ofbroch vun deem Plateau leeft net linear, mä a Form vun engem Hallefkrees, engem "natierlechen Amphitheater". Ee vun dësen "Amphitheateren", déi fälschlecherweis als Canyon bezeechent ginn (e Canyon entsteet duerch e Floss, wat hei net de Fall ass), ass de Bryce Canyon. En ass bal 5 km breet, 19 km laang a läit 240 Meter méi déif wéi de Plateau.

De Bryce Canyon Nationalpark läit op enger Héicht vun 2400 bis 2700 Meter um Colorado-Plateau; deemno e gutt Stéck méi héich wéi den Zion-Nationalpark an de Grand Canyon-Nationalpark an der Noperschaft.

Ëm 1850 hu sech wäiss Siidler do néiergelooss, 1875 och e gewëssen Ebenezer Bryce, no deem e spéider den Numm krut. Den Nationalpark gouf 1924 als National Monument ernannt an 1928 als National Park deklaréiert. 2014 hu 1.435.741 Leit de Park besicht.

Duerch Erosioun sinn d'Hoodooen entstanen. Dat si stenge Sailen oder Pyramiden déi bis zu 60 Meter héich kënne ginn.

Haut kann een de Park iwwer den 29 km laange Scenic Drive besichen, deen op 13 Aussichtspunkte féiert, dorënner de Sunrise Point, Sunset Point, Inspiration Point an de Bryce Point. Méi südlech sinn d'Natural Bridge, de Rainbow Point an de Yovimpa Point. Et kann een och op ausgewisene Weeër derduerch wanderen.

Literatur änneren

  • Secrets in The Grand Canyon, Zion and Bryce Canyon National Parks. National Photographic Collections. Lorraine Salem Tufts, North Palm Beach Fl 31998, ISBN 0-9620255-3-4.
  • National Park Service: The Hoodoo. Fall, Winter, Spring edition 2003-2004.
  • National Park Service: Bryce Canyon visitors guide. (some public domain text in the biology section)
  • United States of America: Bryce Canyon National Park, Utah. A guide. Washington 1947.
  • Frank De Courten: Shadows of Time, the Geology of Bryce Canyon National Park. Bryce Canyon Natural History Association, Utah 1994, ISBN 1-882054-05-9.
  • Eugene P. Kiver, David V. Harris: Geology of U.S. Parklands. John Wiley & Sons, New York 51999, ISBN 0-471-33218-6.
  • Douglas A. Sprinkel, Thomas C. Chidsey Jr., Paul B. Anderson: Geology of Utah's Parks and Monuments. Utah Geological Association. Publishers Press., Salt Lake City Utah 2000, ISBN 0-9702571-0-4.
  • Robert C. Lindquist: The geology of Bryce Canyon National Park. Bryce Canyon Natural History Association, Utah 1977.

Um Spaweck änneren

Commons: Bryce Canyon National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Panorama vum Bryce Point