Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Päerdscourse ass eng Vitesskompetitioun tëscht Päerd mam Jockey am Suedel oder an engem Weenchen dee vum Päerd gezu gëtt. D'Päerdscoursse gi meeschtens op engem Hippodrom ausgedroen, seelen och an de Stroosse vun enger Uertschaft.

Päerdscourse an de Stroosse vun Dikrech 1948/1949
Päerdscourse am Arlington Park, 2007

Kategorië vu Päerdscourssen Änneren

Grouss bekannt Päerdscourssen an der Welt Änneren

Päerdscourssen zu Lëtzebuerg Änneren

Dikrech Änneren

Zu Dikrech, dat säin eegenen Hippodrom hat, sinn an der Zäit Päerdscourssen organiséiert ginn. Dat Dikrecher Päerdsrennen, wéi et genannt gouf, war iwwer d'Land eraus bekannt an huet vill Spectateuren ugezunn. Dat éischt Päerdsrennen zu Dikrech gouf 1895 organiséiert a gouf mat Ënnerbriechunge bis zum Zweete Weltkrich do vum Cercle hippique oganiséiert. Deemools louch den Hippodrom nach a Richtung Gilsdref laanscht d'Sauer, wat den Nodeel hat, datt den Hippodrom net virun Iwwerschwemmunge sécher war.

No 1945 ass d'Stad Dikrech, well et u Privatinitiative gefeelt huet, op eege Fauscht virgaangen an huet 1948 an 1949 Trabcourssen mat Gespan an de Stroosse vun Dikrech ofgehalen. 1950 ass dunn den neien Hippodrom, op der Miedernacher Strooss opgaangen, do wou haut d'Schwämm ass, an d'Päerdsrenne konnten dunn do ofgehale ginn. Well de lëtzebuergesche Publikum den Intressi u Päerdscoursse lues a lues verluer huet, gouf no 1956 drop verzicht, der nach zu Dikrech z'organiséieren.
Zu Huldang goufen och Ufanks de 50er Jore Päerdsrennen organiséiert.

Den Hippiques-Bal, deen all Joer an der Fuesent ofgehale gëtt, ass haut nach déi eenzeg Manifestatioun, déi un d'Dikrecher Päerdsrenne vu fréier erënnert.

soss doruechter Änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur Änneren

  • Klensch, Jules: Zum Pferderennen in Diekirch am 29.Juli 1928, Luxemburger Illustrierte, Nr. 14/1928, S. 208
  • Herr, Jos: Diekirch, 1985, S. 325

Kuckt och Änneren

Um Spaweck Änneren

Commons: Päerdscourssen – Biller, Videoen oder Audiodateien