D'Eechen, Quercus, sinn eng Gattung Beem aus der Famill vun de Fagaceae, déi an den nërdlechen, temperéierten Zonen, an an den héije Bierger an den Trope virkommen.

Eechen
Summereech
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Fagales
Famill Bicheplanzen
Wëssenschaftlechen Numm
Quercus
L.
Gustave Courbet (1843)

Sou gëtt et Eechen an Nordamerika, Mexiko, op de karibeschen Inselen, an Zentralamerika, a Kolumbien an Eurasien, an an Nordafrika. Déi meescht Zorte vun den Eeche gëtt et hautdesdaags an Nordamerika. D'Haaptursaach dofir ass d'Nordsüdorientéierung vun de grousse Biergketten um amerikanesche Kontinent. Déi geographesch Situatioun huet et erlaabt, datt d'Beem sech konnten an den Äiszäiten no Süde verzéien an duerno erëm konnten an den Norden eropkommen. Duerch d'Ost-West Orientéierung vun den héije Bierger an Europa war dat net méiglech, soudatt do vill Aarten ausgestuerwe sinn.

D'Eeche si bis elo an iwwer 800 Aarte beschriwwe ginn. Déi meescht Eeche hu Bamformen, an ongeféier d'Hallschent dovu behalen hir Blieder Summer wéi Wanter. D'Fruucht vun den Eechen ass d'Eechel.

An de Bëscher am Norde vun Europa zielen d'Summereech, an d'Wantereech zu den Haaptholzarten. Zanter ongeféier 1850 gëtt an Europa an de Bëscher déi amerikanesch Eechenaart Quercus rubra ugeplanzt. Am meeschte fënnt een do Quercus borealis, var. maxima.

Am Süde vun Europa, besonnesch a Südfrankräich, a Spuenien an a Portugal ass d'Korkeech doheem. Si gëtt do dacks a Plantage gezillt, an déi bescht Deeler vun hirer Schuel déi all 9-12 Joer erofgeschielt gëtt, gi fir d'Produktioun vu Fläschestëpp benotzt.

Eng aner Aart, déi et nach an de Bëscher vu Südeuropa gëtt, ass d'Flomeech.

Déi heefegst Aarten déi een an Europa an Alleeën a Parke ka gesinn änneren

  • Spatzbliedreg Eech, Quercus acuta Thunb.
  • Bambusbliedreg Eech, Quercus myrsinaefolia Bl.
  • Weideneech, Quercus phellos L
  • Ludwigseech, Quercus x ludoviciana Sarg. (= Q.phellos x Q.falcata)
  • Bartramseech, Quercus heterophylla Michx.f
  • Schëndeleech, Quercus imbricaria Michx.
  • Leaseech, Quercus x leana Nutt.
  • Waassereech, Quercus nigra L.
  • Black Jackeech, Quercus marilandica Münchh.
  • Fierwereech, Quercus velutina Lam. (= Q.tinctoria Barr.)
  • Scharlacheech, Quercus coccinea Münchh.
  • Suppeneech, Quercus palustris Münchh. Dovu stinn der e puer honnert zu Berlin am Regierungsquartier.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Quercus – Biller, Videoen oder Audiodateien