Europäesche Biber

Biberaart
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Den Europäesche Biber (Castor fiber), och Eurasesche Biber genannt, ass dat gréisst Knabberdéier an Europa. Seng Längt vum Kapp bis zum Schwanz ass 80 bis 102 cm an de Schwanz eleng ka bis 35 cm laang ginn.

Europäesche Biber
Europäesche Biber

Europäesche Biber
Europäesche Biber
Aner Sproochen: fr: Castor commun / Castor d'Europe
de: Europäischer Biber
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Knabberdéieren
Famill: Biberen (Castoridae)
Gattung: Castor
Wëssenschaftlechen Numm
Castor fiber
Linnaeus, 1758

Ausgewuessen Déiere weien tëscht 23 an 30 kg. Se liewe semiaquatesch a wunnen a Fléissgewässer an am Beräich vun den Uwänner. Si schaffen aktiv un hirem Liewensraum an erniere sech nëmme vu Planzen.

De Biber zu Lëtzebuerg änneren

Ronn 200 Joer laang war de Biber zu Lëtzebeurg ausgestuerwen. Wéinst sengem Pelz, sengem Fleesch an dem sougenannte "Bibergeil" - en Drüsesekret, deem eng heelend Wierkung a méi Potenz nogesot gouf - gouf e gejot an um Enn och ausgerott.

Duerch Auswëlderungsprojeten an der Belsch, an der Nordäifel, am Saarland an och laanscht d'Uewermusel a Frankräich an den 1980er an 1990er Joren huet sech de Bestand nees erholl. Eenzeldéieren hunn de Wee op Lëtzebuerg fonnt an ufanks vun den 2010er Jore gouf et dunn och bei eis nees eng kleng Biberpopulatioun.

2022 ass de Biber haaptsächlech un der Uewersauer, der Uelzecht, der Äisch an un der Atert ze fannen. Enn 2021 goufen 80 Revéiere gezielt. 2019 waren et der just 38. Et geet een dann och dovun aus, dass e sech nach weider wäert ausbreeden.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Castor fiber – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Internationaler Tag des Bibers: Monitoring 2021 − 80 Biberreviere kartiert." Communiqué vun der Naturverwaltung, 07.04.2022, op gouvernement.lu.