Waasserbëlleg
lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Mäertert
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Waasserbëlleg ass eng Uertschaft an der Gemeng Mäertert
Waasserbëlleg | |
---|---|
D'Gemengenhaus vun der Gemeng Mäertert, zu Waasserbëlleg | |
An anere Sproochen |
fr: Wasserbillig de: Wasserbillig |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Gréiwemaacher |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Jérôme Laurent (LSAP) |
Awunner | 3000 |
2011 | |
Héicht | 132 m |
Koordinaten |
49° 42’ 47’’ N 06° 29’ 53’’ O |
Websäit | http://www.mertert.lu/accueil |
Geographie Änneren
Waasserbëlleg läit op der Sauer an op der Musel.
D'Spatz, wou d'Sauer an d'Musel leeft, ass den déifste Punkt vu Lëtzebuerg mat 130 m.
Op der anerer Säit vun deenen zwéi Flëss, an Däitschland, leien d'Bëllegerbréck an Uewerbëlleg (Oberbillig).
Waasserbëlleg ass de Sëtz vun der Gemeng Mäertert.
De Grenzhandel, besonnesch den Tanktourismus, droen zu engem groussen Deel vum Akommes bäi: Tëscht Mäertert a Waasserbëlleg stinn eng gutt Dose Bensinnspompelen.
Archeologie Änneren
Op der Spatz, dat ass do wou d'Sauer an d'Musel leeft, gouf 1885 eng Transenna aus dem 4. / 5. Joerhonnert fonnt. Et goufen och d'Reschter vun der fréierer Mäerteskierch a vu Merowengergriewer fonnt.[1]
Kuckeswäertes Änneren
- Den Aquarium
- D'Kierch Waasserbëlleg
Bibliographie Änneren
- Hansen, Frank.: Die Wasserbilliger Bevölkerung im Zeitvergleich (1796 - 2005) - In: Harmonie Wasserbillig, 125e anniversaire: 1879 - 2004. - Wasserbillig: Harmonie ; 2005. - P. 141-143, ill., tabl., graph.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Waasserbëlleg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen Änneren
- ↑ Krier, J. Frühchristliche Transenna, in: Die Römer an Mosel und Saar. Zeugnisse der Römerzeit in Lothringen, in Luxemburg, im Raum Trier und im Saarland. Ausstellungskatalog, Mainz, 21983 (= Schriftenreihe der Regionalkommission Lothringen, Luxemburg, Rheinland-Pfalz, Saarland 8), S. 355
Schaaff, H. Die Altertümer der Merowingerzeit im Großherzogtum Luxemburg. Luxemburg, 1993 (= Dossier d'Archéologie du Musée National d'Histoire et d'Art 2), S. 83-85
Schwinden, L. Chorschrankengitter mit frühchristlicher Inschrift FO Wasserbillig, in: H.-P. KUHNEN (Hrsg.), Religio Romana. Wege zu den Göttern im antiken Trier. Ausstellungskatalog. Trier, 1996 (= Schriftenreihe des Rheinischen Landesmuseums Nr. 12), Nr. 74, S. 269f..