Dräifaltegkeetssail vun Olomouc

D'Dräifaltegkeetssail (Tschechesch: Sloup Nejsvětější Trojice) vun Olomouc (däitsch: Olmütz), ass eng 35 Meter héich Sail am Barockstil, déi vu 1716 bis 1754 op der Horní náměstí ("Iewescht Plaz") an der mierescher Stad opgeriicht gouf, aus Dankbarkeet fir d'Eradikatioun vun der Pescht am Joer 1716.

D'Dräifaltegkeetssail

Si gouf 2000, ënnert der Referenznummer 859, an d'UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen opgeholl.

De Plang fir sou eng Peschtsail opzeriichten, geet op de Steemetzer Wenzel Render zeréck. No sengem Doud goufen d'Aarbechte vum Franz Thoneck, Johann Wenzel Rokický a vum Augustin Scholtz virugefouert. D'Skulpture si vum Phillip Sattler a vum Andreas Zahner. Déi vergëllt Figuregrupp vun der Dräifaltegkeet uewendrop ass vum Goldschmadd Simon Forstner. Alleguer ware si vun Olomouc.

Den 9. September 1754 gouf d'Sail a Presenz vun der béimescher Kinnigin Maria Theresia an hirem Mann Franz Stephan vu Loutrengen feierlech ageweit.

1758 gouf d'Sail, wärend der preisescher Belagerung vun der Stad, duerch Artillerie beschiedegt. Dorun erënnert eng gëlle Kanounekugel, déi uwen an der Sail agebaut gouf.

Architektur änneren

D'Dräifaltegkeetssail huet e kreesfërmege Plateau mat engem Duerchmiesser vu 15 Meter. Drop ze gesi sinn, op 3 Stäck, Reliefer vun den 12 Apostelen, den Theologeschen Dugenden, sou wéi 18 Hellegefiguren. ënnert hinne sinn de Bommenzinnes, den Adalbert vu Prag an de Wenzel vu Béimen sou wéi och d'Slawenapostele Kyrill a Method.

Op der Spëtz vun der Sail ass eng vergëllt Representatioun vun der Dräifaltegkeet, an do drënner den Äerzengel Méchel. Virdrop ass och nach eng weider vergëllt Figuregrupp, déi d'Himmelfahrt vun der Maria representéiert.

Galerie änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dräifaltegkeetssail vun Olomouc – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur änneren

  • Marek Perůtka (Hrsg.): Sloup Nejsvětější Trojice v Olomouci. Statutární město Olomouc, Olomouc 2001, ISBN 80-238-7403-9.
  • Petr Los, Jitka Brabcová: Svatí na sloupu Nejsvětější Trojice v Olomouci. = Saints on the Holy Trinity Column in Olomouc. = Die Heiligen der Dreifaltigkeitssäule in Olmütz. Danal – Regionální agentura pro rozvoj Střední Moravy, Olomouc 2002, ISBN 80-85973-94-4.