Provënz Limburg (Belsch)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Provënz Limburg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Limburg. |
Limburg ass eng vun den 10 belsche Provënzen, am Nordoste vum Land. Se grenzt un Holland (am Norden an am Osten), méi genee un d'hollännesch Provënze Limburg an Nordbrabant, an, an der Belsch, am Westen un d'Provënz Antwerpen an un de Flämesche Brabant an am Süden, a Wallounien, un d'Provënz Léck. Zu der Provënz Limburg gehéiert och Voeren (fr.Fourons), eng Enklav tëscht Holland an der Provënz Léck, déi ëmmer nees fir Problemer am belsche Sproochesträit geféiert huet.
Provënz Limburg | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Land | Belsch |
Regioun | Flandern |
Communautéit | Flämesch |
Chef-lieu | Hasselt |
ISO 3166-2 | BE-VLI |
Awunner | 870.880 (1 Januar 2018) |
Fläch | 2.422,14 km² |
Arrondissementer |
Arrondissement Hasselt Arrondissement Maaseik Arrondissement Tongeren |
Websäit | http://www.limburg.be |
![]() | |
D'Provënz ass 1839 entstanen, wéi, duerch den Traité vu London, d'Provënz Limburg tëscht Holland an der Belsch gedeelt gouf, woubäi d'Meuse als Grenz geholl gouf.
Allgemenges änneren
Gemengen änneren
D'Provënz Limburg huet 44 Gemengen:
Arrondissement vun Hasselt änneren
Arrondissement vu Maaseik änneren
Arrondissement vun Tongeren änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Limburg (Province of Belgium) – Biller, Videoen oder Audiodateien |