Schuerelser Schlass

Buergruin an de Gemenge Rammerech a Wal

D'Schuerelser Schlass ass eng Buergruin an der Gemeng Rammerech am Kanton Réiden.

Schuerelser Schlass
D'Schuerelser Schlass bei Éischt
Typ Buerg,
Ruin
Land Lëtzebuerg
Gemeng Rammerech
Koordinaten 49°49'50"N, 5°52'53"O
Proprietär Privat
Fielszong vum Schuerelser Schlass, lénks d'Breschterbaach, riets d'Baach déi vum Réidengshaff kënnt. Vue a Richtung NNW.
Lag op der Ferrariskaart vu 1777 (wäisse Fleck zentréiert iwwer den ënneschte Rand)[1]

Den Numm vun der Buerg

änneren

Nieft dem hei benotzte Lemma Schuerelser Schlass waren oder si follgend Bezeechnungen am Gebrauch: op Lëtzebuergesch Schorels[2]; op Franséisch chastel de Scoreweltz. D'Buerg zielt zu deene wéinege Buergen am Land, déi net no enger Uertschaft benannt goufen. Iwwer den Urspronk an d'Bedeitung vun den Nimm ass näischt bekannt. Op kartographeschem Material gëtt et d'Bezeechnungen Schuerelerschlass a Schuerelerknupp.[3]

Geographie

änneren

D'Buergruin steet am Bësch op enger 70 m laanger a 30 m breeder an nordnordwest-südsüdost ausgeriichter Fielszong tëscht Éischt a Wal, um südlechen Enn vun der Schuerelserknupp op enger Héicht vu ronn 425 m, eng 30 m nordnordwestlech vun der Plaz ewech, wou d'Breschterbaach an eng Baach, déi vum Réidengshaff kënnt, zesummelafen.

D'Anlag, déi a Privatbesëtz ass, ass fräi zougänglech. Et erreecht ee s'iwwer e Feldwee, dee säin Ufank um Enn vun der Rue du Château (bei der Kapell vun Éischt) huet, an dann no ronn 1.500 Meter an e Bëschwee iwwergeet. An der Entrée vum Bësch kann een den Auto stoe loossen, an de Rescht zu Fouss iwwer de Bëschwee maachen. No zirka 500 Meter an den Dall erof kënnt een, do wou de Wee eng 180 Grad Kéier mécht, op d'Plaz wou déi zwou Baachen zesummefléissen. Vun do féiert e schmuele Pad iwwer Träppleken erop bis bei d'Buerg.

Net wäit ewech, op hallwem Wee tëscht Éischt a Wal läit op der Kopp um Kaassel eng Schutzbuerg.

Beschreiwung vun der Anlag

änneren
 
Bannent dem Haaptwunntuerm vun der Buerg. Un de Fënstere si Restauréierungsaarbechten aus den 1980er Joren z'erkennen.
 
Grondmauere vum Entréestuerm südlech baussen der Kärbuerg.

D'Buergruin steet op enger protohistorescher Wieranlag. Vum Héichplateau hier zitt sech en duebele Wall bis ronderëm d'Fielszong. Virun der Buerg ass e Querwall mat engem 14 × 5 m grousse Gruef nach z'erkennen, mat Iwwerreschter vu Schëldmauer, Paart, Wirtschaftsgebaier, Buer a Virbuerg.[4]

Vun der Kärbuerg, déi direkt op der Fielszong steet, stinn nëmme méi dräi Baussemaueren (Nord-, Süd- a Westsäit) mat dräi erhale Fënsteren. Déi baussenzeg Dimensioune vun dësem haleméissegen Haaptgebai sinn: 21,50 × 11,50 m. De Banneraum, an deem d'Vegetatioun sech breet mécht, ass ronn 15,50 m laang a 7,20 m breet. D'Mauere sinn tëscht 2 an 3,50 m staark.

Op der südlecher Baussesäit gëtt et Iwwerreschter vun engem méi klengen Tuerm, am Osten Deeler vun enger relativ staarker Rankmauer.

Déi meterdéck Mauere sinn aus Schifer. D'Architektur vun der Buerg ass einfach, robust an trotzeg. Si deit op keng representativ Zwecker hin.

Déi net fachgerecht ausgeféiert Restauréierungsaarbechten un den dräi Fënstere konnten op dat 20. Jh. datéiert ginn, well Héichuewenzement dobäi agesat gouf.

Deen haut verschwonnene Kamäin war héchstwahrscheinlech an der 3,50 m staarker Nordmauer.

Vun der Ostmauer si just Sockelsteng vun enger 1,10 m breeder Dier erhalen.

Déi baussenzeg Rankmauer, vun där op der West- a Südsäit déi ënnescht Steeloen erhale sinn, huet sech ronderëm en Areal vun 20 × 42 m gezunn. De Rondgank tëscht Kärbuerg a Rankmauer ass am Duerchschnëtt 2,5 m breet.

Ëm 1980 goufen am Optrag vum Staat Restauréierungsaarbechten ugefaangen, déi awer no kuerzer Zäit nees ofgebrach goufen.

Geschicht

änneren

Iwwer d'Schlass- oder Buergruin gëtt et keng bekannt historesch Dokumenter.[5] Nom Jean-Pierre Koltz[6] hunn d'Häre vun Useldeng am Joer 1292 Éischt kaaft, méiglecherweis fir an dem entleeënen Dall, op der Schuerelser Knupp eng Flucht- a Schutzbuerg ze bauen, wa si sech vu Raubritter an anere Geforen a Sécherheet brénge wollten. Donieft huet si wuel och als Ënnerdaach bei enger Juegd vun e puer Deeg gedéngt. Et schéngt awer sécher, datt d'Schuerelser Schlass ni als eegen Herrschaft bestanen huet.

E puer Informatiounen (ouni Quellenangaben) sinn op enger Etikett vun engem Wäin, deen ënner dem Markennumm Chastel de Schuerels verkaaft gëtt, ze fannen:[7]

Schuerels Die geheimnisvolle Burg
Wir stehen vor einem Rätsel, in keinem uns bekannten Dokument wird die Burg erwähnt. Fest steht nur, dass die Burg nie als eigene Herrschaft bestand. Das Territorium um Hostert und Wahl gehörte seit jeher zur Herrschaft Useldingen. Belegt ist, dass im Jahre 1295 Kuno von Ouren die Dörfer Vichten, Pratz und Eschette seinem Vetter Robert von Useldingen verkaufte. 1298 erwarb derselbe Robert noch das Dorf Folscheid vom Edelknecht Walter von Esch. Es wird vermutet, dass die Zeit um 1300 für den Bau der Burg in Betracht gezogen werden kann.

Den 3. Abrëll 2023 goufen d'Ruine vum Schlass als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[8]

D'Schuerelser Schlass an der Literatur

änneren

Ëm d'Buerg gëtt et eng Legend vun engem Gespenst a Suefälscher, déi an zwou Erzielungen agefloss sinn:

  • Das Gespenst von Schorels, vum Theodor Zenner (1944);
  • Das Geheimnis der Schieferburg: eine abenteuerliche Geschichte, vum Albert Gricius (1946).

Illustratiounen

änneren

Literatur

änneren
  • Friedrich, Evy, 1975. Die Burg, die fast keiner kennt. Tageblatt Nr. 185: 6.
  • Gricius, Albert, 1946. Das Geheimnis der Schieferburg: eine abenteuerliche Geschichte. Ill.: Rolf Bauer. Verlag Otto Walter, Olten. 212 S.[10]
  • Grob, Jacques, 1921. Dénombrements des feux des Duché de Luxembourg et Comté de Chiny. Tôme premier: documents fiscaux de 1306 à 1537. Publ. avec des additions et corrections de Jules Vannérus. Bruxelles: Librairie Kiessling. XI, 796 p. [Schorels: S. 67, 465]
  • Heser, Albert[11], 1954. Das Geheimnis der Schieferburg. 143 S. Arena-Verlag, Würzburg.[12]
  • Koltz, Jean-Pierre, 1964. Die luxemburgischen Burgen. In: Burgen und Schlösser in Lothringen und Luxemburg. Frankfurt-am-Main. [Schorels S. 167]
  • Koltz, Jean-Pierre, 1975. Les châteaux historiques du Luxembourg. [photographies: Tony Krier ; essai historique: Jean-Pierre Koltz ; préf.: Gaston Thorn ; contribution: Carlo Hemmer]. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul. 231 p. [Schorels: S. 180]
  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute: ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder]. 271 p. Luxembourg: RTL Édition. [Schorels S. 101]
  • Milmeister, Jean, 1970. Die Geschichte der Schieferburg. Revue Nr. 36: 5, 9.
  • Milmeister, Jean, 1975. Notre patrimoine culturel méconnu: les ruines du château de Schorels. Luxemburger Wort Nr. 179: 4.
  • Schindler, Reinhard & Karl-Heinz Koch, 1977. Vor- und frühgeschichtliche Burgwälle des Grossherzogtums Luxemburg. Mainz am Rhein: Ph.v. Zabern. 61 S. [Schorels S. 31-32]
  • Unsen, Mathias, 1997. 25e anniversaire DT Hostert / Folschette, 1972-1997.[Source?]
  • Zenner, Theodor, 1944. Gruselige Geschichten: für schlaflose Nächte ärztlich untersagt. 72 S. Verlag Charles Hermann, Lëtzebuerg-Gare. [Erzielung Das Gespenst von Schorels: S. 25-38]
  • Zimmer, John, 1996. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 2: Die Burgen von A-Z. Éditions Saint-Paul, Luxembourg. ISBN 2-919883-07-0. [Schorels S. 148-151, 6 Abb.]

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Schuerelser Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Quell: http://belgica.kbr.be/fr/coll/cp/cpFerrarisCarte_fr.html
  2. Den Numm Schorels gëtt vu Krantz & Quintus 1984 benotzt, cf. Literatur.
  3. Carte topographique TC8 Rambrouch, 1:20.000, Lëtzebuerger Kadaster.
  4. Quell: Krantz & Quintus 1984 an der Literatur.
  5. Quell: Zimmer 1996: 149.
  6. Cf. Koltz 1964 an der Literatur.
  7. Cf. d'Internetsäit iwwer de Chastel de Schuerels: Le nom de marque « Chastel de Schuerels » ® a été emprunté d'un lieu-dit dans les forêts, 5 min. de Eschette dans la commune de Rambrouch. Les historiens sont incertains de l'usage du bâtiment qui peut être daté dans le 12e ou 13e siècle, mais il s'agissait d'une dépendance, fort probablement, des seigneurs d'Useldange. Le nom « Chastel » est du Français ancien, et veut dire « Château », aussi origine du mot anglais « Castle ».
  8. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  9. D'Bild gouf vum Parking vun der Entreprise Unsen zu Éischt aus opgeholl.
  10. Eng 'erbaulech' Erzielung fir Jonker: e Scoutsgrupp huet e Lager bei enger 'Schiferbuerg' am Éislek opgeriicht an entdeckt eng Brigangsband, déi an engem ënnerirdesche Raum vun der Buerg falsch Sue fabrizéiert. Mat de Jonken hirer Hëllef geléngt et der Police, zesumme mat engem Privatdetektiv, d'Band opfléien ze loossen. Den Numm vun der Buerg gëtt net genannt, et ass awer sécher d'Schuerelser Schlass gemengt. Cf. Milmeister 1975 an der Literatur.
  11. Pseudonym vum Albert Gricius.
  12. Neioplo vum Buch vu Gricius 1946. Quell: S. 224 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.