1. Mee
Datum
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kalennerdag vum 1. Mee. Fir den Dag vun der Aarbecht, kuckt wgl. Éischte Mee. |
<< | Mee | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 | ||||
2023 |
Den 1. Mee ass den 121. Dag vum Joer (122. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
EvenementerÄnneren
- 305: De réimesche Keeser Diokletian trëtt zeréck an zwéngt de Maximian dat selwecht ze maachen.
- 1707: England, Schottland a Wales ginn zu Groussbritannien vereenegt.
- 1961: Lescht Faart vum Märeler Tram.
- 1991: Flutkatastroph am Bangladesch; et gëtt geschat, datt 500.000 Leit ëm d'Liewe komm sinn.
- 2000: An Island gëtt de Staatspresident Ólafur Ragnar Grímsson erëmgewielt.
- 2004: 10 Länner (Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, d'Slowakei, Slowenien, d'Tschechesch Republik, Ungarn an Zypern) trieden der Europäescher Unioun bäi.
SportÄnneren
- 1958: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 4:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nicolas Kettel, Ernest Jann a Camille Dimmer (2) geschoss.[1]
- 1963: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Mulhouse 0:4 géint Frankräich.[2]
- 1968: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint d'Belsch.[3]
- 1975: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976 1:3 géint Wales. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul Philipp geschoss.[4]
- 1979: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 0:3 géint Tschechoslowakei.[5]
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 1:0 géint Thailand. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Clemens geschoss.[6]
- 1981: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 1:2 géint Dänemark. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Alain Nurenberg geschoss.[7]
- 1984: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Ettelbréck 0:2 géint Norwegen.[8]
- 1985: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:1 géint Jugoslawien.[9]
GebuerÄnneren
- 1218: Rudolf I. vun Habsburg, réimesch-däitsche Kinnek.
- 1798: Edward Joshua Cooper, ireschen Astronom.
- 1830: Guido Gezelle, flämeschen Dichter.
- 1852: Calamity Jane, US-amerikanesch Western-Heldin.
- 1902: Mathias Erang, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 1908: Giovannino Guareschi, italieenesche Journalist, Karikaturist a Schrëftsteller.
- 1916: Glenn Ford, kanadesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 1917: Danielle Darrieux, franséisch Schauspillerin.
- 1933: Mathias Schiltz, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Generalvikar an Auteur.
- 1944: André Braun, lëtzebuergesche Bouschéisser an Olympionik.
- 1954: Georges Ravarani, lëtzebuergeschen Affekot a Magistrat.
- 1955: Ricky Tognazzi, italieenesche Schauspiller a Regisseur.
- 1956: Catherine Frot, franséisch Schauspillerin.
- 1960: Gast Groeber, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1963: Vera Spautz, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1965: Blanche Weber, lëtzebuergesch Soziologin an Ëmweltaktivistin.
- 1972: Monique Tarantini-Osweiler, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1975: Yves Cruchten, lëtzebuergesche Politiker.
- 1989: Charlotte Bettendorf, lëtzebuergesch Reiderin.
- 1992: Myriam Jacobs, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
GestuerwenÄnneren
- 1308: Albrecht I. (HRR), réimesch-däitsche Kinnek an Herzog vun Éisträich.
- 1850: Jean Charles Beving, lëtzebuergesche Gierwer a Gemengepolitiker.
- 1860: Nicolas de Cassal, lëtzebuergeschen Adlegen.
- 1872: Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, Fra vum Prënz Henri, dem Läitnant-Gouverneur vu Lëtzebuerg.
- 1872: Alphonse Claude du Pasquier, lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär.
- 1874: Michel Witry, Notaire a Politiker.
- 1891: Eduard Schönfeld, däitschen Astronom.
- 1900: Mihály Munkácsy, ungaresche Moler.
- 1904: Antonín Dvořák, tschechesche Komponist.
- 1918: Jean Schortgen, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1934: Pierre Olinger, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 1935: Henri Pélissier, franséische Vëlossportler an Tour de France-Gewënner.
- 1937: Fritz Mersch, lëtzebuergeschen Affekot, Politiker an Distriktskommissär.
- 1944: Jizchak Katzenelson, jiddeschen Auteur.
- 1945: Joseph Goebbels, däitschen Nationalsozialist, "Reichspropagandaleiter".
- 1971: Jängi Hopp, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 1973: Jules Mersch, lëtzebuergesche Publizist.
- 1978: Aram Chatschaturian, sowjetesche Komponist.
- 1991: Richard Thorpe, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- 1993: Pierre Bérégovoy, franséische Politiker a Premierminister.
- 1994: Ayrton Senna, brasilianesce Formel-1-Pilot.
- 2000: Steve Reeves, US-amerikanesche Schauspiller a Bodybuilder.
- 2011: Osama Bin Laden, Grënner vum Al-Qaida-Terrornetzwierk.
- 2016: Madeleine Lebeau, franséisch Schauspillerin.
- 2017: Pierre Gaspard-Huit, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2019: Alessandra Panaro, italieenesch Schauspillerin.
- 2019: Pierre Berchem, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 2021: Olympia Dukakis, US-amerikanesch Schauspillerin.
FeierdeegÄnneren
- Den 1. Mee gëtt a ville Länner als Dag vun der Aarbecht gefeiert.
Um SpaweckÄnneren
Commons: 1. Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 1. Mee 1958 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg vum 1. Mee 1963 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Mee 1968 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wales den 1. Mee 1975 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslowakei den 1. Mee 1979 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Thailand-Lëtzebuerg den 1. Mee 1980 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Dänemark den 1. Mee 1981 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen den 1. Mee 1984 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 1. Mee 1985 op der Websäit European Football