Manderen ass eng franséisch Uertschaft a fréier Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Manderen
center}}}
Manderen vum Schlasswee aus gesinn

Manderen vum Schlasswee aus gesinn
Manderen vum Schlasswee aus gesinn
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Diddenuewen
Kanton Bouzonville
Gemeng Manderen-Ritzing
Koordinaten 49° 27’ 03’’ N
      06° 26’ 13’’ O
Fläch  892 ha
Bevëlkerung  610[1] (2021)

Zanter dem Regruppement vum 1. Januar 2019 mat der Gemeng Ritzing gehéiert s'als delegéiert Gemeng zu der neier Gemeng Manderen-Ritzing[2]. D'Uertschaft Manderen ass Chef-lieu vun der neier Gemeng.

Geschicht änneren

D'Seigneurie Manderen ënnerstoung uganks den Herzoge vu Loutrengen a gouf 1346 ënner dem Jang de Blannen e Lëtzebuerger Fief.

Virun der franséischer Revolutioun war Manderen eng Enklav a Loutrengen an huet als Dependance vu Lëtzebuerg zu den Éisträicheschen Nidderlande gehéiert. Nodeems Frankräich d'éisträichesch Provënzen eruewert hat, goufen se bei de franséischen Territoire derbäi geprafft. Manderen huet dunn zum Departement Forêts gehéiert. Wéi dëst Departement an Arrondissementer a Kantonen opgedeelt gouf, huet Manderen zum Kanton Réimech am Arrondissement Lëtzebuerg gehéiert[3][4].

Nodeems d'Departementer Forêts a Sarre den 30. Mee 1814 duerch den Éischte Friddenstraité vu Paräis ofgeschaaft goufen, war Manderen am Departement Moselle enklavéiert, net wäit ewech vum Grenzverlaf wéi en duerch d'Verträg vun 1814 an 1815 festgeluecht gi war. D'Musel huet d'Grenz tëscht dem neie Kinnekräich vun den Nidderlanden an dem preisesche Großherzogtum Niederrhein gemaach a Mandere louch um rietse Bord vun de preisesche Besëtzer. D'Regierung zu Berlin war der Meenung Rechter iwwert d'Duerf ze hunn an huet et eréischt duerch d'Grenzofkommes tëscht Preisen a Frankräich vun 1829 definitiv u Frankräich ofginn[4].

Nopeschgemengen an Uertschaften änneren

Kuckeswäertes änneren

Op der Kopp vum Meinsberg, um Terrain vu Manderen, steet déi sougenannt "Buerg Malbrouck", eng renovéiert mëttelalterlech Buerg déi, historesch gesinn, ëmmer zum Herzogtum Loutrengen gehéiert huet. D'Duerf Manderen, dogéint, huet zu Lëtzebuerg gehéiert.

Literatur änneren

  • Edouard Marc Kayser: "Manderen, ancienne enclave luxembourgeoise en Lorraine, et le château de Meinsberg - Esquisse d'histoire locale"; in: récré 8; Dikrech, APESS-Verlag, 1992

Biller änneren

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Manderen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. nombre-d-habitants Manderen sur ville-data.com, Nombre d'Habitants Manderen 2021 Population. ville-data.com. Gekuckt de(n) 2021-09-06.
  2. Arrêté préfectoral du 20 novembre 2018 portant création de la commune nouvelle de Manderen-Ritzing. Recueil des actes administratifs de la Moselle (20.11.2018). Gekuckt de(n) 05.09.2021.
  3. arrêté consulaire du 15 ventôse an X
  4. 4,0 4,1 Le Territoire du département de la Moselle. Histoire et statistique - Louis Emmanuel de CHASTELLUX (1860)